Helga Guitton
Helga Guitton | |
---|---|
Gebuer | 18. Dezember 1942 |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Televisiounsmoderateur, Journalist |
D'Helga Guitton, gebuer den 18. Dezember 1942 zu Königsberg, ass eng däitsch Radiosspeakerin an Televisiounsmoderatorin.
Si war vum 9. November 1964 bis den 28. Februar 1994 Speakerin beim däitschen RTL-Radiosprogramm, de 4 Fröhliche Wellen, wou se zesumme mam Frank Elstner an dem Jochen Pützenbacher zu de Stare gehéiert huet.
Si huet och an den éischte puer Joer vun RTLplus Usoe gemaach an hat virdru schonn d'Emissioun Aktuelle Schaubude vum NDR an de Liedercircus vum ZDF moderéiert.
1973 huet si den 18. Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Lëtzebuerg moderéiert.