Claude Haagen
Claude Haagen | |
---|---|
Gebuer |
18. Mee 1962 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Handballspiller |
Partei | LSAP |
De Claude Haagen, gebuer den 18. Mee 1962 zu Dikrech, ass e lëtzebuergeschen Enseignant, Politiker (LSAP).
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hie war vun 2001 bis 2005 Buergermeeschter vun der Gemeng Dikrech, dono war hien, bis 2011, Member vum Dikrecher Gemengerot, an dann nees vun 2011[1] (2017 erëmgewielt[2]) bis Enn 2021, Buergermeeschter.
Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war de Claude Haagen Kandidat op der LSAP-Lëscht fir den Nord-Bezierk. Hien ass an d'Chamber 'nogeréckelt', nodeem de Romain Schneider zum Minister ernannt gi war. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien erëmgewielt, a bei deene vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember nees fir de Romain Schneider 'nogeréckelt'.[3]
De 5. Januar 2022 ass hien erëm eng Kéier fir de Romain Schneider 'nogeréckelt', ma ewell an d'Regierung, wou en dem Schneider, deen zeréckgetruede war, seng Portefeuillë Landwirtschaft a Sozialversécherung iwwerholl huet.[4]
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt.[5]
Hie war ausserdeem vu Mäerz 2014[6] bis Januar 2019 Parteipresisdent vun der LSAP.[7]
Sportlech Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1982 war de Claude Haagen fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 65-mol an der Nationalekipp gespillt, an huet 29 Goler geschoss[8].
Vun 2010 bis 2018 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme[9].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Claude Haagen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Arrêté grand-ducal du 28.10.2011
- ↑ "Claude Haagen bleift Buergermeeschter." rtl.lu, 8.10.2017, 16:24:01.
- ↑ Actualité of chd.lu.
- ↑ "Les nouveaux ministres prêteront serment le 5 janvier." paperjam.lu, 30.12.2021,
- ↑ elections.lu.
- ↑ "LSAP: Claude Haagen neie Parteipresident." rtl.lu, 30.03.2014, 18:26:15.
- ↑ "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 29.06.2017. Gekuckt de(n) 29.06.2017.
- ↑ Stéphanie Empain ouni Géigekandidatur als Presidentin gewielt op rtl.lu den 1. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 3. Dezember 2018