Content-Length: 86917 | pFad | https://lb.wikipedia.org/wiki/Gertrud_vun_Nivelles

Gertrud vun Nivelles – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Gertrud vun Nivelles

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gertrud vun Nivelles
Titel
Biographie
Gebuer 626
Landen
Gestuerwen 17. Mäerz 659
Nivelles
Papp Pippin den Eeleren
Mamm Iduberga
Geschwëster Grimoald den Eeleren, Begga, Bavo vu Gent
Aktivitéit Nonn
Aner Informatiounen
Reliéisen Uerden Benediktiner
Statut Helleg
Gedenkdag 17. Mäerz

D'Gertrud(e) vun Nivelles, och nach bekannt als Helleg Gertrud, gebuer am Joer 626 an der belscher Gemeng Landen a gestuerwen de 17. Mäerz 659 zu Nivelles, war d'Duechter vum Pippin vu Landen (dem Eeleren) a senger Fra Itta, Äbtissin vun Nivelles. Si hat zwee Bridder, de Bavo vu Gent an de Grimoald den Eeleren an och eng Schwëster, d'Begga. D'Gertrud zielt zu den Hellegen an der kathoulescher Kierch.

Si huet sech besonnesch fir d'Erzéiung vu jonke Fraen agesat.

Gertrud vun Nivelles

D'Gertrud vun Nivelles gëtt geleeëntlech mat enger Spëndel duergestallt - e Symbol fir de Fuedem vum Liewen. Hir Attributer si Mais a Kazen.

Der Gertrud vun Nivelles hiren Dag ass de 17. Mäerz.

Si ass d'Patréinesch vun de Stied Landen, Nivelles a vun (Bochum-)Wattenscheid an awer och vun de Spideeler; den Aarmen, de Wittfraen a -männer, de Pilger, de Gefaangenen, vun den Aubergen, de Leit déi reesen, de Gäertner, dem Karschnatz an de Gaardekulturen, de Kazen a se gëtt ugebiet géint Raten- a Maisploen a géint Féiwer.

Commons: Gertrud vun Nivelles – Biller, Videoen oder Audiodateien


Commons: Helleg Gertrud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Gertrud_vun_Nivelles

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy