Op den Inhalt sprangen

Maschrek

Vu Wikipedia
D'Maschrekstaaten haut

De Maschrek (vum arabeschen المشرق‎‎, al-mašriq, "Wou [d'Sonn] opgeet", deemno den Osten, am Géigesaz zu Maghreb, المغرب‎, al-maghrib, "Wou [d'Sonn] ënnergeet", deemno de Westen), och Maschrik oder Maschriq, bezeechent eng Regioun am Nordoste vun Afrika. Politesch ass de Maschrek net méi genee definéiert, mä am Allgemenge gehéieren déi arabeschsproochesch Staaten, ëstlech vu Libyen an nërdlech vu Saudi-Arabien zum Maschrek. De Begrëff staamt aus der Zäit vun den islameschen Eruewerungen (ëm d'7. Joerhonnert).

Wärend der arabescher Expansioun war de Sëtz vum Kalifat, ënner der Herrschaft vun den Umayyaden, zu Damaskus, spéiderhin ass de Sëtz op Bagdad gewiesselt. An de Joerhonnerten duerno hu virun allem tierkesch Dynastien d'Herrschaft iwwerholl. Vu 1517 bis 1918 hunn d'Osmanen d'Gebitt regéiert. Nom Éischte Weltkrich an deemno nom Ënnergank vum Osmanesche Räich ass de Maschrek vill méi kleng ginn.

Zu de Maschrekstaate gehéieren elo Egypten, Palestina, Jordanien, Libanon, Syrien an den Irak.

pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy