Content-Length: 96126 | pFad | https://lb.wikipedia.org/wiki/Dunhuang

Dunhuang – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Dunhuang

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dunhuang

Land Volleksrepublik China
Status: Kreesfräi Stad
Provënz: Gansu
Koordinaten: 40° 08´ N, 94° 39´ O
Fläch: 26.960 km²
Awunner: 187.578 (2000)
Héicht: 1.100 m
Kaart vun der VRC mat der Lag vun Dunhuang

Dunhuang (zh: 敦煌, pinyin: Dūnhuáng) ass eng Stad am nërdlechen Deel vun der Volleksrepublik China.

Dunhuang gehéiert zur Provënz Gansu an zum Verwaltungsgebitt vun der beziirksfräier Stad Jiuquan . Si ass eng Oas an engem Wüstegebitt, huet ronn 100.000 Awunner, a läit 1.100 m iwwer dem Mieresspigel un der Seidestrooss, do wou den nërdlechen an de südlechen Arem vun der Seidestrooss zesummenkomm si. Dunhuang war och e militäreschen Ausseposten, den nërdlechsten a China, an hat dofir Befestegungen, haaptsächlech fir sech géint Invasiounen aus dem Norden ze wieren.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
Befestegt Plaz mat Ausbléck op d'Schnéibierger am Norden an am Süden
Touristen op Kaméile bei Dunhuang an der Wüst

Dunhuang ass eng vun de groussen Touristenattraktioune vu China, besonnesch well s' eng Héichbuerg vu buddhistesche Mënche war, déi an der Noperschaft vill Spueren a Form vu Texter a Molereien hannerlooss hunn.

  • Mogao Grotten, (Grotte vun den 1.000 Buddhaen): Si leie 25 km vu Dunhuang ewech, a bidden een aussergewéinleche Räichtum vu Gebaier am Fiels, Buddha-Statuen, Wandmolereien an historeschen Texter

Fotoalbum vun Dunhuang

[änneren | Quelltext änneren]

Säit iwwer d'buddhistesch Grotten bei Duanhang, engl.

Commons: Dunhuang – Biller, Videoen oder Audiodateien








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Dunhuang

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy