2014
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2010 |
2011 |
2012 |
2013 |
2014
| 2015
| 2016
| 2017
| 2018
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2014.
D'Joer 2014 huet op engem Mëttwoch ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarLettland gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro als Wärung an.
- 22. Januar: D'Laimdota Straujuma gëtt nei Premierministesch a Lettland.
- 29. Januar: De Bohuslav Sobotka gëtt als neie Premierminister an Tschechien vereedegt.
- 18. Februar: D'Protester op der Maidan-Plaz zu Kiew, an der Ukrain, déi zanter dem 21. November 2013 am Gaang sinn, eskaléieren; et kënnt zu 77 Doudeger, wouropshin d'Parlament den 22. Februar de President Wiktor Janukowytsch fir ofgesat erkläert. Gläichzäiteg fänkt de Konflikt mat Russland ëm d'Krim un.
- 22. Februar: De Matteo Renzi gëtt neie Conseilspresident (Premierminister) an Italien.
- 16. Mäerz: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Serbien gewënnt dem Aleksandar Vučić seng Fortschrëttsparei d'Majoritéit vun de Sëtz.
- 18. Mäerz: No engem Refrendum, de 16. Mäerz, deklaréiert d'russesch Regierung d'Republik Krim an d'Stad Sewastopol, déi bis dohin zu der Ukrain gehéiert hunn, zu zwéin neie Federatiounssujete vu Russland.
- 26. Mäerz: Den Taavi Rõivas gëtt neie Premierminister an Estland, nodeem den Andrus Ansip de 4. Mäerz zeréckgetruede war.
- 29. Mäerz: Den Andrej Kiska gewënnt am 2. Tour d'Presidentewalen an der Slowakei, hie gëtt de 15. Juni vereedegt.
- : Nom Récktrëtt vum 2. AbrëllJean-Marc Ayrault senger Regierung, den 30. Mäerz, ernennt de François Hollande de Manuel Valls zum neie franséische Premierminister.
- : D' 4. AbrëllMarie Louise Coleiro Preca gëtt als nei Presidentin vu Malta vereedegt.
- : Bei de Parlamentswalen an 6. AbrëllUngarn behält d'Fidesz-KDNP-Koalitioun hir Majoritéit; de Premier Viktor Orbán gëtt den 10. Mee a senger Fonctioun confirméiert.
- 27. Abrëll: Virgezunne Parlaments- a Presidentschaftswalen a Mazedonien. De Gjorge Ivanov gëtt als President erëmgewielt.
- 18. Mee: Iwwer 50 Doudesaffer bei Iwwerschwemmungen a Südosteuropa, besonnesch an de Balkan-Länner.
- 25. Mee: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament huet d'Europäesch Vollekspartei déi meeschte Sëtz kritt (214; 28,5 %) Zweetstäerkst Fraktioun ginn d'Sozialdemokrate mat 191 Sëtz (25,4 %). An Dänemark, Frankräich a Groussbritannien hunn (extrem)riets Gruppéiereungen, déi géint d'Europäesch Unioun sinn, staark u Sëtz gewonnen oder goufe stäerkst Partei. Mat populistesche Parteie vu soss an Europa fale sou bal e Véirel vun de Sëtz un euroskeptesch Protestparteien. Gréng a liberal Parteie kommen op 6,9 %, resp. 8,5 %.
- 25. Mee: An der Belsch gewënnt bei de Parlamentswalen d'Nieuw-Vlaamse Alliantie (NVA) staark u Sëtz bäi.
- 25. Mee: De Petro Poroschenko gewënnt d'Presidentewalen an der Ukrain, hie gëtt de 7. Juni vereedegt.
- 25. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt bei de Presidentewalen a Litauen an hirer Fonctioun erëmgewielt.
- 18. Juni: De spuenesche Kinnek Juan Carlos dankt zu Gonschte vu sengem Jong Felipe of, deen deen Dag drop säin Nofollger gëtt.
- 24. Juni: Nom Récktrëtt vum Jyrki Katainen gëtt den Alexander Stubb neie Premierminister a Finnland.
- 13. Juli: Neiwale fir dat Sloweenescht Parlament, nom Récktrëtt vun der Premierministesch Alenka Bratušek, de 5. Mee. De Miro Cerar gëtt de 25. August neie Premierminister.
- 15. Juli: D'Europäescht Parlament wielt de Jean-Claude Juncker zum neie President vun der Europäescher Kommissioun.
- 17. Juli: Nodeems sech an de Méint virdrun an der Ost-Ukrain pro-russesch Milize gebilt hunn, déi sech vun der Ukrain wëllen onofhängeg maachen, gëtt e Linnefluch vun der Malaysian Airlines um Wee op Kuala-Lumpur iwwer dem Dombass ofgeschoss, all 298 Leit u Bord stierwen.
- 25. Juli: De Wolodymyr Hrojsman gëtt neie Premierminister an der Ukrain, nom Récktrëtt vum Arseni Jatseniuk, deen Dag vidsrun.
- 30. August: Op engem informelle Conseil vun europäesch Staats- a Regierungscheffe gëtt den Donald Tusk zum neie Conseilspresident; d'Federica Mogherini zu der neier Héijer Representantin vun der Unioun fir Aussen- a Sécherheetspolitik ernannt. Si trieden hiert Mandat den 1. Dezember, resp. 1. November un.
- 18. September: Bei engem Referendum huet sech d'Bevëlkerung vu Schottland majoritär dofir entscheet, Deel vum Vereenegte Kinnekräich ze bleiwen.
- 22. September: D'Ewa Kopacz gëtt als nei Premierministesch vu Polen vereedegt.
- : De 2. OktoberStefan Löfven gëtt neie Premierminister a Schweden, nodeems seng Partei bei de Parlamentswale vum 14. September déi meeschte Stëmme krut.
- : Grënnung vun der Europapartei 3. OktoberBeweegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten
- 11. Oktober: No de Parlamentswale vum 25. Mee gëtt an der Belsch déi nei mëtt-riets Regierung ënner dem Charles Michel vereedegt.
- : D' 1. NovemberKommissioun Juncker trëtt hir Aarbecht un.
- 17. November: De Klaus Johannis gewënnt am zweeten Tour d'Presidentewalen a Rumänien, hie gëtt den 21. Dezember vereedegt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 7. Mäerz: De 6. Lëtzebuerger Filmpräis gëtt verdeelt.
- 25. Mee: Bei den Europawalen zu Lëtzebuerg kritt d'CSV 3 Sëtz, an d'DP, déi gréng an d'LSAP jee een, d'selwecht wéi d'viregt Legislaturperiod.
- : D'Chamber stëmmt mat grousser Majoritét dofir, nees en 4. JuniTram an der Stad Lëtzebuerg fueren ze loossen.
- 18. Juni: D'Chamber stëmmt e Gesetz, dat d'Bestietnes reforméiert; ë. a. ginn homosexuell Koppelen deenen heterosexuelle gläichgestallt.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- Zanter dem Ufank vum Joer: Biergerkrich am Südsudan; bis Enn Juli 2014 gëtt et Zéngdausende vun Doudegen an 1,2 Milliouen Leit, déi aus dem Krichsgebitt hu misse fortlafen.
- 20. Januar: D'Catherine Samba-Panza gëtt Interims-Presidentin vun der Zentralafrikanescher Republik.
- 17. Abrëll: Den algeeresche Staatspresident Abdelaziz Bouteflika gëtt bei de Presidentschaftswale mat 81,53 % vun de Stëmme fir e véiert Mandat erëmgewielt.
- 10. Mee: Bei de Parlamentswalen a Südafrika kritt den ANC d'Majoritéit vun de Stëmmen. De Jacob Zuma gëtt de 24. Mee fir eng zweet Amtszäit als President vereedegt.
- 26.-28. Mee: Bei de Presidentewalen an Egypten gewënnt den Arméichef Abdel Fattah al-Sissi. Hien trëtt den 8. Juni säin Amt un.
- 31. Mee: De Peter Mutharika gëtt zum President vu Malawi gewielt.
- 21. Juni: De Mohamed Ould Abdel Aziz gëtt als President vu Mauretanien erëmgewielt.
- 23. Juni: De José Mário Vaz fänkt säi Mandat als President vu Guinea-Bissau un.
- : Den 4. JuliDomingos Simões Pereira gëtt neie Premierminister vu Guinea-Bissau.
- : De 6. JuliMohamed Dionne gëtt zum neie Premierminister vum Senegal ernannt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Januar: De Juan Orlando Hernández trëtt säin Amt un als President vun Honduras.
- : Legislativ- a Presidentewalen a 2. FebruarCosta Rica; de Luis Guillermo Solís gëtt den 8. Mee zum President ernannt.
- : De 6. MäerzSalvador Sánchez Cerén gewënnt d'Presidentewalen an El Salvador; hien trëtt säin Amt den 1. Juni un.
- 11. Mäerz: D'Michelle Bachelet trëtt hiert zweet Mandat als Presidentin vum Chile un.
- 15. Juni: Bei de Presidentewalen a Kolumbien gëtt den amtéierende President Juan Manuel Santos erëmgewielt.
- : De 1. JuliJuan Carlos Varela gëtt offiziell President vu Panama.
- : D' 6. OktoberDilma Rousseff gëtt bei de brasilianesche Presidentewalen am zweeten Tour erëmgewielt.
- 12. Oktober: Den Evo Morales gëtt als President vu Bolivien erëmgewielt.
- 30. November: Den Tabaré Vázquez gewënnt am Zweeten Tour d'Presidentewalen an Uruguay.
- 21. Dezember: D'Florence Duperval Guillaume gëtt zur Premierministesch vun Haïti ernannt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- : Parlamentswalen an 2. FebruarThailand.
- : De Fluch MH370 vun de Malaysia Airlines verschwënnt am 8. MäerzIndeschen Ozean. Trotz wochelaanger Sich kënne keng Reschter vum Fliger fonnt ginn. Et gëtt ugeholl, datt keen u Bord d'Ongléck iwwerlieft huet.
- - 8. Abrëll16. Mee: D'Parlamentswalen an Indien gi vun der oppositioneller BJP ënner dem Narendra Modi gewonnen, deen neie Premierminister gëtt.
- 13. Mee: Bei engem Feier an enger Minière am tierkesche Soma stierwen iwwer 300 Mënschen.
- 22. Mee: Putsch an Thailand vum Generol Prayuth Chan-ocha, nodeems d'Premierministesch Yingluck Shinawatra de 7. Mee vum Verfassungsgeriicht fir ofgesat erkläert gi war.
- 29. Mee: D'Presidente vu Russland, Kasachstan a Wäissrussland ënnerschreiwen en Traité fir eng Eurasiesch Wirtschaftsunioun ze grënnen.
- : 2. JuniTelangana gëtt offiziell den 29. Budesstaat vun Indien.
- : Presidenteswalen an 9. JuliIndonesien; de Joko Widodo gëtt den 22. Juli zum Gewënner proklaméiert an den 20. Oktober vereedegt.
- 28. August: De Recep Tayyip Erdoğan gëtt als President vun der Tierkei vereedegt, nodeems hien den 10. August d'Wale fir dat Amt gewonnen hat. De 27. August gëtt den Ahmet Davutoğlu säin Nofollger als Regierungschef.
- 17. September: Éischt Parlamentswalen no 8 Joer Militärdiktatur op de Fidschi-Inselen.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 20. September: De Premierminister John Key gewënnt mat senger National Party (Mëtt-riets) d'Parlamentswalen an Neiséiland.
Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- uechtert d'Joer: De Biergerkrich a Syrien geet weider.
- uechtert d'Joer: De Biergerkrich am Irak geet weider.
- : Ufank vun der Offensiv Protective Edge vun der israeelescher Arméi géint d' 8. JuliHamas an aner militant palestinensesch Gruppen an der Gazasträif. Bis de 26. Juli gëtt et iwwer 1000 Doudeger.
- 24. Juli: De Fuad Massum gëtt vum irakesche Parlament zum Staatspresident gewielt.
- 22. Dezember: De Beji Caid el Sebsi gëtt am zweeten Tour zum neie President vun Tunesien gewielt.
Katastrophen
[änneren | Quelltext änneren]2014 hunn eppes méi wéi 12 700 Persounen als Folleg vun techneschen oder natierleche Katastrophen d'Liewe verluer oder goufen als vermësst erkläert, wat an der Geschicht vun de Katastrophen eng vun den niddregsten Zuelen trotz der gréisster Zuel vu Katastrophen an engem Joer ass. Et war mol net d'Hallschent vun 2013, a louch wäit ënner der Joresmoyenne vu 66.000 zënter 1990. Dat déidlechst Evenement war en Äerdbiewen an der chineesescher Provënz Yunnan am August mat op d'mannst 731 Affer.[1]
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar - 31. Dezember: Riga (Lettland) an Umeå (Schweden) sinn Europäesch Kulturhaaptstied 2014.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Batty-Weber-Präis fir de Lambert Schlechter
- Servais-Präis fir dem Nico Helminger säin Abrasch.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 9. November: Trennung vun der lëtzebuergescher Metalband Falling Promises
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- César fir de beschte Film: Les garçons et Guillaume à table vum Guillaume Gallienne.
- Oscar fir de beschte Film: Twelve Years a Slave vum Steve McQueen.
- Gëlle Palm vum Filmfestival vu Cannes fir de beschte Film: Kış Uykusu (en: Winter Sleep) vum Nuri Bilge Ceylan.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Film: Doudege Wénkel vum Christophe Wagner.
- Déi lëtzebuergesch-franséisch Produktioun Mr Hublot gewënnt den Oscar fir dee beschten Animatiouns-Kuerzfilm.
- Première vun: Heemwéi, Succès Fox, Never Die Young, E Futtballspill am Schnéi...
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- November: En décke Pak bis dohin net bekannte Steier-Accorden tëscht multinationalen Entreprisen an de Lëtzebuerger Steieradministratioun ginn duerch déi sougenannt LuxLeaks via e Grupp vu Journalisten an de Medie bekannt gemaach a léisen eng international Debatt iwwer Steiervermeidung aus.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Raumfaart
[änneren | Quelltext änneren]- 28. Oktober: An der Raumfaartgare Wallops op der Ostküst vu Virginia explodéiert beim Start eng Rakéit vum Typ Antares mat der Transportkapsel Cygnus déi sollt Material op d'ISS bréngen.
- 12. November: De Lander Philae vun der europäescher Rosetta-Missioun lant als éischt Sond op engem Koméit, dem 67P/Tschurjumow-Gerassimenko.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 7. - 23. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Sotschi.
- 13. Juni - 13. Juli: 20. Foussball-Weltmeeschterschaft a Brasilien. Déi däitsch Nationalekipp gewënnt an der Finall mat 1:0 géint déi argentinesch.
- 27. Juli: De Vincenzo Nibali gewënnt den Tour de France 2014.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : Déi 5. Mäerzlëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel 0:0 géint de Kap Verde.[2]
- 26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genk bei engem Trainingsmatch 1:5 géint d'Belsch, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu 4. JuniPerugia 1:1 géint Italien, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss.[4]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1.1 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de 8. SeptemberLars Gerson geschoss.[5]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 9. OktoberSkopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.[6]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[7]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[8]
- : D' 4. DezemberJenny Warling an de Gilles Müller gi Lëtzebuergesch Sportler vum Joer; d'Dëschtennis-Nationalekipp vun den Dammen d'Ekipp vum Joer.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 3. JanuarRobert Diligent, franséische Journalist an Televisiouns-Moderateur.
- : 5. JanuarEusébio, portugisesche Foussballspiller.
- : 9. JanuarLorella De Luca, italieenesch Schauspillerin.
- 11. Januar: Arnoldo Foà, italieenesche Schauspiller.
- 11. Januar: Vüqar Həşimov, aserbaidschanesche Schachgroussmeeschter.
- 11. Januar: Ariel Sharon, israeelesche Politiker.
- 14. Januar: Jean-Pierre Adam, lëtzebuergesche Moler, Graveur a Sculpteur.
- 14. Januar: Fernand Brosius, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Januar: Claudio Abbado, italieeneschen Dirigent.
- 22. Januar: Fred Bertelmann, däitsche Schlagersänger a Schauspiller.
- 23. Januar: Henri Ackermann, lëtzebuergesche Vëlossportler, Gewerkschaftler a Politiker.
- 27. Januar: Pete Seeger, US-amerikanesche Folk-Museker.
- 29. Januar: François Cavanna, franséischen Auteur an Zeechner.
- 31. Januar: Roland Baldauff, lëtzebuergeschen Architekt.
- 31. Januar: Miklós Jancsó, ungaresche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 31. Januar: Christopher Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. Januar: Jean-Claude Wolff, lëtzebuergesche Journalist.
- : 1. FebruarLuis Aragonés, spuenesche Foussballspiller an -trainer.
- Maximilian Schell, éisträichesche Schauspiller a Regisseur. 1. Februar:
- : 2. FebruarPhilip Seymour Hoffman, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 7. FebruarCamille Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Februar: Shirley Temple, US-amerikanesch Schauspillerin a Kannerstar.
- 17. Februar: Carlo Devillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 21. Februar: Jacques Bintz, lëtzebuergesche Geolog.
- 22. Februar: Fred Sunnen, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Februar: Hansi Knoteck, éisträichesch Schauspillerin.
- 24. Februar: Harold Ramis US-amerikanesche Regisseur, Schauspiller, Auteur.
- 25. Februar: Paco de Lucía, spuenesche Gittarist a Komponist.
- : 1. MäerzAlain Resnais, franséische FIlmregisseur.
- : 9. MäerzGerard Mortier, belschen Operen- an Theaterintendant.
- Tonino Ricci, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 9. Mäerz:
- 12. Mäerz: Věra Chytilová, tschechesch Filmregisseurin.
- 12. Mäerz: Jean Vallée, belsche Sänger.
- 13. Mäerz: Gérard Lartigau, franséische Schauspiller.
- 16. Mäerz: Mareike Carrière, däitsch Schauspillerin.
- 19. Mäerz: Guy Binsfeld, lëtzebuergeschen Editeur.
- 19. Mäerz: Ernest Mühlen, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. Mäerz: Adolfo Suárez, spuenesche Politiker.
- 30. Mäerz: Paul Ulveling, lëtzebuergesche Musikolog.
- : 1. AbrëllJacques Le Goff, franséischen Historiker.
- : 2. AbrëllUrs Widmer, Schwäizer Schrëftsteller.
- : 3. AbrëllRégine Deforges, franséisch Schrëftstellerin.
- : 5. AbrëllYvonne Stoffel-Wagner, lëtzebuergesch Turnerin an Olympionikin.
- : 6. AbrëllMickey Rooney, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 8. AbrëllKarlheinz Deschner, däitsche Schrëftsteller.
- : 9. AbrëllMarcel Gilles, Radio- a Fernseekommentator.
- 10. Abrëll: Georges Als, fréieren Direkter vum Statec.
- 10. Abrëll: Madeleine Weis-Bauler, lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.
- 17. Abrëll: Gabriel García Márquez, kolumbianesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 20. Abrëll: Rubin Carter, US-amerikaesche Boxer.
- 21. Abrëll: Craig Hill, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 23. Abrëll: Roby Schaeffer, lëtzebuergesche Liichtathleet, Olympionik an Diplomat.
- 27. Abrëll: Micheline Dax, franséisch Schauspillerin.
- 27. Abrëll: Andréa Parisy, franséisch Schauspillerin.
- 28. Abrëll: Jeannot Bonifas, lëtzebuergesche Gemengepolitiker.
- 29. Abrëll: Bob Hoskins, brittesche Schauspiller, Filmregisseur, -produzent an Dréibuchauteur.
- : 2. MeeJohn E. Dolibois, lëtebuergesch-US-amerikaneschen Diplomat.
- : 5. MeeJean Gaven, franséische Schauspiller.
- 12. Mee: H. R. Giger, Schwäizer Kënschtler.
- 15. Mee: Jean-Luc Dehaene, belsche Politiker.
- 25. Mee: Wojciech Jaruzelski, polnesche Militär a Politiker.
- 27. Mee: Helma Sanders-Brahms, däitsch Filmregisseurin.
- 29. Mee: Karlheinz Böhm, éisträichesche Schauspiller.
- 31. Mee: Martha Hyer, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 9. JuniWilliam Bradfield, neiséilänneschen Astronom.
- 14. Juni: Robert Lebeck, däitsche Fotojournalist.
- 15. Juni: Jacques Bergerac,franséische Schauspiller.
- 19. Juni: Paul Faber, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 24. Juni: Eli Wallach, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Juni: Bobby Womack, US-amerikanesche Sänger a Lidderauteur.
- 30. Juni: Paul Mazursky, US-amerikanesche Filmregisseur.
- : 2. JuliPaul Wild, Schwäizer Astronom.
- : 7. JuliAlfredo Di Stéfano, argentinesch-spuenesche Foussballspieler an -trainer.
- Eduard Schewardnadse, georgesche Politiker. 7. Juli:
- 17. Juli: Horst Bollmann, däitsche Schauspiller.
- 13. Juli: Nadine Gordimer, südafrikanesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch.
- 16. Juli: Johnny Winter, US-amerikanesche Blues-Gittarist.
- 18. Juli: Dietmar Schönherr, éisträichesche Schauspiller.
- 19. Juli: James Garner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Georges Arendt, lëtzebuergesche Bankier, Fechter an Olympionik.
- 28. Juli: Yvette Lebon, franséisch Schauspillerin.
- : 5. AugustElfriede Brüning, däitsch Schrëftstellerin.
- : 8. AugustMenahem Golan, israeelesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 11. August: Robin Williams, US-amerikanesche Schauspiller.
- 12. August: Lauren Bacall, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. August: Peter Scholl-Latour, däitsch-franséische Journalist a Publizist.
- 19. August: Brian G. Hutton, US-amerikanesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 24. August: Richard Attenborough, englesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 26. August: Maria Mauban, franséisch Schauspillerin.
- : 1. SeptemberGottfried John, däitsche Schauspiller.
- : 2. SeptemberCarlo Clasen, lëtzebuergesche Kellereidirekter.
- 10. September: Richard Kiel, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. September: Antoine Duhamel, franséische Komponist.
- 11. September: Mirko Ellis, Schwäizer Schauspiller.
- 11. September: Joachim Fuchsberger, däitsche Schauspiller an Entertainer.
- 12. September: Catherine Sola, franséisch Schaupillerin.
- 20. September: Polly Bergen, amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 20. September: Pino Cerami, belsche Vëlossportler.
- 30. September: Élina Labourdette, franséisch Schauspillerin.
- 30. September: Martin L. Perl, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- : 1. OktoberClaude Meintz, lëtzebuergeschen Archivist.
- : 4. OktoberJean-Claude Duvalier, haitianeschen Diktator.
- : 7. OktoberSiegfried Lenz, däitsche Schrëftsteller.
- 15. Oktober: Marie Dubois, franséisch Schauspillerin.
- 20. Oktober: René Burri, Schwäizer Fotograf.
- 28. Oktober: Michael Sata, President vu Sambia.
- : 2. NovemberAcker Bilk, engleschen Jazz-Klarinettist.
- Christiane Minazzoli, franséisch Schauspillerin. 2. November:
- : 6. NovemberManitas de Plata, franséische Gittarist.
- 10. November: Georges Parent, belsche Professer, Botaniker an Herpetolog.
- 11. November: Victor Kalmes, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Zwangsrekrutéierten an Historiker.
- 12. November: Léon Lambert, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Zwangsrekrutéierten.
- 19. November: Mike Nichols, US-amerikanesche Filmregisseur.
- : 3. DezemberJacques Barrot, franséische Politiker.
- Giulio Questi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 3. Dezember:
- : 5. DezemberFabiola de Mora y Aragón, Kinnigin vun de(r) Belsch.
- : 9. DezemberMary Ann Mobley, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 10. Dezember: Ralph Giordano, däitsche Schrëftsteller.
- 11. Dezember: Giorgio Ardisson, italieenesche Schauspiller.
- 13. Dezember: Ina Bauer, däitsch Äiskonschtleeferin a Schauspillerin.
- 16. Dezember: Théo Peffer, lëtzebuergeschen Auteur vu Gaarden- a Planzebicher.
- 17. Dezember: Maurice Duverger, franséische Jurist a Politikwëssenschaftler.
- 18. Dezember: Virna Lisi, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Udo Jürgens, éisträichesche Komponist a Sänger.
- 21. Dezember: Billie Whitelaw, englesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Joe Cocker, brittesche Rock a Blues-Sänger.
- 26. Dezember: Leo Tindemans, belsche Politiker.
- 30. Dezember: Luise Rainer, däitsch Schauspillerin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Sigma-Rapport
- ↑ Lëtzebuerg an de Cap Vert trenne sech 0-0 op rtl.lu (ofgeruf de 5. Mäerz 2014)
- ↑ 1:5 verléieren d'Rout Léiwe géint déi Rout Däiwelen op rtl.lu. De Match gouf nodréiglech vun engem Frëndschaftsmatch op en Trainingsmatch erofgestuft, well d'Belsch ee Mannze vill ausgetosch haten.
- ↑ De Lännermatch Italien-Lëtzebuerg vum 4. Juni 2014 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland vum 8. September 2014 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch Mazedonien-Lëtzebuerg vum 9. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Spuenien vum 12. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Ukrain vum 15. November 2014 op der Websäit eu-football.info