Guillermo Haro
Guillermo Haro | |
---|---|
Gebuertsnumm | Guillermo Haro Barraza |
Gebuer |
21. Mäerz 1913 Mexiko-Stad |
Gestuerwen |
26. Abrëll 1988 Mexiko-Stad |
Nationalitéit | Mexiko |
Educatioun | Harvard College Observatoire |
Aktivitéit | Astronom |
Member vun | International Astronomesch Unioun |
De Guillermo Haro, gebuer den 13. Mäerz 1913 zu Mexiko-Stad, a gestuerwen de 26. Abrëll 1988, war e mexikaneschen Astronom.
Am Duerchernee vun der mexikanischer Revolutioun ass de Guillermo opgewuess an huet am Ufank Philosophie an der Nationaler Fräier Universitéit Mexiko (UNAM) studéiert. Lues a lues ass säin Interessi a Richtung Astronomie gaangen a 1943 gouf hien als Assistent am nei gegrënnten Observatorio Astrofísico de Tonantzintla beruff. Fir säi Wëssen a seng Kenntnesser ze verbesseren ass hien dann an d'USA gaangen an huet do 1943 an 1944 um Harvard-Observatoire geschafft. Dozou koume Stippvisitte beim Case Observatoire, op d'University of Chicago a beim McDonald Observatoire an Texas.
1945 goung hien nees zeréck op den Observatorio Astrofísico de Tonantzintla, wou hien d'Schmidt-Teleskop betreit huet. Hien huet sech da mat dem Studium vu rouden a bloe Stäre beschäftegt. 1947 huet hien op den Observatorio de Tacubaya vun der UNAM gewiesselt, wou hien Direkter ginn ass. 1951 huet hien de Boletin de Los Observatorios de Tonantzintla y Tacubaya gegrënnt. Bis 1983 huet hien da fir déi Zäitschrëft geschafft. Donieft grënnt hien 1968 den Observatoire zu Sierra San Pedro Mártir, Baja California, deen elo säin Numm dréit.
Wärend senger Aarbecht entdeckt hien onofhängeg vum George Howard Herbig déi sougenannt Herbig-Haro-Objeten. Dobäi handelt et sech ëm Gaswolleken, déi zu jonke Stäre gehéieren. Doriwwer eraus stellt hien e Katalog vun 8.746 bloe Stären a vu 44 bloe Galaxien op. Ausserdeem entdeckt hien en ettlech T-Tauri-Stären, eng Supernova, 10 Novaen an de Koméit C/1954 Y1 (Haro-Chavira).
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]- 1985: Lomonossow-Goldmedail vun der Sowjetescher Wëssenschaftsakademie.