Op den Inhalt sprangen

Fornax (Stärebild)

Vu Wikipedia
Date vum Stärebild Fornax
Lëtzebuergeschen Numm Cheemeschen Uewen
Laténgeschen Numm Fornax
Laténgesche Geenitiv Fornacis
Laténgesch Ofkierzung For
Rektaszensioun 1h 40m bis 3h 40m
Deklinatioun -23° bis -39°
Fläch 398 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegrad 50° Nord bis 90° Süd
Bescht Observatiounszäitraum
Spéithierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
α Fornacis
3.87
Meteorstréim keng
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Cetus

Sculptor
Phoenix
Eridanus

Kaart vum Stärebild Fornax

De Fornax ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Fornax ass en onschäinbaart Stärebild, dat sech aus liichtschwaache Stären zesummesetzt. Nëmmen ee Stär erreecht déi 3. Gréissteklass. D'Stärebild ass zum gréissten Deel vum ausgedeenten Eridanus ëmginn.

De Fornax ass vollstänneg nëmme südlech vum 47 Grad Breetekrees (am Spéithierscht déif iwwer dem Horizont) an um Südhimmel ze gesinn.

Am Stärebild ass de Fornax-Galaxiëkoup, deen 18 Galaxien huet. Mat enger Distanz vu ronn 60 Millioune Liichtjoer ass en no dem Virgo-Galaxiëkoup den zweetnooste Galaxiëkoup zur Äerd.

Am Fornax ass och d'Fornax-Zwerggalaxie. Si gehéiert allerdéngs net zum Fornax-Galaxiëkoup, mä ass mat nëmme 450.000 Lichtjoer Distanz e Member vun der Lokaler Grupp, zu där och eis Mëllechstrooss gehéiert.

D'Stärebild gouf am Joer 1756 ënner dem Numm „Fornax chemica“ vum Nicolas Louis de Lacaille zu Éiere vum Cheemiker Antoine Laurent de Lavoisier agefouert. De Johann Elert Bode huet et a sengem Stärekatalog „Uranographia“, iwwerholl als „Apparatus chemicus“.

Tëscht de Joren 2003 an 2004 huet d'Hubble-Weltraumteleskop an engem relativ stärenaarme Beräich am Fornax d'Hubble Ultra Deep Field opgeholl. D'Fotoe weisen ongeféier 9.500 Galaxien, woubäi déi wäitst eng Routverrécklung vu ronn 7 opweisen.

Himmelsobjeten

[änneren | Quelltext änneren]
B F Nimm ab aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 3,80m 40 F7 + G7
β 4,45m 200 G7 III
ν 4,45m
ω 4,96m
δ 4,99m
φ 5,13m
κ 5,19m
μ 5,27m
π 5,34m
γ2 5,13m
η3 5,48m
ρ 5,52m
ζ 5,69m
χ2 5,71m
ι1 5,74m
λ2 5,78m
ι2 5,13m
ε 5,88m
λ1 5,91m
σ 5,91m
η2 5,92m
ψ 5,93m

De β Fornacis ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Stär, dee giel liicht mat der Spektralklass G7.

Objet Gréissten Ofstand
α 3,9m/5,8m 5,2"
ω 4,9m/7,9m 10,8"

Den α Fornacis, den hellste Stär am Fornax, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 40 Liichtjoer. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen F7 a G7.

NGC divers Gréisst Typ Numm
1360 8m Planetareschen Niwwel
MCG -06-07-001 9,3m Galaxie Fornax-Zwergalaxie
1316 8,2m Galaxie
1344 Galaxie
1350 Galaxie
1365 9,3m Galaxie
1374 Galaxie
1381 Galaxie
1380 Galaxie
1387 Galaxie
1398 Galaxie
1399 8,8m Galaxie
1404 Galaxie
1425 Galaxie

Am Fornax ass den NGC 1360, mat engem Duerchmiesser vun 390 Bousekonnen, ee vun de gréisste Planetareschen Niwwelen.

D'Fornax-Zwerggalaxie huet eng kleng Flächenhellegkeet, a gouf dofir eréischt am Joer 1938 vum Harlow Shapley op fotografesche Plakken entdeckt.

14 Membere vum Fornax-Galaxiëkoup si méi hell wéi 11,5m an doduerch schonn am Amateur-Teleskop gutt ze gesinn.

Portal Astronomie

Commons: Fornax – Biller, Videoen oder Audiodateien
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy