Gemeng Wolz
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Wolz zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Wolz (Homonymie). |
Gemeng Wolz | |
---|---|
D'Gemengenhaus vu Wolz | |
De Logo vun der "Haaptstad vun den Ardennen" | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Wiltz de: Wiltz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Wolz |
Chef-lieu | Wolz |
Buergermeeschter | Carole Petitnicolas-Weigel (CSV) |
Awunner | 8.102 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 39,25 km² |
Héicht | 477 m |
Koordinaten |
49° 57’ 58’’ N 5° 55’ 57’’ O |
LAU-Code | LU0807 |
Websäit | https://www.wiltz.lu |
D'Gemeng Wolz (lokal: Wooltz) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Stad Wolz vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Uertschaften an der fréierer Gemeng Wolz:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Eeschwëller:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Wolz:
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Eeschwëller:
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Duerch d'Gesetz vum 24. Februar 1843 krut d'Gemeng d'Recht den Titel Stad ze droen.
Den 1. Januar 2015[2] ass d'Gemeng Eschweiler mat der Gemeng Wolz zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. Déi zwéi Gemengeréit haten de 24. Februar 2014 dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eschweiler ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[3] D'Gesetz dozou ass den 19. Dezember 2014 gestëmmt ginn.[4]
-
Eschweiler...
-
... a Wolz
-
...fusionéieren zu Wolz
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen a Logo
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: écartelé, au I burelé d'argent et d'azur à un lion rampant de gueules couronné, lampassé et armé d'or, au II de gueules à un caducée d'argent posé en bande, au III de gueules à une ancre d'argent posée en bande, au IV d'azur à une ruche d'or et des abeilles volantes du même. L'écu surmonté d'une couronne antique de comte à huit fleurons, dont cinq seulement visibles. | |
Zanter 2010 huet d'Gemeng Wolz en eegene Logo, dee fir eng modern Stad mat ville Facetten an enger multikultureller Populatioun steet. Déi gréng Faarf bezitt sech op déi vill Park- a Grénganlagen an der Stad a fir d'Bëscher ronderëm, matzen an de Lëtzebuerger Ardennen[6]. |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot gëtt nom Proporzsystem gewielt. E besteet zanter 2017 (an no der Fusioun mat Eschweiler) aus 13 Conseilleren; virdru waren et der 11.
De Schäfferot gëtt zanter 2023 vun enger CSV-DP-Koalitioun gestallt. 2017 war et eng Koalitioun vun LSAP an CSV, an dee vu virun der Fusioun vun der LSAP.
Op Grond vum Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gëtt d'Carole Petitnicolas-Weigel (CSV) nei Buergermeeschtesch.[7]
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|
2005 | 3 | 2 | 6 |
2011 | 3 | 2 | 6 |
2017 | 5 | 2 | 6 |
2023 | 5 | 3 | 5 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren[8]
[änneren | Quelltext änneren]- ...
- 1844 - 1847: Jacques Spedener[9][10]
- 1847: Jean Joseph Georges Faber[10],[11]
- ...
- 1900 - 1909: Max Schmeltzer
- 1909 - 1924: Charles Mathieu
- 1925 - 1934: Eugène Thilges
- 1934 - 1934: François Lambert
- 1935 - 1941: Joseph Simon
- 1944 - 1945: Joseph Simon
- 1946 - 1957: Nicolas Kreins
- 1958 - 1963: Alphonse Schiltges
- 1964 - 1964: Nicolas Kreins
- 1964 - 1967: René Miller
- 1967 - 1969: Joseph Merres
- 1970 - 1981: Emile Gerson
- 1982 - 1987: Jean-Pierre Dichter
- 1988 - 1993: André Biver
- 1994 - 1999: John Muller
- 2000 - 2009: Romain Schneider
- 2009 - 2023: Fränk Arndt
- zanter 2023: Carole Petitnicolas-Weigel
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Schlass Wolz
- Jardin de Wiltz
- Nationaalt Streikmonument: zur Erënnerung un de Streik vum 31. August an 1. September 1942
- Rodange-Reenert-Kulturwee mat dem Michel-Rodange-Monument am Schoulbierg
- Musée vun der Ardennenoffensiv
- Brauerei- a Gierwereimusée Wolz
- Blosmuseksmusée an der Villa Faber
- Geriichtskräiz bei der Gemeng
- Kierch Nidderwolz
- Kierch Wolz
- Monument Notre-Dame vu Fatima
Kulturelles
[änneren | Quelltext änneren]- De Kino Prabbeli
- De Wëlzer Festival all Joer am Juni-Juli;
- d'Gënzefest all Joer op Päischtméindeg. E Cortège mat der Gënzekinnigin zitt vun der Uewerstad erof an d'Ënnerstad vu Wolz.
Jumelagen
[änneren | Quelltext änneren]- Wolz ass zanter dem 22. Juni 2005 mat der nordportugisescher Stad Celorico de Basto, net wäit vu Porto ewech, jumeléiert.
- Zavidovići a Bosnien an Herzegowina,
- De 17. Juni 2006 huet Wolz e Pacte d'Amitié mat der belscher Stad Baaschtnech ënnerschriwwen.
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Wolz ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Economie circulaire
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2015 huet d'Gemeng Wolz de Statut als "hotspot communal de l'économie circulaire".[12] Zil ass et, fir d'Prinzipie vun der Economie Circulaire, och "Kreeslafwirtschaft" genannt, no an no an alle Beräicher vum deegleche Liewen anzebannen. 2018 huet de Gemengerot eng entspriechend Charta ënnerschriwwen[13], an där eng Rei vu Moossname genannt ginn, déi ëmgesat solle ginn. Als Haaptprojet gëllt de Bau vun engem neie Quartier mam Numm "Wunne mat der Wooltz"[14] an Zesummenaarbecht mam Fonds du Logement, dee ganz no de Prinzippie vun der Economie Circulaire soll opgebaut ginn a bei dem eng 780 Logementer entstoe sollen.
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- François Alesch (*1952), Dokter a Chirurg
- René Arend (1928-2016), Kach
- Fränk Arndt (*1959), Politiker
- Carlo Back (*1952), Physiker a Politiker
- Jacques Bernard (1797-1882), Nottär, Magistrat a Politiker
- Franz Binsfeld (1891-1956), Auteur
- Alex Boever (1892-1971), Ingenieur
- René Brück (1924-2002), Ingenieur, Industriemanager a Russlandkenner
- Rob Deltgen (*1950), Fotograf an Genealogie-Fuerscher
- Philippe Ernzer (*1998), Entreprener am Beräich Meteorologie
- Georges Everling (1907-1944), Beamten, Scout a Resistenzler
- Michel Ewen (1902-1974), Resistenzler a Politiker
- Jean Joseph Georges Faber (1806-1882), Gierwer a Politiker
- Claude Fontaine (1940-2000), Graphiker a Moler
- Dana Gales (*1991), Schwëmmerin
- Johnny Glesener (1914-1989), Pianist an Arrangeur
- Joseph Glesener (1862-1935), Industriellen
- Albert Hansen (*1941), Jurist
- Christophe Hansen (*1982), Politiker
- Martine Hansen (*1965), Politikerin
- Tessy Hetting (*1986), Basketballspillerin
- Edmond Joseph Klein (1866-1942), Naturwëssenschaftler
- Eugène Kuborn (1902-1991), Schwëmmer an Olympionik
- Adolphe Kunnen (1890-1956), Magistrat a Member vum Staatsrot
- Roger Leiner (1955-2016), Zeechner
- Mariette Lentz (*1964), Sopranistin
- Nico Loes (*1952), Politiker
- Jean Logeling (1868-1930), Auteur vu Schoulbicher, Moler an Zeecheprofesser
- Ger Maas (1931-2020), Molerin a Graphikerin
- Jacques Majerus (1916-1972), Vëlossportler an Olympionik
- Kevin Malget (*1991), Foussballspiller
- Théo Malget (*1961), Foussballspiller a Kriminellen
- Charles Mathieu (1863-1933), Geschäftsmann a Politiker
- Roger Molitor, (*1953), Wirtschaftspréifer
- Guy de Muyser (*1926), Jurist, Ekonomist an Diplomat
- Chris Philipps (*1994), Foussballspiller
- Jacques Plein (*1987), Foussballspiller
- Agnès Rausch, (*1954), Assistante d'hygiène sociale
- Rob Roemen (1945-2012), Journalist a Politiker
- Danielle Roster (*1964), Musekologin a Konschthistorikerin
- Lex Roth (*1933), Schoulmeeschter, Regierungsrot, Politiker an Auteur
- Jos Scheer (1939-2015), Schoulmeeschter
- Arny Schmit (*1959), Moler
- Claude Schmit (*1947) Acteur, Theaterregisseur, Auteur a Lycéesprofesser
- Philippe Schneider (1908-1980), Filmregisseur a -produzent
- Romain Schneider (*1962), Politiker
- Jean-François Schneiders (*1990), Schwëmmer
- Joseph Simon (1886-1954), Brauereisbesëtzer a Politiker
- Christian Spielmann (*1958), Filmkritiker an Auteur
- Gollo Steffen (*1952), Museker, Schrëftsteller an Editeur
- Eugène Thilges, (1869-1934), Industriellen a Lokalpolitiker, Buergermeeschter vu Wolz
- Jean Ulveling (1796-1878), Politiker
- Claude Wey (*1954), Geschichtsprofesser an Historiker
- Paul Wilwertz (1905-1979), Politiker
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wolz
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gemeng Wolz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ (fr)Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. legilux.public.lu (23.12.2014). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
- ↑ "Wolz kloer, Eeschwëller knapp [sic] fir Fusioun" rtl.lu, 25.05.2014, 16:13:01.
- ↑ "Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz." Mémorial A N° 252, 23 Dezember 2014, S. 4824.
- ↑ (de)Die Wappen der Gemeinde Wiltz. www.wiltz.lu. Gekuckt de(n) 19.06.2023.
- ↑ Säit iwwer de Wopen an de Logo Archivéiert de(n) 22.08.2019. Gekuckt de(n) 16.07.2019.
- ↑ "Wolz: Ära Arndt/LSAP eriwwer - CSV/DP iwwerhuelen d'Rudder." rtl.lu, 13.06.2023.
- ↑ Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Wolz op der Webäit vun der Gemeng Wolz
- ↑ Memorial N°3 vun 1844 Archivéiert de(n) 03.03.2016. Gekuckt de(n) 13.09.2015.
- ↑ 10,0 10,1 Memorial N°50 vun 1847 mam ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 25 juillet 1847, n° 1664, portant nomination du sieur Faber aux fonctions de bourgmestre de la ville de Wiltz
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ Présentation de la ville de Wiltz comme futur "hotspot" communal de l'économie circulaire gouvernement.lu, 13.10.2018
- ↑ Charta für die "Economie Circulaire" wiltz.lu
- ↑ Wunne mat der Wooltz wiltz.lu