Vampir
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An der spéider europäescher Mythologie, ass e Vampir (op Alslawesch: вѫпырь/vǫpyrь) en Doudegen oder (rar) e Metamorphen, deen an der Nuecht aus sengem Graf a Form vun engem Mënsch oder enger Fliedermaus waakreg gëtt. D'Vampiren drénke Blutt vu Leit déi schlofen an zwénge s'ënner Albdreem ze leiden. Et gëtt ugeholl, datt se virun der Transformatioun als Vampiren "onhelleg" Doudeg waren: Verbriecher, Selbstmäerder, Affer vun anere Vampiren, asw[1]. D'Analoge vun dëse Kreaturen existéieren a slaweschen (Upyren, Wurdalaken, Wieszczy, ...), rumäneschen (Strigoien/Strigăen), armeeneschen (Dachanawaren), zigeineschen (Mullo), an a verschiddenen asiatesche Folkloren.
Déi stereotypesch Vampiren hunn eng blatzeg Haut a laang Eckzänn, a se fäerten d'Sonneliicht. Se si beléift a moderne Seeërcher, a Literatur, Filmer, Computerspiller (besonnesch vum Horror-Genre) an an der Rockmusek. Besonnesch dem Bram Stoker säi Roman Dracula, an déi sëllege Verfilmungen dovun, hunn zu dëser Popularitéit zanter dem 20. Joerhonnert bäigedroen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Vampirfliedermais (Desmodontinae), déi a Südamerika liewen
- Vampiren als Subkultur
- Jure Grando, en istresche Bauer, éischt dokumentéiert Persoun déi als Vampir posthum consideréiert gëtt
- Vampirtëntefësch (Vampyroteuthis infernalis) an (Simoniteuthis michaelyi)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vampiren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Вампир // Мифологический словарь / гл. ред. Е. М. Мелетинский. — М. : Советская энциклопедия, 1990. — С. 114. — ISBN 5-85270-032-0.