1976
Joer
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1972 |
1973 |
1974 |
1975 |
1976
| 1977
| 1978
| 1979
| 1980
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1976.
D'Joer 1976 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- 24. Januar: Äerdbiewe bei Muradiye, Tierkei, zirka 3.850 Doudeger
- : 2. AbrëllPortugal gëtt sech eng nei Verfassung.
- : Den 5. AbrëllJames Callaghan gëtt Premierminister vu Groussbritannien.
- 25. Abrëll: Parlamentswalen a Portugal, déi vun der sozialistescher Partei gewonne ginn.
- 20. Juni: Parlamentswalen an Italien.
- 27. Juni: Den António Ramalho Eanes gëtt President a Portugal.
- 10. Juli: Ekologesch Katastroph zu Seveso, Italien.
- 13. Juli: Den Giulio Andreotti gëtt Premierminister an Italien.
- 23. Juli: De Mario Soares gëtt Premierminister a Portugal.
- 25. August: De Raymond Barre gëtt Premierminister a Frankräich.
- : Bundestagswalen an Däitschland. 3. Oktober
- : Den 8. OktoberThorbjörn Fälldin gëtt Premierminister a Schweden.
- 17. November: A Spuenie gëtt per Gesetz d'Diktatur ofgeschaaft.
Lëtzebuerg
änneren- 30. Mee: Bei enger Serie vu Gasexplosiounen am Pafendall kommen 3 Leit ëm d'Liewen, iwwer 20 ginn der zum Deel schwéier blesséiert, an eng ganz Rëtsch Haiser zerstéiert oder onbewunnbar.
- 18. Dezember: 10.000 Leit bedeelege sech un engem Streik fir d'Vollbeschäftegung.
-
Erënnerungsplack un d'Affer vun der Gasexplosioun am Béinchen
Afrika
änneren- 16. Juni: Brutal Nidderschloen duerch Police an Arméi vun enger friddlecher Manifestatioun vu Schüler zu Soweto a Südafrika, déi géint d'Aféiere vun Afrikaans als Unterrechtsprooch protestéiert hunn (Opstand vu Soweto).
- 29. Juni: D'Seychellen ginn onofhängeg.
Amerika
ännerenUSA
änneren- : Duerch de 2. JuliSupreme Court gëtt an den USA d'Doudesstrof erëm agefouert (Affär Gregg vs. Georgia).
- : De 2. NovemberJimmy Carter (Demokraten) gëtt mat 50,1 % vun de Stëmmen (40,8 Milliounen) géint den Gerald Ford (Republikaner) 48 % (39,2 Milliounen) als US-President gewielt. (47 % Enthalungen).
Südamerika
änneren- 24. Mäerz: Putsch vum Generol Jorge Rafael Videla an Argentinien.
Asien
änneren- 2. Juli: Nord- a Südvietnam vereenege sech zu der Sozialistescher Republik Vietnam.
- 28. Juli: Äerdbiewen zu Tangshan a China: tëscht 650.000 (inoffiziell) a ronn 240.000 (offiziell) Doudeger.
Ozeanien & Pazifik
ännerenArabesch Welt
ännerenKonscht a Kultur
ännerenMolerei
ännerenLiteratur
ännerenMusek
änneren- : D'Grupp 3. AbrëllBrotherhood of Man gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Save Your Kisses for Me den 21. Eurovision Song Contest zu Den Haag.
Wëssenschaft an Technik
änneren- : De 1. AbrëllSteve Jobs an de Steve Wozniak grënnen d'Firma Apple.
- 20. Juli: Der onbemannter NASA-Sonde Viking I geléngt déi éischt erfollegräich Landung um Planéit Mars.
Sport
änneren- 4. - 15. Februar: Olympesch Wanterspiller zu Innsbruck.
- 24. Mee: De Muhammad Ali huet säi Boxkampf a Weltmeeschtertitel am Schwéiergewiicht géint de Richard Dunn an der Olympiahal zu München duerch technesche KO gewonnen.
- 17. Juli - 1. August: Olympesch Summerspiller zu Montréal a Kanada.
Foussball
änneren- D'Jeunesse Esch gewënnt den nationale Foussballchampionnat an d'Coupe de Luxembourg.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[1]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lier 0:3 géint Belsch.[2]
- 21. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Reykjavík 1:3 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[3]
- 22. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Helsinki, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:7 géint Finnland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Zender geschoss.[4]
- 16. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:4 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[5]
- 10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zur Déifferdeng 0:4 géint Belsch.[6]
Gebuer
änneren- Gustavo Gimeno, spuenesche Museker.
- : 4. JanuarAugust Diehl, däitsche Schauspiller.
- Patrick Schiltz, lëtzebuergesche Basketballspiller. 4. Januar:
- : 8. JanuarChristian Lavey, lëtzebuergeschen Zauberkënschtler.
- 14. Januar: Benoît Joachim, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 21. Januar: Emma Bunton, brittesch Sängerin.
- 23. Januar: Vincenzo Centrone, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 23. Januar: Roland Bosco, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- : 1. FebruarKatrín Jakobsdóttir, islännesch Politikerin.
- 17. Februar: Fred Neuen, lëtzebuergesche Filmproduzent.
- 24. Februar: Yuval Noah Harari, israeeleschen Historiker an Auteur.
- 25. Februar: Martine Schaul, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- : 1. MäerzMichéle Walerich, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- : 8. MäerzFreddie Prinze jr., US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Mäerz: Zhu Chen, chineesesch Schachgroussmeeschterin.
- 18. Mäerz: Malou Kerger, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Mäerz: Chester Bennington, Sänger vun der Band Linkin Park
- 21. Mäerz: Héloïse Bock, lëtzebuergesch Affekotin a Member vum Staatsrot.
- 25. Mäerz: Wladimir Klitschko, ukrainesche Boxer.
- 29. Mäerz: Marc Vanacker, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 3. AbrëllUlrika Babiaková, slowakesch Astronomin.
- 24. Abrëll: Juan Manuel Gárate, spuenesche Vëlossportler.
- 27. Abrëll: Paul Manderscheid, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 14. Mee: Tom Jungen, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- : 8. JuniNancy Weiland, lëtzebuergesch Molerin.
- 18. Juni: Maxim Alexandrowitsch Galkin, russesche Parodist an Entertainer.
- 24. Juni: Julija Borissowna Nawalnaja, russesch Ekonomistin an Aktivistin.
- : 3. JuliRalph Diseviscourt, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Juli: Nikolai Kinski, franséisch-US-amerikanesche Schauspiller.
- : 1. AugustIván Duque, kolumbianesche Politiker.
- : 4. AugustLinda Eischen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
- : 5. AugustYves Braun, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- : 6. AugustSonja Kmec, lëtzebuergesch Historikerin.
- 13. August: Laurent Felten, lëtzebuergeschen Organist an Cembalist.
- 15. August: Irina Mazjoukhina, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 25. August: Patricia Huijnen, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 26. August: Gaby Keilen, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 27. August: Mark Webber, F1-Pilot.
- 11. September: Marc Wilwert, lëtzebuergesche Fotograf.
- 24. September: Claude Lamberty, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. September: Michael Ballack, däitsche Foussballspiller.
- 27. September: Francesco Totti, italieenesche Foussballspiller.
- 18. Oktober: Dirk Bockel, lëtzebuergeschen Triathleet.
- 29. Oktober: Xu Yuhua, chineesesch Groussmeeschterin.
- : 2. NovemberRaquel Barreira, portugisesch Sängerin.
- : 5. NovemberDiane Becker, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 15. November: Virginie Ledoyen, franséisch Schauspillerin a Mannequin.
- 16. November: Pierre Hansen, lëtzebuergesche Museker, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 29. November: Chadwick Boseman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. November: Ville Valo, finnesche Rockmuseker (HIM).
- : 8. DezemberSandro Berettini, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- : 9. DezemberBooba, franséische Rapper.
- Sumo, däitsche Graffiti-Artist a Moler. 9. Dezember:
- 23. Dezember: Martine Anne Breisch, lëtzebuergesch Schauspillerin.
Gestuerwen
änneren- : 4. JanuarRudolf Minkowski, däitsch-amerikaneschen Astrophysiker.
- : 8. JanuarZhou Enlai, chineesesche Politiker.
- : 9. JanuarGermaine Michel, franséisch Filmschauspillerin.
- 12. Januar: Agatha Christie, brittesch Schrëftstellerin.
- 21. Januar: Josy Polfer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. Januar: Johannes Meyer, däitsche Filmregisseur.
- 17. Februar: Jean Servais belsche Schauspiller.
- : 1. FebruarWerner Heisenberg, däitsche Physiker an Nobelpräisdréier.
- Jules Prussen, lëtzebuergesche Philosophieprofesser. 1. Februar:
- : 4. FebruarPit Schneider, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 11. Februar: Lee J. Cobb, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Februar: Nicolas Huberty, lëtzebuergeschen Dokter a Resistenzler.
- 25. Februar: Paul May, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- ? Februar: Tommy Dallimore, britteschen Trompettist.
- : 1. MäerzAlbert Neumann, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- : 2. MäerzKirsten Heiberg, norwegesch Shauspillerin a Sängerin.
- 17. Mäerz: Luchino Visconti, italieenesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Nicolas Margue, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Mäerz: Bernard Montgomery, brittesche Feldmarschall.
- : 1. AbrëllMax Ernst, däitsche Moler, Dadaismus & Surrealismus.
- : 5. AbrëllHoward Hughes, US-amerikanesche Pilot, Fligerbauer, Filmproduzent a Misanthrop.
- 15. Abrëll: Nicolas Amato, franséische Schauspiller.
- 20. Abrëll: Arno Stoffels, lëtzebuergesche Moler.
- 21. Abrëll: Léonide Moguy, franséische Filmregisseur.
- 22. Abrëll: Jos Kirpes, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Abrëll: Carol Reed, brittesche Filmregisseur a -produzent.
- : 2. MeeJean Muller, lëtzebuergesche Resistenzler.
- : 9. MeeUlrike Meinhof, Journalistin a Matgrënnerin vun der Rouder Arméi Fraktioun.
- 24. Mee: Karl Hugo Wieslander, schweedesche Liichtathleet.
- 26. Mee: Martin Heidegger, däitsche Philosoph.
- 31. Mee: Jules Krüger, lëtzebuergesche Komponist.
- : 6. JuniJean Paul Getty, US-amerikaneschen Industriellen a Konschtmäzen.
- 13. Juni: Jos Koetz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juni: Joseph Wolter, lëtzebuergeschen Affekot a President vum 'Sequester'.
- : 7. JuliGustav Heinemann, däitsche Politiker.
- 18. Juli: Lucie Mannheim, däitsch Schauspillerin.
- 20. Juli: Guy de la Vasselais, franséische Colonel.
- 22. Juli: Rodolfo Zilli, italieenesche Moler a Sculpteur.
- 29. Juli: Jos Krecké, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- Théo Jeitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik. ? August:
- : 2. AugustFritz Lang, éisträichesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 5. AugustPierre Foucaud, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 10. August: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat.
- 17. August: Pierre Schmol, lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.
- 22. August: Juscelino Kubitschek, brasilianesche Politiker a Staatspresident.
- : 9. SeptemberMao Zedong, chineesesche Politiker.
- 10. September: Dalton Trumbo, US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Mathias Reckinger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 14. September: Emile Burggraff, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- : 1. OktoberGust van Werveke, lëtzebuergesche Journalist.
- 20. Oktober: Andrée Viénot, franséisch Politikerin.
- 25. Oktober: Raymond Queneau, franséische Schrëftsteller an Dichter.
- : 4. NovemberMassimo Dallamano, italieenesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. November: Jean Gabin, franséische Schauspiller.
- 16. November: Anna Madeleine ("Pepy") Beicht, lëtzebuergesch Musikspedagogin, Pianistin a Komponistin.
- 18. November: Man Ray, US-amerikanesche Fotograf a Moler.
- 23. November: André Malraux, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 23. November: Pierre Hemmer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 24. November: Ernest Wurth, lëtzebuergesche Moler a Jurist.
- 25. November: Will Ollinger, lëtzebuergeschen Architekt.
- 30. November: Fritz Rasp, däitsche Schauspiller.
- : 1. DezemberJane Marken, franséisch Schauspillerin.
- : 2. DezemberJane Marnac, belsch Schauspillerin.
- : 4. DezemberBenjamin Britten, englesche Komponist, Dirigent a Pianist.
- : 8. DezemberAlbert Borschette, lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
- 14. Dezember: Alphonse Willems, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 14. Dezember: Donald Howard Menzel, US-amerikaneschen Astronom an Ufolog.
- 22. Dezember: Paul Weber, lëtzebuergeschen Historiker a Schrëftsteller.
- 24. Dezember: Gianni Graglia, italieenesch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
Um Spaweck
ännerenCommons: 1976 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich de 27. Mäerz 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Island-Lëtzebuerg den 21. August 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Finnland-Lëtzebuerg den 22. September 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien de 16. Oktober 1976 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 10. November 1976 op der Websäit vun European Football