Amalfi
Amalfi | |
---|---|
Land | Italien |
Regioun | Kampanien |
Provënz | Salerno |
Koordinaten | 40°38'0"N, 14°36'10"O |
Fläch | 5,7 km² |
Awunner | 4.729 (1. Januar 2023) |
Héicht | 6 m |
ISTAT | 065006 |
Amalfi ass eng Uertschaft vu 5.480 Awunner (2005) an Italien, an der Provënz Salerno, an der Regioun Kampanien.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Amalfi läit un der berüümter Amalfiküst am Golf vu Salerno, ongeféier 20 km westlech vu Salerno an 30 km südlech vun Neapel. Amalfi an d'Nopeschuertschafte sinn ageschloss vu géie Bierger, soudatt dës Uertschafte schwéier vum Land aus zougänglech sinn.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Amalfi an all dës Nopeschuertschaften zéie vill Touristen un. Wonnerbar schéin ass den Ubléck vun dëser Küstesträif, vum Mier aus.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Well d'Akerland rar war, waren d'Aktivitéite vun den Awunner vun Amalfi scho fréi op d'Mier an domat op de Séihandel ausgeriicht.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Doum (an deem d'Iwwerreschter vum Apostel Andreas leien)
- al Schëffswerft
- Denkmal vum Flavio Gioia, deen, wéi et heescht, de Kompass erfonnt huet.
- Pabeiermusée
Amalfi-Präis
[änneren | Quelltext änneren]De staark appréciéierte Premio Amalfi fir Soziologie a Sozialwëssenschafte gëtt all Joer zu Amalfi verginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Amalfi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng (it)
- Informatiounen iwwer Amalfi mat Fotoen (de) (en) (it)