Op den Inhalt sprangen

Heath Ledger

Vu Wikipedia
Heath Ledger
Gebuertsnumm Heathcliff Andrew Ledger
Gebuer 4. Abrëll 1979
Perth
Gestuerwen 22. Januar 2008
Manhattan
Nationalitéit Australien
Educatioun Guildford Grammar School
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmregisseur, Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Schauspiller
Famill
Liewenspartner(in) Michelle Williams
Papp Kim Ledger
Mamm Sally Ramshaw
Kand Matilda Ledger

Den Heath Ledger, gebuer als Heathcliff Andrew Ledger de 4. Abrëll 1979 zu Perth, a gestuerwen den 22. Januar 2008 zu New York City, war en australesche Schauspiller.

Zu senge bekannte Filmer zielen The Patriot, A Knight's Tale, Brokeback Mountain an The Dark Knight, wou en d'Roll vum Joker spillt.

Hien ass gestuerwe well hien ze vill verschidde Medikamenter, virum Schlofegoen ageholl hat.


Hie gouf als zweet Kannd vun der Sally Ledger Bell (gebuer Ramshaw) a vum Kim Ledger am Subiaco Hospital zu Perth gebuer. Seng Mamm, eng Franséischprof, staamt aus Schottland, säi Papp, e Biergaarbechter a Cpirsseautppilot, aus enger respektabeler Schmelzhärefamillvu Perth.

Den Heath (Heathcliff) Ledger a seng eeler Schwester Katherine goufen no den zwéin Haaptpersonnage aus der Mamm hirem Lieblingsbuch Wuthering Heights vun der Emily Brontë benannt.

Den Heath Ledger ass am Ufank an d'Marys Mount Primary School zu Gooseberry Hill gaangen an dono an d'Guilford Grammar School wou e Member vum Theaterclub war.

1989, wéi en 10 Joer al war, hu seng Eltere sech scheede gelooss. Seng Mamm huet dorophin de Rodger Bell bestuet an säi Papp d'Emma Brown. 1989 an 1997 goufen dem Ledger seng zwou Hallefschwësteren Ashleigh Bell an Olivia Ledger gebuer

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Commons: Heath Ledger – Biller, Videoen oder Audiodateien
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy