Content-Length: 132545 | pFad | https://lb.wikipedia.org/wiki/Koordin%C3%A9iert_Weltz%C3%A4it

Koordinéiert Weltzäit – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Koordinéiert Weltzäit

Vu Wikipedia

Déi Koordinéiert Weltzäit, kuerz UTC, ass d'Referenzzäit, déi fir déi ganz Welt déi selwecht ass a vun där all d'Zäiten an deene verschiddenen Zäitzone vun der Welt ofgeleet ginn.

Déi international Ofkierzung UTC stellt eng Zort Kompromëss tëscht dem englesche Begrëff Coordinated Universal Time an dem franséische Begrëff Temps Universel Coordonné duer.

Fréier war d'Greenwich Mean Time (GMT) d'Referenzzäit. Si ass 1926 a Universal Time (UT) ëmbenannt ginn. Si gouf bestëmmt duerch astronomesch Beobachtungen um Observatoire vu Greenwich, mat deenen d'Äerdrotatiounszäit bestëmmt gouf.

Well d'Gezäiten d'Rotatioun vun der Äerd ëm hir eegen Achs all Dag ganz liicht ëm 0,002 Sekonne méi lues gi loossen, an d'Rotatioun och nach weidere klengen onprevisiblen Onreegelméissegkeeten duerch Magmastréim tëscht Äerdmantel an Äerdkär ausgesat ass, huet déi Method leider keng prezis Zäitdefinitioun op engem Niveau ënner deem vun der Sekonn erlaabt. Et gouf no méi exakte Methode gesicht, an 1967 ass d'Definitioun vun der Sekonn als Zäiteenheet du vun enger Atomauer ofgeleet ginn.

1972 ass och d'Referenzzäit mat där Atomzäit synchroniséiert ginn, an d'UTC ass op där neier Basis entstanen.

Well d'Atomzäit, an doduerch d'UTC, also net genee der Äerdrotatiounszäit UT1 entsprécht, op déi et awer u sech eleng ukënnt an déi dofir och an de Geowëssenschaften an an der Astrometrie gebraucht gëtt, muss all 1-3 Joer bei der UTC eng Schaltsekonn derbäigesat ginn, fir datt d'Differenz tëscht UTC an UT1 ni méi grouss wéi 0,9 Sekonne gëtt. Sou gouf z. B. d'Silvesternuecht 2008/9 ëm eng Sekonn méi laang.

D'Koordinatioun vun der Weltzäit ass d'Aufgab vum Internationale Büro fir Moossen a Gewiichter (BIPM).

Wann hautdesdaags nach vu GMT rieds geet, da just an engem reng informelle Kontext a synonym fir UTC oder UT1. D'wëssenschaftlech Gemeinschaft verfollegt d'Definitioun vun der GMT net méi a gebraucht just nach déi prezis an onzweedeiteg Termen UTC an UT1.

Lëtzebuerg läit an der Wanterzäit op UTC+1 an an der Summerzäit op UTC+2, d. h. datt dem Land seng Zäitzon, eng, respektiv zwou Stonne, virun der Referenzzäit läit. Sou ass et z. B. mat enger UTC vu 14:00 zu Lëtzebuerg am Summer scho 16:00.









ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: https://lb.wikipedia.org/wiki/Koordin%C3%A9iert_Weltz%C3%A4it

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy