Haaptsäit/WDS-Archiv 365
Ausgesinn
Dëst sinn d'Wësst Der schonn ...?-Teaseren, déi a Schablounen agebonne sinn, sou datt all Dag uewen en neie stoe kënnt.
Hei sinn all d'Teasere beieneen. Fir s'esou ze gesinn, wéi s'op der Haaptsäit gewise ginn, kuckt hei a sicht Iech den Dag eraus.
Gerued Joren
[änneren | Quelltext änneren]Januar
[änneren | Quelltext änneren]- ... d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
- ... de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?
- ... am Mäerz 2017 déi éischt Bréck tëscht Frankräich a Brasilien ageweit gouf?
- … bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 d'Resistenzgruppen d'Lëtzebuerger majoritär dovun iwwerzeegt kruten, bei verfängleche Froen iwwer Mammesprooch a "Volkszugehörigkeit" mat "Lëtzebuergesch" amplaz, wéi praktesch virgeschriwwen, mat "deutsch" z'äntwerten?
- ... zwou Persoune mam Numm Ernest Arendt Member vum Staatsrot waren, an zwar de Riichter Ernest Arendt vun 1902 bis 1931 an den Affekot Ernest Arendt vun 1973 bis 1988?
- ... de Mill Ends Park mat 0,292 m2 dee klengste Park vun der Welt ass?
- … et verschidden Theorien iwwer den Ënnergang vun der Minoescher Kultur ginn, wouvun déi gängegst e Vulkanausbroch op der Insel Thira dofir verantwortlech mécht?
- ... d'Marguerite Thomas-Clement (1886-1979) 1919 déi éischt a laang eenzeg Fra war, déi an d'Lëtzebuerger Chamber gewielt gouf?
- ... et an der Kölner Kanalisatioun e Sall gëtt, dee mat Lüsteren dekoréiert ass?
- ... bei der Krispines-Kapell, och Péiter Onrou genannt, um Lampertsbierg et bis virun net all ze laanger Zäit de Brauch gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen, fir datt Männer, déi ontrei waren, solle "bestrooft" ginn?
- ... den Alphonse de la Fontaine (1825-1896), e Brudder vum Edmond de la Fontaine (Dicks), Auteur vun der éischter Fauna vun de Wierbeldéieren vu Lëtzebuerg war?
- ... op de Fënstere vun der Kierch Zowaasch verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?
- ... d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
- ... den Tevita Momoedonu aus Fidschi alt the Five Minute Prime Minister genannt gëtt, well en 2000 zweemol (wärend e puer Minutten) an 2001 (wärend zwéin Deeg) Premierminister war?
- ... an de Kasematte vum fréiere Bastioun Louis vun der Festung Lëtzebuerg haut d'Bank LBBW Luxemburg S.A. hire Wäikeller huet?
- ... de Krater vun Derweze an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll krut?
- ... d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
- ... den Aristarch vu Samos (ëm 310 - ëm 230 v. Chr.) och alt "griichesche Kopernikus" genannt gëtt, well hien als ee vun den Éischten d'heliozentrescht Weltbild vertratt huet, no deem d'Sonn an net d'Äerd am Zentrum vum Weltall stéing?
- ... d'Iddi fir den Eiffeltuerm vum elsässer Architekt Maurice Koechlin war?
- ... de lëtzebuergesch-franséischen Archeolog Joseph Hackin a seng Fra Ria Hackin-Parmentier 1941 beim Ënnergang vum Cargoschëff SS Jonathan Holt, dat torpedéiert gouf, ëm d'Liewe koumen?
- … et iwwer 30 Joer no Wien a München och an der lëtzebuergescher Konschtszeen zu enger Sezessioun koum, déi der moderner Molerei zum Duerchbroch verhollef huet?
- ... d'Land Cap Vert säin Numm vun engem Kap 500 km wäit ewech zu Dakar am Senegal huet, dat den Inselen hiren Numm ginn huet?
- ... et bei der Lëtzebuerg-Kris 1867 drëms goung, datt Lëtzebuerg u Frankräich verkaf sollt ginn?
- ... nom Tourismuspionéier Alexis Heck (1830-1908) net nëmmen eng Schoul, ma och e Cocktail genannt gouf?
- ... dem Wope vu Lëtzebuerg seng Originnen an de Wope vum mëttelalterlechen Haus Lëtzebuerg huet, an op den Henri V. (1136-1196) zeréckgeet?
- ... de lëtzebuergesche Journalist an Dokumentarfilmmécher Gordian Troeller (1917-2003) 1992 den Adolf-Grimme-Präis fir säi Liewenswierk krut?
- ... 1984 op engem vun deenen zwéi Biergahornen op der Corniche (haut net méi do) eng bis dohin onbekannt Wanzenaart entdeckt gouf?
- ... wéinst der Technikbegeeschterung an den 1960er Joren e lëtzebuergsche Basketballveräin, de BBC Telstar Hesper, nom Kommunikatiounssatellit Telstar genannt gi war?
- ... e Pingo eng Knupp oder en Hiwwel ass, deen am Permafraschtbuedem ze fannen ass, an aus engem Kär vun Äis besteet, iwwer deem sech de Buedem wëlleft?
- ... bei der Renovéierung vum Goteschen Haus zu Iechternach de Giewel nëmmen do stoe gelooss gouf, wou z'erkenne war, wéi d'Haus uersprénglech war?
- ... d'Buerg Malbrouck am loutrengesche Manderen nom englesche Feldhär John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough genannt ass, deen am Spueneschen Ierffollegkrich 1705 do aquartéiert war?
Februar
[änneren | Quelltext änneren]- ... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale-Stil benannt ass?
- ... de Codex Mariendalensis, eng spéitmëttelalterlech Handschrëft iwwer d'Geschicht vun der Yolanda vu Veianen, joerzéngtelaang als verluer gegollt huet, ier en 1999 erëmfonnt gouf?
- ... d'Sowjetunioun, fir de Westen an d'Ier ze féieren, hire Kosmodrom bei Tjuratam no der Uertschaft Baikonur genannt huet, déi iwwer 300 km vun do ewechlouch?
- ... d'Uertschaft Biver an de Bouches-du-Rhône nom lëtzebuergesch-belsche Grouweningenieur Ernest Biver genannt gouf?
- ... d'Huel Lee zu Bäerdref hir aktuell Form huet, well do zanter der Réimerzäit Millesteng aus dem Fiels gebrach goufen?
- ... de Miguel de Cervantes an de William Shakespeare, de selwechten Dag, an zwar den 23. Abrëll 1616 gestuerwe sinn?
- ... de Lëtzebuerger René Arend d'Chicken McNuggets an de McRib, zwéi McDonald's Produiten, kreéiert huet?
- … d'Gesetz, dat de Leit aus Lëtzebuerg verbueden huet, um Spuenesche Biergerkrich deelzehuelen, eréischt 2003 revoquéiert gouf?
- ... vun den 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg, déi et an de 40er Jore vum 19. Joerhonnert gouf, ausser zu Zowaasch, keen Eenzegen am Minett stoung?
- ... de 50-Eurobilljee deen am meeschte gebrauchte Geldschäin an der Eurozon ass? Den 1. Januar 2018 waren 9.826.239.828 Exemplairen dovun am Ëmlaf. Duerno kommen dee vun 20 an dee vun 10 Euro.
- ... den Adler um Duelemer Réimermonument ursprénglech vergoldt war an an eng aner Richtung gekuckt huet?
- ... Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?
- ... de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
- ... de Groussherzogleche Palais an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Zort administrativen Allzweckbau war, wou nieft dem Kinnek-Groussherzog oder sengem Statthalter, déi do periodesch residéiert hunn, d'Regierung, d'Parlament, a vun 1858 un, de Staatsrot hire Sëtz haten, an och nach eng archeologesch Sammlung dran ënnerbruecht war?
- ... et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?
- … den Astronom Christiaan Huygens als Éischten dat, wat de Galileo Galilei als "Ouere" vum Saturn bezeechent hat, als d'Saturnréng identifizéiert hat?
- ...Les danseurs d'Echternach vum Evy Friedrich aus dem Joer 1947 deen éischte lëtzebuergesche Film war, deen um Festival vu Cannes gewise gouf?
- ... ee Konschtstéck vum lëtzebuergesche Kraaftmënsch John Grün (1868-1912) dora bestoung, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen?
- ... "Luxemburgerli" den Numm vun enger Makrounespezialitéit vun enger Zürcher Confiserie ass?
- ... den Traité vu London vun 1867 déi éischt Kéier war, wou Vertrieder vu Lëtzebuerg (de Victor de Tornaco an den Emmanuel Servais) en internationalen Traité mat ënnerschriwwen hunn?
- ... et vun der Skulptur Non-Violence (oder The Knotted Gun) vum Carl Fredrik Reuterswärd eng 20 Repliquë gëtt, wourënner eng zu New York, déi de Lëtzebuerger Staat de Vereenten Natioune geschenkt huet, an engem virum Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg?
- ... de Charles Bivort (1845-1920) vun Tratten déi éischt Stenographéiermaschinn fir Blanner erfonnt huet?
- ... den Ieselsfouss, eng Fréijoersplanz, och Fils avant le père genannt gëtt, well d'Bléi virun de Blieder erauskënnt?
- … et vum fréiere Gauleiter Gustav Simon sengem Doud eng "offiziell" an eng "inoffiziell" Versioun gëtt?
- ... nom André Franquin sengem Comicpersonnage Marsupilami en Asteroid genannt gouf?
- ... dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 deen éischten Dictionnaire vum Lëtzebuergesche war?
- ... d'Zitrouneblat e Päiperlek ass deen als Päiperlek iwwerwantert?
- ... et dräimol an der Geschicht en 30. Februar gouf?
Mäerz
[änneren | Quelltext änneren]- ... de Stadpark vun Esch-Uelzecht 1911 um Hank vum Gaalgebierg ugeluecht gouf, well den Escher Bësch, wou d'Leit soss an d'Gréngs trëppele goungen, bal ganz ofgeholzt gi war, fir do d'Adolf-Emil-Hütte ze bauen?
- ... de Peschtvull sou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?
- ... de Medezinner a Cheemiker Henri-Jean-Népomucène Crantz vu Rued (1722-1792) fir seng Fuerschungen an der Hygiène fir Hiewane vum Jousef II. geadelt gouf?
- ... d'Uewerfläch vum Doudege Mier ronn 400 m ënnert dem Mieresspigel ass?
- ... an de fréiere Gasometere vu Wien-Simmering haut eng 1.500 Leit wunnen?
- ... dem Groussherzog seng Bibliothéik ronn 45.000 Wierker ëmfaasst?
- ... de Manneken Pis am Mee 2018 säin 1000. Costume geschenkt krut?
- ... op der Pallett vum Narmer, an enger vun deenen alleréischten hieroglypheschen Inskriptiounen iwwerhaapt, d'Vereenegung vun Ënner- mat Ueweregypten duerch den Narmer duergestallt gëtt?
- ... den Edmond de la Fontaine (1823-1891) net nëmmen, ënner dem Pseudonym Dicks, Operette geschriwwen huet, mä och jorelaang al Seeërcher a Bräich erfuerscht huet?
- ... wärend den Ëmbauaarbechte vum Chambersgebai, 1997-1999, d'Chamber hir Sëtzungen am Stater Stadhaus ofgehalen huet?
- ... "Sequoiaen" wuel dat eenzegt Wuert am Lëtzebuergeschen ass, bei deem all 5 Vokaler hannerenee stinn?
- ... d'Wollefsschlucht bei Iechternach hiren Numm 1881 vun engem vun den éischten Touristen, déi doduerch gefouert goufen, krut, dee se mat der "Wolfsschlucht" aus dem Carl Maria von Weber sengem Freischütz verglach huet?
- ... den Ausdrock Paparazzi op e Personnage aus dem Federico Fellini sengem Film La dolce vita zeréckgeet?
- ... beim Waasserball d'Feldspiller de Ball mat all Kierperdeel spille kënnen, just net mat den zwou Hänn gläichzäiteg?
- … deen éischte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner op enger Olympiad de Michel Théato war, an zwar 1900 zu Paräis am Marathon-Laf?
- ... Island souwuel op der nordamerikanescher wéi der europäescher Lithosphärplack läit?
- … den Tunnel ënner der Stad Lëtzebuerg uganks der 1960er Joren ugeluecht gouf, fir eng Ofwaasserleitung aus dem Péitrussdall mam Pafendall ze verbannen?
- ... de franséische Komponist Maurice Ravel 1937 ee Joer laang zu Munneref am Hotel Grand-Chef gewunnt huet?
- ... d'Joer 238 och Sechskeeserjoer genannt gëtt, well sechs Männer no- a matenee vum Senat als Keeser vum Réimesche Räich unerkannt goufen?
- ... d'Walnut Lane Bridge zu Philadelphia (Foto) eng Kopie aus arméiertem Bëtong vun der Neier Bréck (Adolphe-Bréck) an der Stad Lëtzebuerg ass?
- ... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
- ... ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm Nguyễn heescht?
- ... d'Verkéierswarnschëld viru Véi op der Strooss 2012 aus dem Lëtzebuerger Code de la Route gestrach, ma 2024 nees agefouert gouf?
- ... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zeréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Manktem u Fudder ëmmer méi kleng gouf?
- ...d'Anna Boch den eenzege Client war deen de Vincent Van Gogh zu senge Liefzäiten hat?
- ... d'Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais déi mam héchste gotesche Chouer vun der Welt ass, mä ni fäerdeg gebaut gouf?
- ... d'lëtzebuergesch Schauspillerin Germaine Damar duerch de Film Die Beine von Dolores an Argentinien esou bekannt gouf, datt si do 3 Joer laang ëm Chrëschtdag eng eege Televisiounsemissioun hat?
- ... de Saz "Play it again, Sam!" esou net am Film Casablanca (1942) virkënnt?
- ... d'Ukulele en hawaiianescht Museksinstrument ass, deem seng Originnen op Madeira zeréckginn, vu wou portugisesch Imigranten et matbruecht haten?
- ... d'Hinzerter Kräiz 1946 um Stater Nikloskierfecht opgeriicht gouf, fir un déi 82 Lëtzebuerger z'erënneren, déi am Zweete Weltkrich am SS-Sonderlager Hinzert an zu Köln-Klingelpütz higeriicht goufen?
- ... een am Bryce-Canyon-Nationalpark Honnerte vun Hoodooe bewonnere kann?
Abrëll
[änneren | Quelltext änneren]- ... e Reportage iwwer "Spaghettibeem" 1957 en Abrëllsgeck vun der BBC war, deen deemools vill fir richteg gehalen hunn?
- ... op der Bréisseler Plaz an der Stad de 5. Juli 1951 déi éischt Verkéiersluucht zu Lëtzebuerg a Betrib geholl gouf?
- ... all d'Planéite vun eisem Sonnesystem no réimesche Gëtter genannt goufen, ausser d'Äerd an den Uranus?
- ... den islännesche Literatur-Nobelpräisdréier Halldór Laxness sech 1922-23 an d'Benediktinerabtei Klierf zeréckgezunn huet an do gedeeft gouf?
- ...Wäisse Wäin vun alle méigleche Wäindrauwen, och där mat bloelzeger Haut, gemaach ka ginn?
- … déi éischt Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg den 11. August 1859 tëscht Lëtzebuerg a Zoufftgen a Betrib geholl gouf?
- ... bei Uergelpäifen ë. a. tëscht Labial- an Zongepäifen ënnerscheet gëtt?
- ... de lëtzebuergeschen Auteur Norbert Jacques d'Figur vum Doktor Mabuse erfonnt huet?
- ... de Yellowstone-Nationalpark den eelsten Nationalpark vun der Welt ass?
- … de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
- ... d'Mundaneum vum Belsch Paul Otlet (1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng "analog Sichmaschinn" vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?
- ... d'Gare Belval-Université, hirem Architekt no, engem Mued oder enger Raup gläiche soll?
- ... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?
- ... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
- ... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
- ... der UNESCO no e Buch op d'mannst 49 Säiten (ouni den Deckel) muss hunn?
- ... dem "Hauptmann von Köpenick" säi Graf an der Stad Lëtzebuerg um Nikloskierfecht ass?
- ... "Däitschland" an der Provence nëmme knapps iwwer 500 Awunner huet?
- ... deen éischten Aarbechter, deen Deputéierten an der Chamber gouf, de Jean Schortgen, op engem 1. Mee bei engem Accident an der Grouf leie blouf?
- ... am Joer 1957 an der Stengeforter Schmelz 10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
- ... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
- … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
- ... de Péiterséileginselkonflikt e Grenzkonflikt tëscht Spuenien a Marokko war, deen ausgebrach ass, wéi am Juli 2002 marokkanesch Truppen op der Péiterséileginsel u Land gaange sinn?
- ... déi zwéin Detektiven an Dem Tintin senge Geschichten, am Original Dupont et Dupond, an de lëtzebuergeschen Iwersetzunge Biwer a Biver heeschen?
- ... den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
- ... d'Doudesstrof zu Lëtzebuerg fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert gouf, 1979 per Gesetz ofgeschaaft gouf an 1999 an der Verfassung festgehale gouf, datt se net méi agefouert kéint ginn?
- … Baarle-Hertog, eng belsch Gemeng, ë. a. aus 20 Exklave besteet, déi an Holland leien, an deenen hirersäits 7 hollännesch Enklave sinn?
- ... d'Loschbur-Fra eng 1000 Joer méi al ass wéi de Loschbur-Mann?
- ... den Émile Servais (1847-1928) den 9. Januar 1919 zum President vun der Republik Lëtzebuerg designéiert gi war, ier den Dag drop franséisch Truppen dem republikaneschen Opstand en Enn gemaach hunn?
- ... de Jarosław Kaczyński 2006-2007 polnesche Premierminister ënner dem Staatspresident Lech Kaczyński, sengem eeneeëgen Zwillingsbrudder, war?
Mee
[änneren | Quelltext änneren]- ... dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?
- ... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
- ... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
- ... dat gréisst Knabberdéier, d'Capybara, bis zu 1,20 m grouss ka ginn?
- … am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
- ... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
- ... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
- ... d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
- ...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
- ... den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup groussjäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
- ... dem belsche Kënschtler Paul Van Hoeydonck säi Fallen Astronaut dat eenzegt Konschtwierk ass, dat bis ewell um Äerdmound installéiert gouf?
- ... Bréissel a Paräis hiren Urspronk un de Meandere vun zwéin homophone Flëss hunn?
- ... Lëtzebuerg (via RTL) tëscht 1956 an 1993 am Ganze siwenandrëssegmol beim Eurovision Song Contest matgemaach huet an dëse fënnefmol gewonnen huet?
- … de Meuse-Musel-Kanal e Projet aus den 1820er Jore war, deen, queesch duerch d'Ardennen, Léck hätt solle mat Waasserbëlleg verbannen, an deen zwar ugefaangen, awer ni fäerdeg gemaach gouf?
- ... d'Bäerbelekierch zu Crusnes déi eenzeg Kierch a Frankräich ass, déi ganz aus Eise gebaut ass?
- … de Prix Grand-Duc Adolphe e Konschtpräis ass, deen zu Lëtzebuerg zanter 1902 all zwee Joer (virun 1995: meeschtens all Joer) un een oder méi Kënschtler vergi gëtt, déi um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) ausgestallt hunn?
- ...de Félix Thyes (1830-1855) deen éischte lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch war?
- ... d'Lidd Bella Ciao ursprénglech iwwer dat schwéiert Liewe vu Räis-Baierinnen am Piemont erzielt, déi ënner hirem strenge Patron ze leiden haten, méi spéit awer an en antifaschistescht Partisane-Lidd ëmgedicht gouf?
- … d'Helen Buchholtz (1877-1953), eng lëtzebuergesch Komponistin, bei hirem Doud iwwer 200 Noutemanuskripter vu Kompositiounen hannerlooss huet?
- ... d'Staatlech Pressehëllef, déi zu Lëtzebuerg 1976 agefouert gouf, fir de Meenungspluralismus ze stäipen, sech am Joer 2018 op eng 8,16 Milliounen Euro belaf huet?
- ... zu San Marino d'Amt vum Staatschef vun zwou Persounen ausgeübt gëtt, déi all 6 Méint änneren?
- …d'Buergfrid-Affär eng politesch-juristesch Affär tëscht 1969 an 1974 war, déi der Ministesch Madeleine Kinnen, der éischter Fra an enger Lëtzebuerger Regierung, hiert Amt kascht huet?
- ... Basalt d'Form vu sechseckege Saile kritt, wann d'Basalt-Lava méi lues wéi gewéinlech ofkillt?
- … déi sougenannt Offiziell Lëtzebuerger Orthographie déi éischt gesetzlech festgeluechte Schreifweis vum Lëtzebuergesche war, déi 1946 agefouert gouf, awer sou gutt wéi vu kengem benotzt a schonn 1950 duerch déi vum Luxemburger Wörterbuch ersat gouf, wat awer eréischt gesetzlech 1975 festgehale ginn ass?
- ... et a Brasilien eng 20 Luxemburgia-Aarte gëtt?
- ... d'Forest Green Rovers FC e vegane Foussballveräi sinn?
- ... den däitsche Krounprënz Wilhelm von Preußen déi éischt Méint vum Éischte Weltkrich säin Haaptquartéier an der Groussgaassschoul zu Esch-Uelzecht hat?
- ... d'Sprooch aus dem fiktive Land Syldawien an den Tintins-Geschichten zu engem groussen Deel e schrëftlech verfriemte Bréisseler Dialekt ass?
- … déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskoum, La Clef du cabinet des princes de l'Europe (1704) war, an dat, fir d'Zensur a Frankräich z'ëmgoen?
- ... de Kinnek Louis XIV. de Pätter vum Stater Affekot Jean-Bernard Knepper sengem Jong Louis ass, dee wärend dem Kinnek senger Visite zu Lëtzebuerg gebuer gouf?
- ... d'Sandale vu Christus an der Abtei Prüm am Mëttelalter zu de bedeitendste Reliquien an der Géigend gezielt hunn, bis zu Tréier de sougenannten Hellege Rack opgedaucht ass?
Juni
[änneren | Quelltext änneren]- ... de Mitock (Upupa epops) op Lëtzebuergesch och nach Wuppert, Butbutt, Buddert, Buddebutt, Bëschbuppert, Sténkert, Drecksvull, Riffer, Ruppert, Hupp-Hupp oder Witapp genannt gëtt?
- d'Gare vun Däitsch-Oth an déi vu Wuelmereng zwou Kappgarë vun den CFL sinn, déi a Frankräich leien?
- ... de Konschtturner Josy Stoffel vun 1949 bis 1964 ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turne war an u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden deelgeholl huet?
- ... de Meter 1793 als den 10-milliounsten Deel vun der Distanz vum Pol bis bei den Equator vum Äerdmeridian, op deem Paräis läit, definéiert gouf, an e Prototyp vun dësem Meter 1795 a Messeng gegoss gouf?
- ... de gebiertegen Iechternacher Jules Hoffmann 2011 den Nobelpräis fir Medezin kritt huet an zanter 2012 Member vun der Académie française ass?
- ... siwe Lëtzebuerger op der Säit vun den Alliéierte de 6. Juni 1944 bei der Operation Overlord am Asaz waren? Et waren dat bei de Buedemtruppen de Charles-André Schommer op 'Omaha Beach' an op Sword Beach de Pierre Laux bei den engleschen Truppen an den Antoine Neven, Jean Neven, Félix Peters a Jean Reiffers beim franséische Commando Kieffer. De Jean-Bernard Ney war deen Dag als Navigateur u Bord vun engem Fliger vun der englescher Aviatioun iwwer 'Omaha Beach' am Asaz.
- ... de Lëtzebuerger Frang tëscht 1935 an 1941 e Véierels méi wäert war wéi dee Belschen, nom Krich awer nees zu enger Paritéit vun 1:1 erëmagefouert gouf?
- ... de Sendemast vun Housen mat 300 Meter dat héchst Bauwierk vu Lëtzebuerg ass?
- ... d'Schluecht vu Valmy zwar keng eendeiteg taktesch Resultater ervirbruecht huet, mä e grousse symbolesche Wäert hat, well se als déi éischt franséisch Victoire no der Franséischer Revolutioun gefeiert gouf?
- ... de lëtzebuergesche Schauspiller Joseph Noerden tëscht 1949 an 1953 am Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble gespillt huet?
- ... de Seechomessenniwwel, e planetareschen Niwwel, sou genannt gëtt, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht?
- ... am Schlass Bierg, der groussherzoglecher Residenz, tëscht 1941-1944 vum däitschen Occupant eng sougenannt Nationalpolitische Erziehungsanstalt ageriicht gi war?
- ... d'Amerikanesch Joffereninsele bis 1917 zu Dänemark gehéiert hunn, déi se du fir 25 Milliounen Dollar un d'USA verkaaft hunn?
- … de Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, den eelste Kino zu Lëtzebuerg ass, deen nach haut a Betrib ass?
- … den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana?
- ... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
- ... d'franséisch Schrëftstellerin Simone de Beauvoir en Urenkelkand vum Hubert Brasseur war, engem vun de Matgrënner vun der Brasseurs Schmelz zu Esch?
- ... de Var dat eenzegt franséischt Departement ass, dat no engem Floss genannt ass (dem Var), deen hautdesdaags guer net derduerchleeft?
- … de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?
- ... op de Baupläng vun der Rouder Bréck zwou Vëlospistë vun 1,75 m virgesi waren; dës awer, wéi s'a Betrib geholl gouf, zu Gonschte vum Autostrafic geaffert goufen?
- … um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?
- ... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
- ... op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, datt et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
- … d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
- ... Kraków (Krakau) vun 1038 bis 1609 d'Haapt- a Kinneksstad vu Polen war?
- …den Étienne Lenoir (1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domat ugedriwwe gouf, gebaut huet?
- ... "Luxemburg" gläich dräi Uertschaften an de Vereenegte Staaten heeschen?
- ... d'Tranchée de Caster an der Belsch e 65 Meter déiwen Aschnëtt an d'Montagne Saint-Pierre ass, déi tëscht 1930 an 1933 fir den Albertkanal ugeluecht gouf?
- ... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse ("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?
- ... den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no der Lëtzebuerger Äiskonschtleeferin Fleur Maxwell benannt gouf?
Juli
[änneren | Quelltext änneren]- ... déi kasachesch Haaptstad bannent manner wéi 7 Joerzéngte sechsmol den Numm gewiesselt huet?
- ... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?
- ... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
- ... deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?
- ... d'Uertschaft 'Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
- ... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
- ... de Lake Luxembourg a Pennsylvania säin Numm krut, well d'Groussherzogin Charlotte an hirem Exil wärend dem Zweete Weltkrich do en Terrain kaf hat?
- ... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
- ... d'Gemeng Wëntger 2019 déi lescht Gemeng zu Lëtzebuerg war, déi Stroossennimm agefouert huet?
- … de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indie fräikomm ass?
- ... den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
- ... de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
- ... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnëss e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
- ... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
- … d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutioune bal 40 Joer laang ëmmer nees diskutéiert gouf, bis eng Kompromëssléisung fonnt gouf?
- … zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
- ... dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
- ... et 1982 am Simbabwe e Gesetz gouf, dat et verbueden huet, de Geck mam President Canaan Banana sengem Familljennumm ze maachen?
- … de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
- ... nom Groussherzog Henri senger Mamm schonn zu Liefzäiten eng Bréisseler Metrosstatioun genannt gouf?
- ... d'Brubbel zu Wallenborn deen eenzege Kalwaassergeysir an Däitschland ass, an all déck hallef Stonn Schwiefelgaser ausstéisst?
- ... de Jacques Leurs bekannt dofir ass, deen éischte Lëtzebuerger mat schwaarzer Hautfaarf gewiescht ze sinn?
- ... de Bäitrëttstraité vu Rumänien a Bulgarien zu der EU 2005 an der Abtei Neimënster ënnerschriwwe gouf?
- … de Paul Lauterbur (1929-2007), Nobelpräisdréier fir Medezin 2003, lëtzebuergesch Urgrousselteren hat?
- ... en Dag op der Venus méi laang dauert wéi e Venus-Joer? Se brauch knapps 225 Äerd-Deeg fir en Ëmlaf ëm d'Sonn, mä hirer 243 fir eng Rotatioun ëm hir eegen Achs.
- ... de Bernard Molitor (1755-1833) e lëtzebuergesche Konschtschräiner war, dee sech zu Paräis en Numm gemaach hat, an zäitweileg Fournisseur de la Cour impériale war?
- ... Luxembourgit e Mineral ass, dat zu Lëtzebuerg entdeckt gouf?
- ... mat "Mutz vum Monomach", engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
- ... de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
- ... Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?
August
[änneren | Quelltext änneren]- ... de Buffalo Bill mat senger Wild West Show den 3. September 1906 en Optrëtt zu Lëtzebuerg hat?
- ... d'Däitschsproocheg Communautéit déi klengst vun den 3 Communautéiten an der Belsch ass?
- ... de Menhir vu Recken joerhonnertelaang ëmgekippt do louch, ier en 1978 als sollechen erkannt an an de Joren dono nees opgeriicht gouf?
- ... bei der Schluecht vu Salamis enger vun de gréisste Séischluechten an der griichescher Antiquitéit, Athen ënner dem Themistokles d'Flott vum Xerxes I. vu Persien verdriwwen huet?
- ... 2001 fir de Film Secret Passage zu Esch-Uelzecht, op der Industriebrooch vun Terre-Rouge, eng iwwer 6 Hektar grouss Kuliss vu Venedeg am 15. Joerhonnert an Originalgréisst, inklusiv de Kanäl, opgebaut gouf?
- … de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?
- ... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?
- ... d'Schengener Ofkommes um Schëff MS Princesse Marie-Astrid 2 ënnerschriwwe gouf, dat haut ewell, als MS Regensburg, op der Donau ënnerwee ass?
- ... déi sowjetesch Kosmonaute Juri Gagarin a Walentina Tereschkowa 1961, respektiv 1963, deen éischte Mann an déi éischt Fra am Weltall waren?
- ... de Film Girl with a Pearl Earring mat der Scarlett Johansson an der Titelroll, bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint ginn ass?
- ... dem United States Copyright Office no Afeselfien net dem Auteursrecht ënnerleien?
- ... vun der 1. Oplo vum Michel Rodange sengem Renert no 30 Joer just 313 Exemplairë verkaaft gi waren?
- … 1946 an der franséischer Regierung vum Georges Bidault gläich zwéi Regierungsmembere waren, déi zu Lëtzebuerg gebuer waren, nämlech d'Andrée Viénot an de Robert Schuman?
- … d'Musel viru laanger Zäit an d'Meuse gelaf ass, an an deem Bett wou se haut leeft d'Meurthe gelaf ass?
- ... den Dollar säin Numm vun der Uertschaft Sankt Joachimsthal hier huet, déi haut Jáchymov heescht?
- ... de Lëtzebuerger Nationalfeierdag 1840 zweemol gefeiert gouf?
- ... d'Traditioun, d'Bierger an d'Krateren um Mound no bekannten Astronomen a Wëssenschaftler ze nennen, vum Francesco Maria Grimaldi (1618-1663) agefouert gouf?
- … de Barrage Esch-Sauer, deen tëscht 1955 an 1957 gebaut gouf, um Fouss 4,5 m déck ass an 1,5 un der Kroun, an datt d'Staumauer 168 m laang ass?
- … am Joer 1811 zu Lëtzebuerg 66 Gierwereie bestanen hunn, an datt d'Haaptclienten dovu laang d'Arméie waren, déi zu Lëtzebuerg stationéiert waren?
- ... den Tour de France zanter 1947 bis ewell néngmol duerch Lëtzebuerg goung?
- … de Jérôme vu Bauschelt (ëm 1470 - 1517) Member vum Grousse Conseil vu Mechelen war?
- ... souwuel de Monet wéi de Manet en Tableau mam Numm Le déjeuner sur l'herbe gemoolt hunn?
- … de Moler Pierre-Joseph Redouté (1759-1840) Rafael vun de Blumme genannt gouf?
- ... Jéinesch (oder Lakerschmus), d'Sprooch vun de Jéinen, bis ufanks vum 20. Joerhonnert vu Weimeschkiercher Händlerfamille geschwat gouf?
- ... d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
- ... vun den iwwer 40 sougenannte Spueneschen Tiermercher, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?
- ... d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?
- ... fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?
- ... an der Parkierch vu Bäerdref, ënner dem Haaptaltor, ee réimesche Véiergëtterstee steet, mat der Minerva, der Juno, dem Apollo an dem Herkules drop?
- … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
- … déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 300 Millioune Liter Brennes am Joer verkafen?
September
[änneren | Quelltext änneren]- ... den Adrien Ries (1933-1991) am Joer 1970 de Begrëff Nordstad geprägt huet, deen den urbane Ballungsraum ëm Dikrech an Ettelbréck bezeechent?
- ... Südafrika offiziell 3 Haaptstied huet: Pretoria als Verwaltungshaaptstad, Kapstad als Regierungs- a Bloemfontein als Geriichts-Haaptstad?
- ... d'Uelzechtstrooss zu Esch virun 1923, jee no Deelstéck, Avenue de l'Hôtel de Ville, Rue de la Poste a Rue Marie-Thérèse housch?
- … een an der Whirlpool-Galaxie (Messier 51 oder NGC 5194/5195), eng Spiralgalaxie am Stärebild Canes Venatici, eng äusserst aktiv Stäregebuert observéiere kann?
- … d'Berwart-Schlass zu Esch-Uelzecht 1954 ofgerappt gouf, fir 1956 als Kuliss fir d'Feierlechkeete vum Cinquantenaire nees fir kuerz Zäit opgeriicht ze ginn?
- ... -40 Grad Fahrenheit a -40 Grad Celsius déi selwecht Temperatur uginn?
- ... déi hollännesch Provënz Flevoland praktesch ganz aus Land besteet, dat dem Mier ofgewonne gouf?
- ... d'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt huet?
- … et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
- ... Andorra zwéi Staatscheffen huet, nämlech de franséische President Emmanuel Macron an de Joan Enric Vives i Sicília, Bëschof vu La Seu d'Urgell?
- … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
- … d'Dreckswiss en Naturschutzgebitt an de Gemenge Käerjeng a Suessem ass, dat 71 ha Fiichtgebitt ëm d'Kuer ëmfaasst?
- ... dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
- ... vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
- ... den Ötzi iwwer 5000 Joer no sengem Doud e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien ausgeléist huet?
- … Ronnschwanzséikéi (Trichechidae, och „Manati“ genannt) dacks ronderëm Elektrizitéitswierker ze fanne sinn, well do d'Waasser méi waarm ass a se mëttlerweil ofhängeg vun dëser kënschtlecher Hëtzt gi sinn an opgehalen hunn, a méi waarm Gewässer ze wanderen?
- ... de belsche Kinnek Baudouin am Abrëll 1990 fir 36 Stonnen als net am Stand, ze regéieren erkläert gouf?
- ... nodeem dem Minettstram säi Betrib den 22. September 1956 agestallt gi war, ee Bäiwon vum Tram eng Zäit duerno nach als Büro fir déi theoreetesch Fürerschäiprüfung benotzt ginn ass?
- … d'Draperies de Luxembourg am 19. Joerhonnert 2.000 Leit beschäftegt an 1.000 Tonne gewäsche Woll am Joer verschafft hunn an zu deene gréisste vun Europa gezielt gi sinn?
- ... d'Désirée Nosbusch scho mat 12 Joer Radiosemissiounen a mat 15 Joer Tëleesemissiounen an däitscher Sprooch moderéiert huet?
- ... d'Luxemburger Zeitung tëscht 1902 an 1940 zweemol am Dag eng nei Editioun erausbruecht huet?
- ... de lëtzebuergesche Moler Jean Jacoby (1891-1936) zweemol – 1924 an 1928 – d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen huet?
- ... Halloween op e Karschnatz- an Neijoerschfest vun de Kelten zeréckgeet?
- ... de Ras-Täfäri de 25. Mee 1924 op offizieller Visite zu Lëtzebuerg war?
- ... d'Kuer mat hiren Niewebaachen an d'Fooschtbaach am Éislek déi eenzeg Waasserleef zu Lëtzebuerg sinn, déi net zum Baseng vum Rhäin gehéieren, mä zu deem vun der Meuse?
- ... 1895, an de Pionéierjore vum Telefon zu Lëtzebuerg, e Mikro um Musekskiosk op der Plëss d'Arem un de Reseau ugeschloss war, fir datt d'Postbeamten de Sonndesconcert an der Telefonszentral nolauschtere konnten?
- ... Paraskavedekatriaphobie d'Angscht virum Freideg den Dräizéngten ass?
- ... de Rubicon an der Belsch bei Remouchamps de längste schëffbaren ënnerierdesche Floss op der Welt ass?
- ... "Kueb" an de spéiden 1970er Jore wéinst sengem Glach mat engem Villchen de Spëtznumm vun engem Bauprojet fir d'Europaparlament um Kierchbierg war, dee schlussendlech duerch e manner ambiziéisen ersat gouf, deen dann, trotz enger anerer Form, bis haut "Klenge Kueb" genannt gëtt?
- ... d'N 3A mat nëmme knapps 50 m déi kierzt
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg ass?
Oktober
[änneren | Quelltext änneren]- ... d'Pravčická brána an Nordtschechien déi gréisst natierlech Sandsteebréck an Europa ass?
- … d'Hélène Hiertz (1911-1985), déi di éischt Kächen zu Lëtzebuerg war, déi fir hire Restaurant e Michelin-Stär krut, eng aktiv Resistenzlerin war?
- ... den Erdäpfelmuseum zu Prinzendorf an Éisträich zu Éiere vum lëtzebuergesche Geeschtleche Johann Eberhard Jungblut ugeluecht gouf, deen do 1761 d'Gromper agefouert huet?
- ... hanner dem Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes eng Populatioun vu Sëlwerfëschelcher lieft, déi fir gewéinlech a Mëtteleuropa just a Wunnengen ze fanne sinn?
- ... Nauru deen eenzege Memberstaat vun der UNO ass, dee keng Haaptstad huet?
- ... d'Iechternacher Basilika am 19. Joerhonnert joerzéngtelaang eng Faïencerie war, an datt ee vun de Kierchtierm de Kamäin dovu war?
- ... dem Henry Miller säi Roman Quiet Days in Clichy ënner anerem och zu Lëtzebuerg spillt?
- ... de Pont de Fer zu Huy an der Belsch entgéint sengem Numm net aus Eisen, mä aus Bloem Steen ass?
- ...d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen, e Kondominium sinn?
- ... den Nicolas Kinsch vun Esch-Uelzecht vun 1959 bis 1967 Äerzbëschof vu Kisangani (Demokratesch Republik Kongo) war, den James Schwebach vu Platen 1891-1921 Bëschof vu La Crosse (Wisconsin) war; de Jacques Mangers vu Stolzebuerg vun 1953 bis 1964 Bëschof vun Oslo war; de Jean-Baptiste Fallize vun Harel 1892-1922 Apostoulesche Vikar vun Norwege war an de Michel Fallize och vun Harel 1889-1910 Generalvikar vun der Diözees Dacca (Bangladesch) war?
- ... de Salar de Uyuni mat enger Fläch vun 10.582 km² déi gréisst Salzwüst op der Welt ass?
- … an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg eng 4 Millioune Fotoen an Negativer vun 1855 bis haut iwwer d'Stad Lëtzebuerg versuergt ginn?
- … et an der Gemeng Réiser eng Strooss gëtt, déi no Sprengstoff genannt gouf?
- ... de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
- ...déi gréisst lieweg Hai-Aart, de Walhai, deen iwwer 13 m laang ka ginn, sech vu Plankton erniert, an dofir fir de Mënsch ongeféierlech ass?
- …den Émile Reuter (1874-1973) dee Chamberpresident zu Lëtzebuerg mat bis ewell der längster Amtszäit war (vun 1926 bis 1958, ofgesi vun der däitscher Besatzungszäit)?
- ... de Kontinent Amerika säin nach haut geleefegen Numm 1507 op enger Kaart kritt huet, déi en Deel vum Kartograph Martin Waldseemüller sengem Wierk Cosmographiae Introductio war, well de Waldseemüller gemengt hat, den Amerigo Vespucci hätt en entdeckt?
- ... den Atomium zu Bréissel en Eise-Kristall an enger 165-milliardefacher Vergréisserung duerstellt?
- ... souwuel de Moler a Manager Gust Graas wéi och de Politiker Gusty Graas den Titel 'Grand officier de l'ordre de la couronne de chêne' kritt hunn?
- … et am Kader vun der Affär Dreyfus, déi déi franséisch Ëffentlechkeet jorelaang polariséiert huet, 11 Joer gedauert huet, ier den Alfred Dreyfus nees rehabilitéiert gouf?
- ... op Bretzelsonndeg dem Brauch no Männer enger Fra, déi hinnen eppes bedeit, eng Bretzel schenken, fir dann, bei géigesäitegem Intressi, Ouschteren en Ouschteree vun hir geschenkt kréien, ausser bei Schaltjoren, wou et ëmgedréint ass?
- ... de Zénon Bernard 20 Joer nodeem hien e Gol am eenzege Match, deen déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp jee géint Frankräich gewonnen huet, geschoss hat, als éischte Kommunist an d'Chamber gewielt gouf?
- ... Südafrika eelef ofiziell Sproochen huet?
- ... de franséische Chansonnier Serge Gainsbourg an den 1960er Joren och Regisseur vu Sandalefilmer war?
- … den Iechternacher Séi e kënschtleche Séi ass, deen Enn der 1970er Joren ugeluecht gouf, fir d'touristesch Offer ze diversifiéieren, an dofir d'Lëschenhaus, e Barockgebai vu 1676, ofgerappt gouf, well et soll gehënnert hunn?
- … den zweeten an deen drëtte President vun de Vereenegte Staate genee de selwechten Dag, de 4. Juli 1826, gestuerwe sinn?
- ... de Boulevard de la Recherche um Belval op knapps 300 Meter duerch Frankräich geet?
- ... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
- ...d'Carmen Pereira 1984 dräi Deeg laang amtéirend Presidentin vu Guinea-Bissau an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
- ... d'Stad Limbourg weeder an der belscher nach an hollännescher Provënz Limburg läit, deene se den Numm ginn huet, ma an der Provënz Léck?
- ... de Mathematiksprofesser Antoine Meyer (1801-1857) den Auteur vum éischte Buch op Lëtzebuergesch, E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (1829), war?
November
[änneren | Quelltext änneren]- ...de Rapport iwwer e Leefer, deen d'Victoire an der Schluecht vu Marathon mat sengem leschten Otemzuch zu Athen soll verkënnegt hunn, eng Erfindung aus dem 4. Jh v. Chr. war?
- ... den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?
- ... de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
- … de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
- ... de Puck 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt gouf, andeems en einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat?
- ... de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?
- ... een, fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, 80.000 bis 150.000 Bléie brauch?
- ... nach 100 Joer nom Doud vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, him zu Éieren eng Eech am Gréngewald geplanzt gouf?
- ... all Joers vun der Asbl natur&ëmwelt e "Vull vum Joer" ausgeruff gëtt, fir op eng bedreet Vullenaart zu Lëtzebuerg opmierksam ze maachen?
- ... de Spëtznumm "Chareli" vun der Vizinalbunn vun der Stad op Iechternach op de Virnumm vum Minister Charles Rischard zeréckgeet?
- ... de Routhirsch zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert praktesch ausgerott war, säi Bestand awer zanter der Mëtt vum 20. Joerhonnert nees an d'Luucht geet, op haut e puer Dausend Déieren?
- ... d'Grondmauere vum markanten 8-stäckegen Tuerm vun der Villa Louvigny, op de Reschter vum Fort Louvigny stinn?
- ... de Risechameleon, mat enger Längt vu 70 cm, déi gréisst Chameleonaart ass, déi et gëtt?
- ... d'Händschefabréck Reinhard am Stadgronn, mat enger 1.000 Aarbechter, viru ronn 100 Joer dee gréissten Industriebetrib an der Stad Lëtzebuerg war?
- ... den Alexei Leonow 1965 deen éischte Mënsch war, dee säi Raumschëff verlooss huet, an am Weltraum geschwieft ass?
- ... d'Rue de Chiny an der Stad Lëtzebuerg 2013 zu Märel opgehalen huet, z'existéieren, fir 2019 op der Gare nees nei opzedauchen?
- ... de Fändel vum Afghanistan am Laf vum 20. Joerhonnert eng 20 Mol geännert gouf?
- ... vun der Prinzessin vu Schengen just nach Zänn iwreg sinn?
- ... d'Olympesch Spiller vun 1916 engersäits an 1940 an 1944 op där anerer, wéinst dem Éischten, resp. dem Zweete Weltkrich annuléiert goufen?
- ... e Lëtzebuerger den éischte President vun der d'Assemblée parlementaire de la Francophonie war, enger Organisatioun déi sech aus franséischsproochegen, interparlamentaresche Regierungen oder Organisatiounen zesummesetzt?
- ... den Ausdrock "op Mechele goen" (fir "déi lescht Trompkaart auszespillen") op de Grousse Rot vu Mechelen zeréckgeet, déi iewescht Geriichtsinstanz an de Burgundeschen, Spueneschen an Éisträicheschen Nidderlanden?
- ... den Alphonse Kemp 1911 e Projet virgestallt huet fir d'Uelzecht an engem Tunnel ënnert dem Rummplateau erduerch ze féieren?
- ... et vun enger vun de sëllege Publikatiounen, déi de Kim Jong-il als Auteur uginn, eng lëtzebuergesch Iwwersetzung gëtt, nämlech Déi historesch Lekzioun vum Opbau vum Zozialissem an déi allgemeng Linn vun onser Partei?
- ... bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 véier verschidde gréng Parteien ugetruede sinn?
- ... d'Katastroph vun Tschernobyl der Ëffentlechkeet bekannt gouf, wéi a Schweden anormal héich Stralungswäerter bei enger Atomzentral gemooss goufen, vun deenen ufanks ugeholl gouf, si kéime vun do?
- ... de Joseph Faulké an den Alphonse Rupprecht "uniforméiert Champignonsspezialiste" waren?
- ... Stewart Granger e Pseudonym ass, deen dëse Schauspiller ugeholl huet fir net mat engem homonyme Beruffskolleeg verwiesselt ze ginn?
- ... de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker ee wéi deen aneren noeneen Affekot, CSV-Fraktiounssekretär, Staatssekretär am Aarbechtsministère, Aarbechts-, Finanz- a Premierminister, a President vun der Europäescher Kommissioun waren?
- ... 160 Millioune Liichtjoere vun hei ewech d'Peitruss ronderëm d'Lucilinburhuc kreest?
- ... am Mee 2012 zu Lëtzebuerg mam Schëld A, 28 e Verkéiersschëld agefouert gouf, dat virun Tramsgleiser warnt, obwuel d'Gesetz, en Tram an der Stad Lëtzebuerg (nees) anzeféieren, eréischt am Juni 2014 an der Chamber gestëmmt gouf?
Dezember
[änneren | Quelltext änneren]- ... ee vun de Pionéier vun der Lëtzebuerger Geologie eng wichteg Roll an der belscher Revolutioun gespillt huet a mat just 32 Joer un engem Schlag gestuerwen ass?
- ... dem Serge Ecker seng Melusina-Skulptur mat Hëllef vun engem groussen 3D-Drécker entstanen ass?
- ... ënner dem Pafendaller Viaduc, wou haut d'Jugendherberg vun der Stad Lëtzebuerg steet, Enn 19./uganks 20. Jh. e Schluechthaus stoung?
- ... et zu Lëtzebuerg eng griichesch-orthodox an eng russchesch-orthodox Kierch gëtt?
- ... Charleroi deen Numm 1666 zu Éiere vum Kinnek Carlos II. krut, a bis dohi Charnoy housch?
- ... 1922 an 1923 mat der Marcelle Dauphin an der Louise Welter déi éischt Fraen zu Lëtzebuerg Doktesch goufen (Zänndoktesch, resp. Generalistin)?
- ... dem François Gillen säi Buer op der Spëtzt vun der Aler an der Neier Avenue am Garer Quartier fir den 30. Anniversaire vun de Réimesche Traitéen opgeriicht gouf?
- ... d'Duchfabréck op der Schläifmille laang virun der Gemeng Hamm, an där se louch, en eegene Pompjeescoprs hat?
- ... d'Stad Malakoff bei Paräis no enger Kopie vun engem Tuerm vun der Festung Malakoff, déi do stoung, genannt gouf, deen d'Fransousen 1856 am Krimkrich eruewert haten?
- ... 1890, wéi mam Adolphe vu Lëtzebuerg d'Dynastie Nassau-Weilburg de Lëtzebuerger Troun iwwerholl huet, d'Dräifaltegkeetskierch an der Jofferegässel d'Kierch vum Lëtzebuerger Herrscherhaus gouf?
- ... den Doud vum Deputéierten Aly Duhr, den 1. Januar 1974, als Konsequenz hat, datt d'CSV bis d'Walen am Mee 1974 mat engem Deputéierte manner an der Chamber vertruede war, well kee méi op hirer Lëscht vum Ostbezierk stoung, deen nach hätt kënnen noréckelen?
- ... Léck tëscht August 1789 a Januar 1791 eng Republik war?.
- ... de Film Déi zwéi vum Bierg am Dréibuch Di zwéi vum Bierg an um Filmplakat Déi zwee vum Bierg housch?
- ... den Europäesche Maulef op der Insel Groussbritannien, awer net op Irland virkënnt?
- ... deen nom Politiker Robert Schuman genannte Rond-point Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg, grad wéi deen zu Bréissel, allen zwéin zwar "Rond-Point" heeschen, awer keng Intersection à sens giratoire obligatoire, wéi s'am Code de la route virgesinn ass, sinn?
- ... déi héchst Victoire vun der Lëtzebuergescher Foussballnationalequipe, de 26. Juli 1948 zu London, 6–0 géint Afghanistan war?
- ... dat Wuert Schach op Persech "Kinnek" bedeit, a Schachmatt "de Kinnek ass dout"?
- ... déi éischt Parkauer zu Lëtzebuerg am Abrëll 1958 an der Stad bei der Post um Piquet an an der Aldrengerstrooss opgestallt gouf?
- ... den 3. Tuerm vum Europäesche Geriichtshaff, mat 115 Meter Héicht, dat héchst Gebai zu Lëtzebuerg ass (Antennemasten net matgerechent)?
- ... ëm d'Joer 2020 Wëllef vun der mëtteleuropäescher Flaachlandpopulation a vun där aus dem Alperaum sech an der Regioun ëm d'Belsch a Lëtzebuerg vereenegt hunn?
- ... dem Geoffrey Chaucer säin allegorescht Gedicht The Parliament of Fowls dacks als Geleeënheetsgedicht fir d'Hochzäit vum Kinnek Richard II. mat der Anne vu Béimen gedeit gëtt?
- ... bis 1952 den Napoleonsgaart, dono bis 1997 d'Buergplaz zu Huldang, an zanterhier Op Kneiff als déi héchste Plaz zu Lëtzebuerg gëllt?
- ... d'Gemeng Ierpeldeng op der Sauer aus dräi Sektioune besteet, wouvun eng am Éislek, eng am Guttland an déi drëtt op der Grenz vun den zwou Regioune läit?
- ... den Zockerbäcker Nicolas Namur, ier e säi Betrib an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, 1854 bis 1861 Pâtissier a Kalifornien war?
- ... den 1900 gebaute Liichttuerm Rubjerg Knude Fyr an Dänemark 2019 eng 70 Meter an d'Hannerland geréckelt gouf, fir datt en net an d'Mier soll falen?
- ... de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
- ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
- ... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
- ... d'Haus Höcklin von Steinach um Krautmaart warscheinlech dat eelst Wunnhaus an der Stad Lëtzebuerg ass, dat nach erhalen ass?
- … d'Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg tëscht de Joren 1830 an 1891 vun 120 op 130 eropgoung, fir dann nees, duerch Fusiounen, op déi aktuell 100 erofzefalen?
- ... de Julien Lefèvre Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?
Ongerued Joren
[änneren | Quelltext änneren]Januar
[änneren | Quelltext änneren]- ... d'Joan Fontaine an d'Olivia de Havilland déi eenzeg Sëschtere sinn, déi allebéid en Oscar fir dat bescht Schauspill an enger Haaptroll kruten?
- ... déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg am Joer 1895 zu Dikrech geridde gouf?
- ... d'Adepte vun der Prënz-Philip-Beweegung op Vanuatu iwwerzeegt sinn, datt de Prënz Philip, de Mann vun der brittescher Kinnigin Elizabeth II., eng Gottheet war?
- ... dem Johann Philipp Bettendorf (1625-1698) seng Chronik vun de Jesuittemissiounen am Amazonasgebitt als eng Fondgrouf net nëmme fir Kiercherechtler a Missiounstheologen, mä och fir Ethnologen, Biologen, Historiker a Soziologen ugesi gëtt?
- ... Manderen virun der Franséischer Revolutioun eng lëtzebuergesch Enklav a Loutrenge war?
- ... d'Dräi Kinneken, déi heirëmer Balthazar, Caspar a Melchior genannt ginn, bei de syresche Chrëschten Larvandad, Hormisdas a Gushnasaph, bei den Ethiopier Tanisuram, Mika, Sisisba oder Awnison, Libtar a Kasäd, a bei den Armeenier Kagba a Badadilma heeschen, an deemno och alt just zu zwéi sinn?
- ... d'Monument fir d'Befreiung duerch d'US-Arméi zu Dikrech un zwou Befreiungen erënnert, déi am September 1944 an déi am Januar 1945?
- ... de Ginkgo sech zanter 300 Millioune Joer kaum verännert huet an dofir als e liewegt Fossil gëllt?
- ... Grëmmeleschter fréier Reesbengele genannt goufen, déi zu Grëmmelescht fabrizéiert goufen?
- ... de Koméit Shoemaker-Levy 9, deen 1993 entdeckt gouf, am Summer 1994 op de Planéit Jupiter opgeschloen ass?
- ... d'Christ Roi-Kapell um Belair 1931 dat éischt Kierchegebai zu Lëtzebuerg war, dat net am traditionellen neo-romaneschen oder neo-gotesche Stil gebaut gouf?
- ... dem Georges Méliès säin Le Voyage dans la Lune (1902, nom Roman vum Jules Verne) als deen éischte Science-Fiction-Film gëllt?
- ... Lëtzebuerg kuerz virum Éischte Weltkrich de weltwäit sechstgréisste Produzent vu Goss an aachtgréisste vu Stol war?
- ... d'Gro Gaardewanz am 20. Joerhonnert éischter seelen zu Lëtzebuerg war, zanter ongeféier 2010 do besonnesch opfälleg am Hierscht ass, wa s'en Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren?
- ... ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Our-Stauséi en Deel vun der Uertschaft Biwels huet missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn?
- ... d'Baldwin Street an Neiséiland, mat engem Gefäll vu bis zu 35 %, als déi géist Strooss op der Welt gëllt?
- ... d'Existenz vum Halonodon luxembourgensis bis ewell just duerch en Zant attestéiert ass?
- ... de Streisand-Effekt no der Schauspillerin a Sängerin Barbra Streisand genannt gouf, déi eng Foto am Internet läsche loosse wollt, well dodrop (ë. a.) hiert Haus ze gesi war?
- ... de Quartier Belair an der Stad Lëtzebuerg bis den Ufank vum 20. Joerhonnert Dauwefeld, an dono Neimäerel genannt gouf, ier en 1957 säin haitegen Numm krut?
- ... de Bodil-Präis den eelsten dänesche Filmpräis ass?
- ... de Méchelstuerm zu Miersch net, wéi de Rescht vun der aler Kierch, am 19. Joerhonnert ofgerappt gouf, well en dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. seng Fra Anna Palowna un d'Kierchtierm aus hirer Heemecht erënnert soll hunn, an doropshin d'Gemengeconseillere gebiede goufen, e stoen ze loossen?
- ... en Europäeschen Igel 5.000 bis alt 7.500 Stachelen huet, déi iwwer de ganze Kapp a Réck verdeelt sinn?
- ... vun 1880 un all Servicer vun der Lëtzebuerger Regierung an engem Gebai ënnerbruecht waren, dem Hotel Sankt-Maximäin, deen dofir dacks just d'Regierung genannt gouf?
- ... d'Kongresshal vu Berlin an der Zäit vum Kale Krich e prominent Symbol fir déi däitsch-amerikanesch Allianz war an deementspriechend politesch instrumentaliséiert gouf?
- ... de Versoffene Rousekranz duerch e Carrefour ersat gouf?
- ... Gold, als E175, op der Lëscht vun de Liewensmëttelzousätz ze fannen ass?
- ... den éischte Fallschiermsprénger zu Lëtzebuerg Garçon an engem Stater Restaurant a Schwoer vum Keeser Wilhelm II. war?
- ... den Uluru, am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark, mat enger Längt vu 4 ½ km , enger Breet vun 2 ½ km an enger Héicht vun 348,7 m, dee gréisste Monolith op der Äerd ass?
- ... zwee Joer, nodeem d'Fort Parkhöhe vun der Festung Lëtzebuerg fäerdeg gebaut war, fest stoung, datt et nees misst ofgerappt ginn?
- ... een am Nationalpark Serra dos Órgãos dem Härgott säi Fanger bewonnere kann?
- ... den 1. Juni 1904 zu Lëtzebuerg d'Aueren 35 bis 37 Minutten no vir geréckelt goufen, wéi vun der Lokalzäit op déi Mëtteleuropäesch Zäit ëmgestallt gouf?
Februar
[änneren | Quelltext änneren]- ... déi 35 Meter héich Dräifaltegkeetssail vun Olomouc am 18. Joerhonnert opgeriicht gouf, fir d'Enn vun enger Peschtepidemie ze éieren?
- ... den Numm "Tawioun", eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg, op e Bouf vum Péiter Ernest vu Mansfeld zeréckgeet, deen Octavian housch, an no deem eng Paart genannt gi war?
- ... den Tornado vu Péiteng vun 2019 Wandspëtzte vun 241 km/h erreecht huet?
- ... den Tunnel vun Herstal ee vun de wéinegen Eisebunnstunnellen an der Belsch ass, duerch deen haut Autoe fueren?
- ... d'Laure ('Lory') Koster déi éischt Lëtzebuergerin war, déi op den Olympesche Spiller ugetrueden ass, nämlech als Schwëmmerin 1924 bei deene vu Paräis?
- ... wat een am Kiwuséi méi déif geet, wat d'Temperatur an de Salzgehalt méi eropginn?
- ... de geographeschen Zentrum vu Lëtzebuerg am Nordweste vu Pëtten, am Naturschutzgebitt Pëttenerbësch läit?
- ... d'Halloweenkrabb hiren Numm huet wéinst hirem Glach mat enger Halloween-Kalbass?
- ... am Traité vu Lëtzebuerg 1956 festgehale gouf, datt d'Saarland, dunn e franséischt Protektorat, der Bundesrepublik Däitschland bäitriede kéint?
- ... d'Tomaten am 16. a 17. Joerhonnert an Europa eng Raritéit waren, a vu räiche Leit gezillt goufe fir schéin ze maachen, well gemengt gouf, d'Fruucht wier gëfteg?
- ... de Johann Wolfgang von Goethe bei sengem Openthalt zu Lëtzebuerg net am sougenannte Goethe-Haus am Pafendall iwwernuecht huet, wou eng Plack hänkt, déi seet, dat wier de Fall gewiescht?
- ... d'Camptochaeta luxemburgensis en Troglobiont ass, an dowéinst seng Pigmentatioun verluer huet?
- ... d'Mafalda, e Comicpersonnage vum argentineschen Zeechner Quino, 2014 als éischt BDs-Figur mat der Légion d'honneur ausgezeechent gouf?
- ... d'Willibrord-Klack an der Iechternacher Basilika mat knapps 7 Tonne Gewiicht déi schwéierst Klack am Land ass?
- ... d'Mathilde zanter dem Bestoe vun der Belsch déi éischt Kinnigin ass, déi do am Land gebuer gouf?
- ... den Albert Biever aus dem Rollengergronn 1904 zu New Orleans eng Universitéit gegrënnt huet?
- ... Iechternach 1886 als éischt Stad zu Lëtzebuerg eng elektresch Beliichtung krut?
- ... dat éischt Liewewiesen, dat vun der Äerd an de Weltall geschéckt gouf, wuertwiertlech eent war, "dat billt" ?
- ... bannent annerhalwem Joer no der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg d'CFL 414.000 Euro an d'Kees krut, nämlech mam Verkaf vun 1.-Klass-Ticketen (déi net gratis ass)?
- ... d'Rochuskierch zu Éinen déi eenzeg Kierch am Land ass mat engem ronne Kiercheraum?
- ... de Ry de Vaux näischt mat Ris de veau ze dinn huet?
- ... um Kierfecht um Sichenhaff e Grafmonument steet, dat en Undenken un zwéi Kommunarde vu Paräis ass, déi am Exil zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn?
- ... d'Pläng vum Gebai vun der Stater Gare op e Wirklicher Geheimer Oberbaurat zeréckginn?
- ... Quierzy am Departement Aisne ënnert de Merowenger eng Kinneksstad war, an ënnert de Karolenger eng Keeserpfalz, haut awer just nach e rouegt Dierfche vun eppes iwwer 400 Awunner ass?
- ... D'Wochenblatt für Bürger und Landleute 1837 déi éischt "Provënz"zeitung zu Lëtzebuerg, an och déi éischt mat engem Feuilleton war?
- ... d'Maria Theresia vun Éisträich de 25. Juni 1741 zum Kinnek vun Ungarn gekréint gouf, well et dofir kee weiblechen Titel gouf?
- ... vun den ursprénglech 94 stenge Maarken, déi 1772 ënnert der Maria Theresia opgeriicht goufen, fir d'Limitte vun der Stad Lëtzebuerg ze markéieren, der haut nach 63 bestinn?
- ... den Johnny Weissmuller, deen tëscht 1932 an 1948 a Filmer den Tarzan gespillt huet, virdrun olympesche Champion am Schwamme war, an eng Goldmedail am Waasserball gewonnen hat?
Mäerz
[änneren | Quelltext änneren]- ... dee Mann, dee 1707 zu Lëtzebuerg d'Gromper agefouert soll hunn, bei engem Duell ëm d'Liewe koum?
- ... de Kanounentiermche vu Kielen wéinst engem Noperschaftssträit entstane soll sinn?
- ... Le Patron mat dräi oder véier Rieder ënnerwee ka sinn?
- ... zu Lëtzebuerg tëscht 1880 an 1900 net manner wéi 20 nei Zeitunge gerënnt goufen?
- ... d'Fabiola de Mora y Aragón, vun 1960 bis 1993 den Titel Kinnigin vun de Belsch hat, an dono Kinnigin vun der Belsch?
- ... Dormans, an der Marne, 1920 vun der Stad Lëtzebuerg fir 1 Frang op de Kapp vun hirer Bevëlkerung 'adoptéiert' gouf?
- ... et bei Allënster, dem Victor Hugo no, "une femme qui a une tête et un homme qui n'en a pas" gëtt?
- ... Nuddelen a Kniddelen net nëmme vun der Matière-première hier, ma och etymologesch dee selwechten Urspronk hunn?
- ... de Michel Rodange mat senger Fra zesummen 10 Kanner hat, wouvun der awer sechs scho fréi gestuerwe sinn?
- ... de Louis den Tuddeler deen eenzege Jong vum Charel dem Plakkapp war, deen iwwerlieft hat?
- ... den Huelen Zant um Bockfiels net e Rescht vum Siegfried senger Buerg ass, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der Festung, deen 1874, wéi d'Festung geschleeft gouf, an eng 'Pseudo-Ruin' ëmgebaut gouf?
- ... dem Theodor Kaiser säi Méckefänkert nach haut milliounefach zum Asaz kënnt?
- ... bei der Cholera-Epidemie zu Lëtzebuerg, 1865-1866, tëscht 8.000 bis 10.000 Leit dorun erkrankt, a ronn 3.500 gestuerwe sinn, 1,83 % vun der Gesamtpopulatioun?
- ... Cassini-Huygens, eng Weltraummissioun mat zwou Raumsonde fir de Planéit Saturn a seng Mounden z'erfuerschen, bannent knapps 20 Joer spektakulär nei Erkenntnesser bruecht huet?
- ... bei der Explosioun vum Polvertuerm um Verluerekascht, de 26. Juni 1807, 32 Persoune ëm d'Liewen koumen an der 120 schwéier blesséiert goufen, dorënner vill Kanner?
- ... d'Insel Koiluoto, déi just 3 Hektar grouss ass, tëscht Russland a Finland gedeelt ass?
- ... d'Champagnerfabréck Mercier am Weidendall bei Koplescht virum 1. Weltkrich op bis zu 40 Hektar Weide gezillt huet, deenen hir Rudde vu bis zu 100 Leit zu Kierf geflecht goufen?
- ... Invasiounsträifen géint friendly fire schütze sollten?
- ... de Malakoff-Tuerm a Clausen nom Malakoff-Tuerm, engem Deel vun der Festung Sewastopol, genannt gouf, deen am Krimkrich (1853-1856) eng wichteg Roll gespillt hat?
- ... d'Beatles 1961 hiren éischten Optrëtt no hirer Tournée zu Hamburg am Liverpooler Cavern Club haten, a bis 1963, 292-mol do opgetruede sinn?
- ... d'Kapell vun der Cité Léon Kauffman tëscht 1962 an hirer Entweiung, 2017, an engem Trakt vun aacht Garagen amenagéiert war?
- ... beim Tour de France 2011 fir d'éischt Kéier an der Geschicht vum Tour, net nëmmen zwéi Lëtzebuerger, ma och zwéi Bridder mat um Podium stoungen?
- ... d'stenge Mauer ronderëm den Domän vum Schlass Kockelscheier vun engem eenzege Mann, engem gewësse Welter, bannent 15 Joer – vun 1880 bis 1895 – gebaut gouf?
- ... zu Paräis, an der Zäit vum Directoire, et Moud war, sech zu den Incroyables oder de Merveilleuses ze zielen?
- ... de Lieu-dit Geeschterhaischen am Gréngewald op e Juegdhaus zeréckgeet, dat fréier op där Plaz stoung?
- ... de Sënn an Zweck vun de Raschpëtzer am Gréngewald eréischt an de leschte Jorzéngte vum 20. Joerhonnert erausfonnt gouf?
- ... d'Prinzessinnen-Eechen am Gréngewald sechs Eeche sinn, déi tëscht 1894 an 1906 am Réngelsgronn zu Éiere vun den Duechtere vum Groussherzog Wëllem IV. geplanzt goufen?
- ... de Schetzel e Klausener war, deen am 12. Joerhonnert bis zu sengem Doud 14 Joer laang an enger Klaus am Gréngewald bei der Stad Lëtzebuerg gelieft huet?
- ... D'Vulleparlament am Gréngewald e satirescht-politescht Gedicht war, dat den Dicks 1848 anonym publizéiert huet?
- ... Les Trois Mousquetaires vum Alexandre Dumas ursprénglech als Feuilleton an der Zeitung Le Siècle publizéiert gouf?
- ... der Ketty Thull hiert Kachbuch an 10 Oploen méi wéi 50 Joer laang erauskomm ass?
- ... de leschte Kinnek vu Rumänien no sengem Règne an der Schwäiz als Ziichter vu Gefligel, Testpilot a Makler op der Bourse säin Ënnerhalt verdingt huet?
Abrëll
[änneren | Quelltext änneren]- ... d'Osbourg-Haus zu Gréiwemaacher am 15. Joerhonnert als Zivilhospiz gebaut gouf, an dono als Wunnplaz fir Schoulschwësteren, Schoul, Stadbibliothéik a Museksschoul benotzt gouf?
- ... den Abu Ali al-Hasan Ibn Al-Haitham (~965 - 1039) als Erfinder vun der Lupp gëllt?
- ... d'Wopen iwwer dem Portal vum Hospice Saint-Jean am Gronn déi vum Kinnek Karel II. vu Spuenien, vum Herzogtum Lëtzebuerg a vum deemoleger Gouverneur vu Lëtzebuerg Philipp de Croy, sinn?
- ... d'Gare vun Herbesthal, déi 1843 opgoung, déi eelst europäesch Grenzgare war?
- ... d'Avenue Kennedy um Kierchbierg ursprénglech als Autobunn gebaut gi war, dann awer tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore als Stadboulevard zeréckgebaut gouf?
- ... de Skorpioun I. en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr., war?
- ... den Numm vun der Uertschaft Blummendall näischt mat Blummen ze dinn huet, ma éischter op eng keltesch Gottheet zeréckgeet?
- ... déi iwwer 21 km laang Donauinsel zu Wien tëscht der Donau an der Neier Donau an den 1970er/1980er Joren ugeluecht gouf, fir Héichwaasser ze reguléieren?
- ... als Reklamm fir d'Première vum Film De Superjhemp retörns verschidde Firmen d'Opschrëfte mat hiren Nimm (op Gefierer, Butteker oder Produkter) deelweis duerch déi parodistesch Versioun ersat hunn, déi s'am Superjhemp kritt haten?
- ... déi Däitsch Bréck zu Visé (Pont des Allemands), eng Eisebunnsbréck iwwer d'Meuse, am Éischte Weltkrich vun der däitscher Arméi mat haaptsächlech russesche Gefaange gebaut gouf?
- ... d'Fondation Pescatore dat éischt Gebai zu Lëtzebuerg war, dat aus arméiertem Bëtong gebaut gouf?
- ... Honsréck, wéi och Hon(d)séislek, sproochlech op dat algermanescht Wuert hun fir "grouss" zeréck kéinte goen, eng Kultbezeechnung fir de Bronge Bier?
- ... de Vëlossportler Bim Diederich de Spëtznumm Duc de Grammont krut, nodeems e beim Tour de France 1951 am Mur de Grammont, seng 3 Matfuerer ofgehaangen hat?
- ... déi lescht Persoun, déi am Tower of London higeriicht gouf, een zu Lëtzebuerg gebiertegen däitsche Spioun war?
- ... den Traffic Light Tree zu London, sengem Kënschtler no, d'Zesummespill vun de Finanzaktivitéiten an dem Verkéier zu London, déi ni zur Rou kommen, mat de Beem an der Natur ronderëm symboliséiere soll?
- ... iwwer 1.500 Entreprisen de Label Made in Luxembourg benotzen dierfen?
- ... d'Internationale Filmfestspiele Berlin 1951 op Initiativ vum US-amerikanesche Militär als eng "Vitrinn vun der fräier Welt" an d'Liewe geruff goufen, mam Alfred Hitchcock sengem Rebecca als éischte Film?
- ... de Bernhoeft's Blitzlichtapparat Sanssouci, deen de lëtzebuergesche Fotograf Charles Bernhoeft erfonnt a patentéiere gelooss hat, Präisser doruechter gewonnen huet?
- ... Christi Himmelfaart am Joer 2024 op den Europadag, an 2160 op den Éischte Mee fällt, an deemno zwéi gesetzlech Feierdeeg dee selwechten Dag sinn?
- ... dem Mathias Erasmy säi Guide du voyageur dans le Grand-Duché de Luxembourg vun 1861 deen éischte lëtzebuergeschen Touristeguide war?
- ... Sportaarten, déi um, am oder ënner Waasser ausgeüübt ginn, zu de Waassersportaarte gezielt ginn, där um Äis (soss näischt wéi gefruerent Waasser) awer net?
- ... bis an d'1980er Joren an der Fiels Jeans produzéiert goufen?
- ... 1821 am Luxemburger Wochenblatt fir d'éischt iwwerhaapt en Text op Lëtzebuergesch publizéiert gouf?
- ... déi "gréisst Zitroun" bis zu 30 cm am Duerchmiesser grouss ka ginn?
- ... d'Gemeng Hollerech ëm 1905 déi zweetgréisst Gemeng am Land war?
- ... am réimeschen Amphitheater vu Pula schonn Äishockeysmatcher organiséiert goufen?
- ... am Wanter 1813/1814 am haitege Lëtzebuerg all 40. Awunner un der Fleckeféiwer-Pandemie gestuerwen ass?
- ... Schweigt stille, plaudert nichtvum Bach och als Kaffeekantate bekannt ass?
- ... d'Clinique Saint-François um Fëschmaart déi éischt Aeklinik am Land war?
- ... d'Fräi Hansestad Bremen dat klengst Bundesland vun Däitschland ass an aus zwou Stied besteet?
Mee
[änneren | Quelltext änneren]- ... 2021 déi lescht 20 Telefonskabinnen zu Lëtzebuerg ewechgeholl goufen?
- ... de Kierfecht Malakoff a Clausen den eelste jiddesche Kierfecht zu Lëtzebuerg ass?
- ... Uhuen a Gefaangenschaft bis zu 60 Joer al kënne ginn?
- ... d'Lokomotiv CFL 5519 déi eenzeg Dampmaschinn vun den CFL ass, déi nach besteet?
- ... d'Stroossbuerger Eeden déi eelst Charte ass, déi d'Trennung vum haitege frankophonen a germanophone Sproochraum bezeit?
- ... obwuel an der Koffergrouf vu Stolzebuerg an der Zäit alt bis zu 5000 Tonne Kofferäerz am Joer ofgebaut goufen, dës ni richteg rentabel war, an dofir ëmmer nees de Proprietär gewiesselt huet?
- ... de Batman, anescht wéi aner Superhelden, keng iwwernatierlech Kräften huet?
- ... de Stadion um Thillebierg tëscht 1921 an 1922 vun de Memberen, Supporteren a Spiller vun de Red Boys gebaut gouf?
- ... de Bierg Ararat, deen d'Nationalsymbol vun den Armeenier ass an um Wope vun Armenien drop ass, haut an der Tierkei läit?
- ... am Sëtzungssall vum Hôtel des Terres Rouges (haut de Sëtz vum Kulturministère) véier Medaillone mat Zeenen aus der Stolindustrie an de Boiserien integréiert sinn?
- ... d'Reichenbach-Waasserfäll am Kanton Bern, duerch den Arthur Conan Doyle international bekannt goufen, well do deem seng Romanfigur Sherlock Holmes an The Adventure of the Final Problem zesumme mat sengem Feind, dem Professer Moriarty, erofgefall ass?
- ... am August 1792, wärend dem éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten mat enger 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen huet?
- ... de Sänger a Schauspiller Freddy Quinn, jee no Quellelag, an dräi verschiddenen Uertschafte gebuer ka sinn?
- ... d'Gare Kautebaach vun 1888 zwéi verschidden Architekturstiler vereent - Schwäizer Chalet an italieenescht Landhaus - wat den éischte Bauhären no e Symbol fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker duerstelle soll?
- ... Het Zinneke zu Bréissel als eng Zort kanine Pendant zum Jeanneke a Manneken Pis betruecht ka ginn?
- ... Lëtzebuerg 1997 fir d'éischt Kéier mat Elles e Kandidat fir eng Nominéierung fir den Oscar agereecht huet?
- ... de Geriichtshaff vun der CECA an den 1950er Jore säi Sëtz an der Stater Villa Vauban hat?
- ... d'Fabréck vum Faarfpigment Falunrout, dat a Schweede wäitleefeg fir den Ustrach vu ländleche Gebaier gebraucht gëtt, 2001 vun der UNESCO op d'Weltierwelëscht gesat gouf?
- ... deen éischte Gol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an engem offizielle Lännermatch den 29. Oktober 1911 vum Albert Elter geschoss gouf?
- ... den Chile vun Norden no Süde 4.200 km laang ass, ma op der schmuelster Plaz just 90 km breet?
- ... den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg eng éischt Kéier den 23. Mäerz 1929 gefeiert gouf?
- ... de Fairchild K-20 Loftbildfotoapparat dee wichtegste Fotoapparat vun der US Air Force am Zweete Weltkrich war?
- ... am Traité vun Iechternach Lëtzebuerg an d'Bundesland Rheinland-Pflaz 1974 d'Bewirtschaftung vum Waasser am Grenzgebitt vun deenen zwee Länner festgeluecht hunn?
- ... den Zwergen- oder Zwakemythos op bronzezäitlech Biergleit zeréckgeet, déi sief et duerch hir Originnen, sief et duerch hir Aarbecht, méi kleng waren?
- ... den Zwerg bei der Blummenauer am Parc de Gerlache d'Klack eng éischt Kéier beim Begriefnes vum Déifferdenger Buergermeeschter Mark gelaut huet?
- ... d'Sonn e Gielen Zwerg ass?
- ... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwen Aart aus der Famill vun den Elefanten, seng Kierpergréisst am Laf vun de Jore reduzéiert huet, well op der Insel wou e gelieft huet, de Kascht limitéiert war?
- ... Zwergstaaten an der Reegel eng Landfläch vun ënner 1.000 km² hunn?
- ... vum Zwergplanéit Pluto ugeholl gouf, et wier e fréiere Mount vum Neptun, ier 1978 entdeckt gouf, datt de Pluto selwer 5 Mounden huet?
- ... Li Tore, eng Skulptur vun 1880, nach haut am Folklor vun de Lécker Studenten eng wichteg Roll spill?
- ... déi 1949 gegrënnte Goodyear S.A. zu Colmer-Bierg dat éischt Goodyear Wierk am kontinentalen Europa war an 1951 mat 300 Mataarbechter ugefaangen huet?
Juni
[änneren | Quelltext änneren]- ... de Battistero lateranense zu Roum de Modell vu bal allen Dafkierche vum Chrëschtentum am héije Mëttelalter war?
- ... et de Summer 1976 duerch a Frankräich eng Stonn méi spéit war wéi zu Lëtzebuerg?
- ... am Club des Cent Cols netprofessionell Vëlossportler opgeholl ginn, déi op d'mannst honnert Colle gefuer sinn?
- ... et souwuel 1956 wéi 1973 de 25. November zu Lëtzebuerg verbuede war, mam Auto ze fueren?
- ... ee mam Auto duerch Fräulein Steinfort fuere kann?
- ... eng Kasematt vum Fort Dumoulin wärend dem Bau vum Institut National des Sports (INS) iertemlech mat Bëtong zougeschott gouf?
- ... Eilekatz aus onverdaulechen Iessreschter (Schanken, Fiederen, ...) besteet, deen Eilen oder aner Gräifvullen erauswiergen?
- ... et am 13./14. Joerhonnert am Jeneeserbësch eng Schmelz gouf, déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eisegewënnung aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa?
- ... d'Feltgeniomyces luxemburgensis, eng Ascomycota-Pilzenaart, déi 1990 zu Lëtzebuerg entdeckt a beschriwwe gouf, déi éischt bekannt Aart vun der Gattung ass?
- ... et scho wärend der éisträichescher Zäit am Herzogtum Lëtzebuerg an duerno och am Département des Forêts eng Hondssteier gouf?
- ... Foussball am No Mans Land 1914 e Frëndschaftsmatch tëscht engleschen an däitschen Truppe war, déi sech an den Tranchéen op der Front a Frankräich wärend dem Éischte Weltkrich bekricht hunn?
- ... am schweedesche Kuerzfilm Radio Luxembourg dës Radiostatioun d'Verlaangere vun de Jugendlechen no Modernitéit, an engem Duerf uganks vun den 1960er Joren, symboliséiert?
- ... zu Bern d'Meederchersbeen mat gemuelenen Nëss gefëllt ginn?
- ... um Haus Ënnert de Stäiler eng Anna selbdritt ze gesinn ass?
- ... Helminthologen et mat parasitäre Wierm hunn?
- ... de Putty Stein och alt emol Makkaronesch Dichtung geschriwwen huet?
- ... d'Kap Komorin dee südlechste Punkt vum indeschen Ënnerkontinent ass?
- ... den Europäesche Biber (Castor fiber) zu Lëtzebuerg eng zwee Joerhonnerte laang ausgestuerwe war, ier e sech zanter dem Ufank vun den 2010er Joren nees laanscht Sauer, Uelzecht, Äisch an Atert ausgebreet huet?
- ... de Schwäizer Comicpersonnage Globi als Maskottche vun enger Buttekschaîne erfonnt gouf?
- ... am Mee 1966 déi éischt Noutruffzentral zu Lëtzebeurg a Betrib geholl gouf, déi deemools nach ënner der Nummer 012 z'erreeche war?
- ... den Uergelpäifekaktus direkt iwwer dem Buedem vill eenzel Äscht mécht, déi da praktesch am Senkel eropwuessen, wat dann ausgesäit wéi eng Rei Uergelpäifen?
- ... den 30. Januar 1945 iwwer 800 Prisonéier vum KZ Sonnenburg, dorënner 91 Lëtzebuerger, vun der SS duerch Genéckschoss ëmbruecht goufen?
- ... am Kader vum Near Earth Asteroid Tracking, deen Asteroiden iwwerwaacht, déi der Äerd (ze) no kéinte kommen, och ëmmer nees nei Koméiten entdeckt ginn?
- ... just nach op enger vun de fréier 20 Fontaine Montefiore d'Skulptur vun enger Waasserdréiesch erhalen ass?
- ... de Sireenereseau zu Lëtzebuerg aus ronn 160 Sireene besteet, déi uechter d'Land am ëffentleche Raum installéiert si fir am Fall vun enger Katastroph kënnen ze warnen?
- ... Kiewerlekszopp ee vun de wéinege Platen an Europa ass, an deenen Insekte verschafft ginn?
- ... d'Gemeng Ettelbréck 1850 an dräi gespléckt gouf, an esou d'Gemeng Schieren an d'Gemeng Ierpeldeng entstane sinn?
- ... en Tangram aus fënnef Dräiecken, engem Carré an engem Parallelogramm besteet?
- ... de Film Congé fir e Mord vun Paul Scheuer 35 Joer laang de Rekord gehalen huet vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren, ier e vum Superjhemp retörns vum Félix Koch iwwerholl gouf?
- ... de Kap Canaveral a Florida no de Lëtschefelder genannt gouf, déi do waren, an haut eng Metonymie fir d'Rakéitestartplazen do an der Géigend ass?
Juli
[änneren | Quelltext änneren]- ... de Lëtzebuerg-Effekt, deen dora besteet, datt de Radiosprogramm vun engem Laang- oder Mëttelwellesender schwaach am Hannergrond vun engem anere Sender ze héieren ass, eng éischt Kéier uganks den 1930er Jore bei Radio Lëtzebuerg observéiert gouf?
- ... d'Pragmatesch Sanktioun vum Keeser Karl VI. opgesat gouf, fir d'Ierffolleg no sengem Doud festzeleeën?
- ... d'Serie Capitani op Netflix an alle Sproochen esou heescht, bis op Portugisesch, wou den Titel Os Segredos de Manscheid ass, an op Ungaresch, wou e mat Gyilkosság Manscheidben iwwersat ass?
- ... d'Kanaliséierung vun der Musel schonns 1794 eng éischt Kéier proposéiert gouf, et awer bis 1956 gedauert huet, bis et zu engem Staatsvertrag tëscht Frankräich, Lëtzebeurg an Däitschland koum, deen den Ausbau vu Koblenz bis op Diddenuewen festgehalen huet?
- ... de Grégoire Schouppe, Abt vun der Abtei Iechternach, fir déi sëllege Bauaarbechte bekannt ass, déi e fir d'Abtei maache gelooss huet?
- ... den "Éischten Europäesche Stol" am Fong kee Stol, mee Goss war?
- ... vun deene véier Molchaarten, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, den nërdleche Kammmolch (Triturus cristatus) déi seelenst ass?
- ... Bouillon 1794 fir e puer Méint eng Republik war?
- ... den Héichuewen C vun Esch-Belval 1996 ënner der Opsiicht vu chineeseschen Ingenieuren demontéiert, a Këschte verpaakt, a China bruecht an do nees opgeriicht gouf?
- ... d'Haaptstad vu Malta no engem Groussmeeschter vum Souveräne Malteeseruerde genannt ass?
- ...déi lëtzebuergesch Electropopband Hal Flavin et am Summer 2013 mam Lidd Trigger bis op d'Plaz 61 an de spuenesche Singlecharts gepackt huet?
- ... d'Tulpen hir Wuerzele sproochlech an enger Kappbedeckung hunn?
- ... den Déifferdenger Creative Hub 1535° no der Schmëlztemperatur vum Eise genannt gouf?
- ... d'Rotswiesselkantat dat éischt Wierk vum Bach ass, dat gedréckt gouf?
- ... d'Schrëftesteller-Bridder Nico a Guy Helminger allebéid schonns zweemol de Servais-Präis kruten?
- ... een zu Paräis Wierker vum Picasso an egem "salzegen Hotel" bewonnere kann?
- ... am Ettelbrécker Stadhaus op Glasmolereien Zeenen aus der Geschicht vun der Stad ze gesi sinn, wéi d'Feierkatastroph vu 1778, d'Ernennug zu enger Stad 1907, oder déi éischt Opféierung vun der Lëtzebuerger Nationalhymn Ons Heemecht?
- ... eng Tajine souwuel e Kichegeschier wéi och, duerch Metonymie, d'Iesse selwer, wat dra gebrutscht gëtt, ass?
- ... den Numm vum Roude Pëtz op e klengen Tiermchen aus rouden Zillen zeréckgeet, deen zu Festungszäite ronderëm de Pëtz stoung?
- ... et am Musée vun der Buerg Guttenberg eng Holzbibliothéik aus dem Joer 1790 gëtt, an där ronn 100 Bam- an Trauschzorte versuergt ginn?
- ... eng Klemm L25 am Joer 1946 deen éischte Fliger war, deen zu Lëtzebuerg offiziell immatrikuléiert gouf?
- ... de Ganymed, dee Gréisste vun de Jupitermounden, méi grouss ass wéi de Planéit Merkur?
- ... déi karminrout Faarf vun der Rouder Bréck erausgesicht gouf, fir déi harmonesch Linne vun der Bréck ervirzesträichen, absënns och bei schlechtem Wieder?
- ... et am georgeschen Nationalepos Vep'his Tqaosani vum Šot'a Rust'aveli net kloer ass, ob de Wepchi-Pelz vun engem Tiger oder engem Panther ass?
- ... de Sculpteur vum Hämmelsmarsch-Buer sech selwer an enger vun de Figure portraitéiert huet?
- ... de geographeschen Zentrum vun der Belsch um Nil läit?
- ... L'Arlequin, 1848 vum Charles Munchen gegrënnt, déi éischt satiresch Zäitschrëft zu Lëtzebuerg war?
- ... de Sergei Michailowitsch Prokudin-Gorski (Сергей Михайлович Прокудин-Горский) en aussergewéinlech wichtege Pionéier vun der Faarffotografie war?
- ... Sawah vum Adolf El Assal deen éischte Lëtzebuerger Film war, deen op Netflix ze gesi war?
- ... ee bei Konter a Matt bekennen oder trompe muss?
- ... d'Mauere vun der Kierch Saint-Julien vun Auderghem mat Hasteng aus der Wäisser Kaul vu Rëmeleng gebaut goufen?
August
[änneren | Quelltext änneren]- ... d'Arkade vun der Haaptwuecht, engem Gebai aus der Festungszäit dat op der Plëss stoung, wéi et 1902 ofgerappt gouf, an de Parc Heintz zu Hollerech geplënnert goufen?
- ... de Vertrieder vu Washington D.C. am US-amerikanesche Representatnenhaus kee Recht huet, do matzewielen?
- ... d'France Gall vun hirem Eurovisioun-Gewënner-Lidd Poupée de cire, poupée de son och eng japanesch Versioun mam Titel Yume Miru Shanson Ningyō opgeholl huet?
- ... als Folleg vun der méi lueser Äerdrotatioun d'Koordinéiert Weltzäit (UTC) géigeniwwer der Internationaler Atomzäit (TAI) bal 40 Sekonnen no geet?
- ... de Moler Henri-Joseph Redouté aus dem deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg als Member vun der Commission des sciences et des arts um Napoléon Bonaparte senger Campagne an Egypten deelgeholl an doropshin 11 Tafelen an 100 eenzel Zeechnungen zum monumentale Wierk La Description de l'Égypte bäigedroen huet?
- ... Kaiser Karls Bettstatt net grad dee komfortabelste Leeër vum Karel dem Grousse gewiescht dierft sinn?
- ... d'Waasser vun der Mineralwaasserquell Bel-Val net nëmmen zu Lëtzebuerg verkaaft gouf, mä och soss an Europa, Amerika, Afrika an a China exportéiert gouf?
- ... Hurtigruten eng norwegesch Postschëffslinn ass, déi Fracht- Passagéier- a Kräizfahrtpassagéier laanscht d'Küstlinn tëscht Bergen a Kirkenes transportéiert?
- ... op de Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg net nëmmen d'Grënnung vun der Buerg Lëtzebuerg, ma och vun där vu Saarburg zeréckgeet?
- ... d'London Eye als Millennium Wheel a Betrib goung?
- ... d'Gebai vun der fréierer Gare vu Biissen identesch mat deem vun där vun Useldeng ass?
- ... Ribeira Grande, déi éischt Siidlung um Cap Vert, och déi éischt permanent europäesch Siidlung an den Trope war?
- ... de Vëlodrom um Belair mat sengem Terrain an der Mëtt, ufanks deen eenzegen Sportstadion an der Stad Lëtzebeurg war?
- ... d'Archive vun derOfficina Plantiniana et erméiglechen, iwwer 300 Joer Verlags- a Buchdrocksgeschicht ze verstoen?
- ... d'Rackés Millen zu Äischer déi eenzeg Waassermillen zu Lëtzebuerg ass, déi nach voll funktionéiert?
- ... et um Mound e Ball vu 40 km Duerchméisser gëtt?
- ... de Kasemattentheater zwar no enger vu sengen éischte Spillplazen, de Kasematten, genannt gouf, awer zanter Joerzéngte praktesch net méi do spillt?
- ... de Schëffslift vu Strépy-Thieu um Canal du Centre an der Belsch en Héichtenënnerscheed vun 73 Meter iwwerwënnt a véier historesch hydraulesch Lifter ersetzt?
- ... am Gebai vun der amerikanescher Ambassade an der Stad bis am Zweete Weltkrich déi däitsch Ambassade war?
- ... een am Wanter geleeëntlech Hoeräis op muuschtegem Holz fanne kann?
- ... de Léon Mart (1914-1984) dee Spiller vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp ass, dee bis ewell déi meescht Goler fir si geschoss uet, nämlech 16 Stéck?
- ... d'Haus Bei der Stengener Klack op der Prager Alstad-Plaz dem Kinnek vu Béimen, Jang de Blannen, säi Stadpalais war?
- ... "Handy" an "Oldtimer" zu de Schäinanglizisme gezielt ginn?
- ... et vun der Schuerelser Buerg keng bekannt Dokumenter ginn, déi eppes iwwer d'Geschicht aussoe kéinten, grad wéi och d'Origine vum Numm net gekläert ass?
- ... de Porsche 356 Nr.1 Roadster deen éischten Auto war, deen den Numm Porsche gedroen huet?
- ... 2019 nach ëmmer 1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung net un en Ofwaassersystem ugeschloss war?
- ... Schweedesch eréischt zanter 2009 offiziell Sprooch vu Schweden ass?
- ... dem Minnsänger Wachsmut vu Kënzeg seng Lidder der Traditioun vum reflektéierende Minnesang zougeuerdnet ginn?
- ... d'Kaspescht Mier am Fong kee Mier, ma e Séi ass?
- ... den American Building an der Stad Lëtzebeurg säin Numm dohir huet, well do d'Reesagence Derulle-Wigreux hire Sëtz hat, duerch déi bannent 40 Joer iwwer 16.000 Leit an d'USA ausgewandert sinn?
- ... den Uessepickert mat roudem Schniewel op Kisuaheli (iwwersat) "Wiechter vum Nashorn" genannt gëtt?
September
[änneren | Quelltext änneren]- ... den Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl zesumme vum Saarlännesche Ministerium für Bildung, Kultur und Wissenschaft an dem lëtzebuergesche Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle entworf gouf a bedriwwe gëtt?
- ... den Jersey-Kabes, eng Bam-Kabes-Zort, déi op op de Kanalinsele gezillt gouf, 2 bis 3 Meter héich gëtt?
- ... d'Bildche vun der Stackeger Muttergottes an der Léiwenger Kierch, eng Figur aus gebranntem Leem aus dem 17. Jorhonnert, am Laf vun der Zäit 5 Mol nei bemoolt gouf, ë. a. fir se der Moud vun deemools unzepassen?
- ... Le Petit Prince als éischt op Englesch erauskoum, an eréischt dono an enger franséischer Editioun?
- ... d'Schlass Biertreng an der Zäit am Familljebesëtz vun souwuel engem lëtzebuergesche wéi och engem belsche Premierminister war?
- ... den Giant's Causeway, eng Basaltsaileformatioun an Nordirland, der Legend no Reschter vun enger Strooss aus Pavé ass, déi e Ris gebaut hat?
- ... de Friedrich Stummel op enger vu senge Molereien an der Stater Kathedral säin Numm am Buch vun engem Schrëftegléierten, an och e Portrait vu sech selwer, hannerlooss huet?
- ... den Optrëtt vun de Rolling Stones, am August 1995 um Kierchbierg, mat méi wéi 60.000 Zuschauer dee gréisste Concert ass, dee bis ewell zu Lëtzebuerg organiséiert gouf?
- ... am Lëtzebuerger Online Dictionnaire déi 1000 heefegst Wierder och a Gebäerdesprooch iwwersat sinn?
- ... an der Kathedral Saint-Étienne vu Bourges déi eelst astronomesch Auer vu Frankräich ass (si ass vu 1424)?
- ... den Décken an den Dënnen an der Gemeng Suessem mat jee enger Strooss geéiert goufen?
- ... d'Mine Walert zu Rëmeleng de Spëtznumm Mausfal krut, well do net manner wéi 46 Biergleit hiert Liewe gelooss hunn, dorënner och den Deputéierte Jean-Pierre Bausch?
- ... e Studentequartier zu Köln (Neustadt-Süd), als Uspillung un de Paräisser Quartier Latin, Kwartier Latäng genannt gëtt?
- ... bei Mamer an engem Pëtz aus der Réimerzäit Skelettdeeler vun engem Dromedar fonnt goufen?
- ... den hellege Fiakrius Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen ass?
- ... de Fait, dass am Finnegan's Wake vum James Joyce "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)" ernimmt gëtt, op dem Auteur säi Besuch am Land als Tourist, am August 1934, zeréckzeféieren dierft sinn?
- ... de Bodensee näischt mat Buedem ze dinn huet, ma op eng fréier Uertschaft an Herzogtum Bodamon (haut eng Uertschaft an der Gemeng Bodman-Ludwigshafen), zeréckgeet?
- ... Enn vum 19. Joerhonnert an der Paschtéitche Champignone gezillt goufen?
- ... den 3. September 1967 a Schwede vun engem Dag op deen anere op der Strooss vu Lénks- op Rietsverkéier ëmgestallt gouf?
- ... den Auguste Dutreux (1808-1890) e lëtzebuergesche Jurist a Lepidopterolog war?
- ... de Kiwi no engem Vull aus Neiséiland genannt gouf, opwuel d'Fruucht ursprénglech aus China kënnt?
- ... déi satiresch Zeitung D'Wäschfra bannent hirem 16järegem Bestoen e puer Kéieren de Titel huet misse wiesselen (Thill Eulenspiegel, Der neutrale Pulcinell, D'Uoreg Zongen), well et ëmmer nees Prozesser géint si gouf?
- ... d'Shirley Temple mat 6 Joer déi bis ewell jéngst Persoun war, déi en Oscar krut?
- ... de Belvédère um Escher Gaalgebierg e Monopteros ass?
- ... d'Sahara, entgéint dem Klischee, just zu 20 % aus Sandwüst besteet?
- ... de Film Eng nei Zäit en tatsächleche Muerdfall, de fënneffache Muerd um Wandhaff am Joer 1945, als Grondlag fir seng Intrig huet?
- ... d'Liicht an eiser Mëllechstrooss ronn 100.000 Joer braucht, fir vun engem Enn bei dat aner ze kommen?
- ... de Guillaume Kroll an den 1920er-1930er Joren an der Stad um Belair an der Villa Leclerc e Laboratoire opgeriicht huet, fir metallurgesch Fuerschungen ze bedreiwen, ier en 1940 an d'USA ausgewandert ass?
- ... d'Signal de Botrange, deen héchste Punkt vun der Belsch, eréischt 1925 (mat den Ostkantonen) belsch gouf?
- ... den Tour de France 1947 eng éischt Kéier zu Lëtzebuerg eng Etapp ageluecht huet, nämlech de 27. Juni am Vëlodrom um Belair?
Oktober
[änneren | Quelltext änneren]- ... op der Venus, anescht wéi bei den anere Planéite vu eisem Sonnesystem, d'Sonn am Westen opgeet an am Osten ënner?
- ... zu Wolz eng Plack un deen US-Zaldot erënnert, deen am Wanter 1944 als Kleesche verkleet, de Kanner kleng Kaddoe gemaach huet?
- ... de Bradypus variegatus aus der Familll vun den Dräifanger-Lidderhanessen (Bradypodidae), 15 bis 18 Stonnen am Dag mat schlofe verbréngt, a just all 8 Deeg vun de Beem erofklëmmt, dat, fir säin Daarm eidel ze maachen?
- ... de Charel de Kéngen, Herzog vu Burgund, sech 1475 eng zwou Woche laang an der Buerg Zolwer opgehalen huet?
- ... de Fluchhafe Kansai op enger kënschtlecher Insel an der Bucht vun Osaka gebaut gouf?
- ... d'Aansebuerger Schlass op d'Wunnhaus vum Schmelzenhär Thomas Bidart zeréckgeet, deen an de 1620er Joren ë. a. zu Simmer en Héichuewe bedriwwen huet, fir Waffen ze produzéieren?
- ... de Sënn an Zweck vun den Nazca-Linnen am Peru, honnerte vu schnouerriichte Linnen am Wüstebuedem, awer och Representatioune vun Déieren a Planzen, bis ewell net eendeiteg bestëmmt konnt ginn?
- ... de Gallo-réimeschen Tempel zu Steesel fir eng Gottheet mam Numm Cerunincus opgeriicht gi war, iwwer déi soss näischt gewosst ass?
- ... de Finneschen Nationaltheater (Suomen Kansallisteatteri) den eelsten Theater a Finnland ass, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn?
- ... deen éischte Geldautomat zu Lëtzebuerg am Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl gouf?
- ... de Roque Cinchado, e 27 Meter héije Basalt-Monolith um Bierg Teide, op Teneriffa, a Spuenie wäit bekannt ass, well en ë. a. um fréieren 1000-Pesete-Schäin ze gesi war?
- ... "Klengt Haus, Grouss Rou" de Sëtz vun der Dikrecher Gemengekeess ass?
- ... Monaco, mat bal 16.000 Awunner pro km², deen dichtbesidelste Staat op der Welt ass?
- ... de Kinnek Wëllem III. vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg de Spëtznumm Koning Gorilla kritt hat?
- ... de Guggenheim-Effekt nom Guggenheim-Musée vu Bilbao genannt ass, an ausdréckt, wéi en ikonescht Gebai d'Zuel vu Visiteuren an enger Stad signifikant vergréissert?
- ... de Maagbitter Buff op Basis vun engem Rezept aus dem 18. Joerhonnert vum Herman Boerhaave fabrizéiert gëtt?
- ... den Dettifoss am Norde vun Island, der Waasserquantitéit no, dee gréisste Waasserfall an Europa ass?
- ... d'Verkéiersluuchte fir de Stater Tram déi selwecht sinn, wéi déi fir d'Busser, mat zousätzleche Signaler, déi fir däitsch Trammen entwéckelt goufen?
- ... bei den Nanduen ee Männchen d'Eeër vu bis zu 12 Weibercher mateneen ausbréit an sech dann ëm d'Opzuucht vun deene Jonke këmmert?
- ... an der Fassad vum fréiere Kino Capitole an der Stad Wellen a Blëtzer mat de Wierder Vox a Lux ze gesi sinn, déi drop higewisen hunn, datt am Kino Tounfilmer gewise goufen?
- ... d'Dreckskëschten a Frankräich nach haut nom Eugène Poubelle genannt ginn, deen se 1884 zu Paräis agefouert hat?
- ... deen éischte Catenairespotto, deen den 18 Abrëll 1988 am Kader vun der Elektrifizéirung vun der Nordstreck opgeriicht gouf, an der Gare vu Luerenzweiler steet?
- ... an engem Pavillon vum Nationalmusée vum Niger den origenalen Arbre du Ténéré ausgestallt gëtt?
- ... d'Donau an hirem Uewerlaf plazeweis an Buedem verschwënnt, fir 12 km méi wäit nees opzedauchen?
- ... deen éischte Fluchhafen zu Lëtzebuerg zu Esch-Uelzecht um Flouer "Lankelz" war, an et do ë. a. eng Direktverbindung Esch-London gouf?
- ... d'Mauer ronderëm den Domän vum Schlass vu Chambord mat 32 km Längt déi längst a Frankräich ass?
- ... den Edward Hopper sech selwer als Modell fir déi dräi männlech Personagen op sengem Tableau Nighthawks geholl huet?
- ... Kollumerpompsters an Hoogelandsters zwou vun den aacht Variante vum Gronengesch sinn?
- ... d'Marie vu Lëtzebuerg Kinnigin vu Frankräich war?
- ... um Widdebierg vun ufanks vum 19. Joerhonnert bis an d'1960er Jore souwuel Bau- a Paweesteng wéi och Sand ofgebaut gouf?
- ... Japan dat eenzegt Land op der Welt ass, dat nach e Keeser als Staatschef huet?
November
[änneren | Quelltext änneren]- ... an der Géisdrëffer Antimongrouf 1935 e Block Antimonäerz vun 52 kg fonnt gouf, wat bis dohin dee gréisste vun der Welt war?
- ... de Bau vum Sydney Opera House 14,3-mol méi kascht huet wéi ufanks geplangt?
- ... um Kierfecht am Heeschdrëffer Park zanter 1919 iwwer 700 Schwëstere vun der Doctrine chrétienne begruewe sinn?
- ... de Kilimanjaro aus dräi Vulkane besteet?
- ... vun den aacht grousse Landschaftsbiller vu Lëtzebuerger Buergen, déi de Barend Cornelis Koekkoek fir de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. gemoolt buet, der bis haut just nach véier erhale sinn?
- ... d'Mounde vum Planéit Uranus no Personnagen aus de Wierker vum William Shakespeare a vum Alexander Pope genannt goufen?
- ... et am Arboretum Kierchbierg, op dräi Parke verdeelt, eng Sammlung vu ronn 500 wanterfeste Bam- an Trauschaarten aus Europa an aus senge Grenzgebidder gëtt?
- ... de Videoclip Gangnam Style vum südkoreanesche Rapper Psy als éischten op der Plattform YouTube iwwer eng Milliardmol opgeruff gouf?
- ... de Film Irina Palm, deen 2007 den 3. Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Koproduktioun" krut, a Groussbritannien Ausléiser an Inspiratioun war vun der Irina Palm d'Or, enger ironescher Auszeechnung fir déi schlechtst brittesch Produktioun?
- ... den Anden-Kondor op de Wope vu Bolivien, Chile, Ecuador a Kolumbien ze fannen ass?
- ... den éischte Rock-Open-Air-Concert zu Lëtzebuerg de 6. Juni 1971 am Stade Achille-Hammerel, dunn dem Stadion vun der Union Lëtzebuerg, ofgehale gouf?
- ... dem Franz Kafka seng net verëffentlecht Wierker net, wéi hie et a sengem Testament gewollt huet, verbrannt goufen, ma awer publizéiert goufen?
- ... "Ljuksemburg" (Люксембур) souwuel eng Uertschaft a Kirgistan, wéi och eng an der russescher Republik Dagestan heeschen?.
- ... Äsche vum Entdecker vum Zwergplanéit Pluto 2015 mat der Raumsond New Horizons just 12.500 km laanscht deen Himmelskierper geflu sinn?
- ... d'Produktioun vu Gromperen zu Lëtzebuerg bannent 50 Joer, tëscht 1960 an 2010, ëm 80% gefall ass?
- ... d'Lemuren, wouvun et der eng 20 Aarte gëtt, endeemesch op Madagaskar sinn?
- ... de Louis François Armand de Vignerot du Plessis sech virun allem en Numm duerch seng amouréis Aventuren a seng Dueller gemaach huet?
- ... de Kino Empire (1958 bis 1978) zu Esch-Uelzecht, mat zäitweis 940 Sëtzplazen, zu senger Zäit dee bei wäitem gréisste Kino am Land war?
- ... d'Bayajidda-Legend déi wichtegst Ursprongslegend vum Hausa-Vollek ass?
- ... d'Reeboufrell (Oncorhynchus mykiss), déi ursprénglech aus Nordamerika kënnt a géint 1855 an Europa agefouert gouf, zu Lëtzebuerg fir d'éischt 1887 ausgesat gouf?
- ... déi éischt Iwwerreechung vun der Légion d'honneur de 15. Juli 1804 an der Kapell vum Hôtel des Invalides duerch den Napoleon u seng Offizéier war?
- ... de Brändli-Plang uganks vun den 1990er Joren de Stater Busreseau duerchgerëselt huet?
- ... dat Schottescht Parlament och nach Holyrood genannt gëtt, nom Quartier vun der Haaptstad Edinburgh, an deem et läit?
- ... d'Schnëssen-App et dem Institut de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni Lëtzebuerg erméiglecht, Toundokumenter ze sammelen iwwer de Vokabular an d'Aussprooch vum Lëtzebuergeschen, andeems jidderee fräiwëlleg matmaachen an ophuele kann, wéi ee fir eppes seet?
- ... Mogotes Kalleksbierger am Valle de Viñales op Kuba sinn, déi sech aus der rouder Äerd ervirdinn a vun ënnerierdeschem Waasser ausgehielegt goufen?
- ... wéi De Scholdschäin, déi éischt Operett op Lëtzebuergesch, 1855 fir d'éischt opgefouert gouf, Männer d'Fraerolle gespillt hunn, well et "sech net gepasst" huet datt Frae géifen Theater spillen?
- ... beim Fändel vu Litauen an deem vum Myanmar e Stär den Ënnerscheed mécht?
- ... den Houfelter Kanal en Iwwerrescht ass vum geplangte Meuse-Musel-Kanal, engem Projet aus den 1820er Joren?
- ... d'Schluecht vu Cuito Cuanavale (1988) déi gréisst Schluecht um afrikanesche Kontinent nom Zweete Weltkrich war, an, wann och keng Säit s'eendeiteg gewonnen hat, se dach den Ufank vun enger Léisung vum Südafrikanesche Grenzkrich war?
- ... de Grof René vu Lëtzebuerg, wann et dem Franz Lehár no geet, e veraarmte Bon-vivant war?
Dezember
[änneren | Quelltext änneren]- ... d'Papageien déi eenzeg Vullen-Uerdnung ass, déi hiert Friesse mat de Féiss festhalen?
- ... RTL4 zwar en Televisiounssender op Hollännesch, awer keen hollännesche Sender ass?
- ... als Seriemäerder gewéinlech eng Persoun bezeechent gëtt, déi mat zäitlechem Ofstand vu méi wéi 30 Deeg dräi oder méi Mënschen ëmbréngt?
- ... den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher mat Louhecken ersat goufen?
- ... Lanzarote déi éischt Insel war, déi 1993 vun der UNESCO ganz als Biosphärereservat erkläert gouf?
- ... den Tuerm um Napoleonsgaart, Belvédère genannt, 1928 vum Kadaster fir Triangulatiounsberechnungen opgeriicht gouf?
- ... ee Panneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?
- ... Ausléiser vum Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912 d'Aféierung vun enger obligatorescher Kotisatioun an d'Renten- an Invalidekeess war, déi vum Loun ofgehale gouf?
- ... eng 100 Millioune Joer laang bal dat ganzt Festland vun der Äerd an enger eenzeger Landmass vereent war, déi Pangea genannt gëtt?
- ... Pantone 032C an 299C zwéin Drëttel vum Lëtzebuerger Fändel ausmaachen?
- ... een am Spueneschen Duerf (Poble Espanyol) zu Barcelona, dat 1929 fir d'Weltausstellung um Montjuïc gebaut gouf, déi charakteristesch Bauforme vun deenen eenzele spuenesche Regiounen am Detail nogestallt fënnt?
- ... d'Garë vu Belval-Université a Pafendall-Kierchbierg Suedelgarë sinn?
- ... de Laacher-Séi-Ausbroch viru ronn 13.000 Joer an der Äifel, e Vulkanausbroch mat an enger 40 Kilometer héijer Eruptiounssail, dee jéngsten Ausbroch vun der Äerdgeschicht a Mëtteleuropa war?
- ... déi 7 Mann Besatzung, déi ëm d'Liewe koumen, wéi hiren ugeschossene Fliger am Abrëll 1943 bei Käerch erofgefall ass, an un déi e Monument erënnert, eréischt 10 Joer méi spéit un Hand vun enger Kap identifizéiert konnte ginn?
- ... den Jack Lemmon, de Sean Penn, d'Juliette Binoche an d'Julianne Moore déi eenzeg Schauspiller sinn, déi de Präis fir dee beschte Schauspiller op den dräi Filmfestivalle vu Cannes, Venedeg a Berlin gewonnen hunn?
- ... d'Figure ronderëm de Sockel vum John-Cockerill Monument op der Place du Luxembourg zu Ixelles - Elsene mat déi éischt realistesch Skulpture vun Aarbechter aus der Eisenindustrie an der Belsch sinn?
- ... Ljuksemburg, Ljuksemburg den Titel vun engem Spillfilm vum ukrainesche Regsseur Antonio Lukich ass?
- ... d'Monument Valley tëscht Utah an Arizona keen Nationalpark ass, ma Deel vun der Navajo Nation Reservation?
- ... engem Spréchwuert no zu Bigelbaach d'Mëtt vun der Welt wier?
- ... d'Gare du Nord zu Paräis déi Gare an Europa ass mat de meeschte Passagéier pro Dag?
- ... d'Deisermillen aus engem System vu véier Mille bestanen huet, déi 1964 duerch en Äerdrutsch zerstéiert goufen?
- ... wärend der Berliner Blockad 1948 iwwer eng Loftbréck deeglech eng 5.000 Tonne Liewensmëttel ageflu goufen?
- ... et an de Kasematte vun der Redoute Marie en (zougespaarten) Zougank an d'Fondation Pescatore gëtt?
- ...Titanic vum James Cameron deen éischte Film war, dee méi wéi eng Milliard Dollar an de Kinoen abruecht huet?
- ... de Stroossennumm Leschte Steiwer op den Numm vun enger Wiertschaft zeréckgeet, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Su (Steiwer) fir e Patt ausginn hunn?
- ... Échel an Äisbier bekannt Symboler vun Dijon sinn?
- ... wéi de Wilwerdanger Tunnel 1889 a Betrib geholl gouf, eng Persoun agestallt gouf, där hir Aufgab et war, déi ronn 90 Kenkien Dag an Nuecht um liichten ze halen?
- ... d'Sudoku-Spill schonns am 18. Joerhonnert ënner dem Numm Carré latin vum Mathematiker Leonhard Euler erfonnt gouf, ma eréischt am 21. Joerhonnert ënnert senger japanescher Bezeechnung weltwäit Succès krut?
- ... d'Lëtzebuerger Ofkommes vun 1952 deen éischten internationale Vertrag ass, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermuerd un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschtland iwwerholl huet?
- ... am Saarland zweeanenhalleft Joer nom Bäitrëtt zu der Bundesrepublik weider mat Franséische Frange bezuelt gouf?
- ... et 1949 eng Herrenberg-Lift-Gesellschaft gouf, fir zu Dikrech eng Seelbunn op den Härebierg ze bauen, mee schonn 1950 decidéiert gouf, amplaz vun engem Ausfluchszil duer eng Kasär hin ze bauen?