Content-Length: 76071 | pFad | http://lb.wikipedia.org/wiki/Mutfert

Mutfert – Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Mutfert

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mutfert
Vue op Mutfert
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Moutfort
de: Mutfort
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Conter
Buergermeeschter Marion Zovilé-Braquet (CSV)
Awunner 1.517
  1. Januar 2023
Héicht 257 m
Koordinaten 49° 35’ 14’’ N
      6° 15’ 33’’ O
D'Kierch vu Mutfert.

Mutfert ass eng Uertschaft an der Gemeng Conter.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

...

Vum 13. bis den 18. August 1792 huet am éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten, ënner dem Uerder vum Herzog vu Brauschweig, eng 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen, ier et weider goung Richtung Frankräich. De preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm II. hat säi Quartéier déi éischt Nuecht am Paschtoueschhaus virun der Kierch, éier en am Roudebësch beim Pläitrenger Haff säi Camp opgeschloen huet. Den Herzog vu Braunschweig, deen de 14. August agetraff ass, huet selwer am Haff logéiert.[1]

...

An der Zäit vum Zweete Weltkrich stoung zu Mutfert am Wëllemslach en RAD-Ausbildungslager wat duerno noeneen e Krichsgefaangelager vun der Wehrmacht virun allem fir Russen an duerno, Enn 1944 nom Amarsch vun den Amerikaner eent fir Wehrmachtszaldoten gouf. D'Amerikaner haten och do en Arméissender installéiert a si bis Mëtt Februar 1945 bliwwen. Dunn ass déi nei gegrënnt Lëtzebuerger Arméi do agezunn.

Commons: Mutfert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Frédéric Braun: "D'Enn vun der Monarchie zu Mutfert." 100komma7.lu, 06. Feb. 2022.








ApplySandwichStrip

pFad - (p)hone/(F)rame/(a)nonymizer/(d)eclutterfier!      Saves Data!


--- a PPN by Garber Painting Akron. With Image Size Reduction included!

Fetched URL: http://lb.wikipedia.org/wiki/Mutfert

Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy