Op den Inhalt sprangen

Charles Auguste de Tornaco

Vu Wikipedia
Charles Auguste de Tornaco
Gebuer 12. Dezember 1763
Vervoz
Gestuerwen 10. Dezember 1837
Vervoz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen
Famill
Kanner Victor de Tornaco, Camille de Tornaco

De Baron Charles Auguste de Tornaco de Vervoz, gebuer[1] den 12. Dezember 1763 um Schlass vu Vervoz, bei Clavier, an och do gestuerwen den 10. Dezember 1837, war e lëtzebuergeschen Industriellen, a Politiker.

Hie war Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg vum 5. Abrëll 1811 bis de am Juni 1814.

Vun 1818 bis 1827 war hie Buergermeeschter zu Suessem wou d'Famill de Tornaco déizäit d'Hären um Schlass waren.

De Charles Auguste hat sech den 11. November 1800 zu Berloz mat der Elisabeth de Berlo-Suys (1775-1856) bestuet. D'Koppel hat dräi Kanner:

Fir un de Charles de Tornaco z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 10. Februar 1969 decidéiert, eng Strooss um Zens no him ze nennen: d'Rue Charles de Tornaco geet als Sakgaass vum Boulevard Charles Simonis a Richtung Süde fort[2].

Och zu Suessem ass eng Strooss no him genannt: d'Rue Baron de Tornaco.

Virgänger:
Jean-Baptiste Servais
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
1811 - 1814
Nofollger:
Bonaventure Dutreux-Boch

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. A-Z: Luxemburger illustrierte Wochenschrift, N° 35 vum 27. August 1939, S. 5 BNL
  2. Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 15.10.2024.
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy