Horace Parnell Tuttle
Horace Parnell Tuttle | |
---|---|
Gebuer | 17. Mäerz 1837 |
Gestuerwen |
16. August 1923 Washington |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Astronom |
Den Horace Parnell Tuttle, gebuer de 24. Mäerz 1837, a gestuerwen am August 1923, war en US-amerikaneschen Astronom.
Am Joer 1857 gouf den Tuttle Assistent um Harvard College Observatoire. Hien huet e puer Koméiten entdeckt a war och Matentdecker vum Koméit Swift-Tuttle. Doriwwer eraus huet den Tuttle d'Asteroide Maja a Klytia entdeckt.
Am Joer 1862 huet hien den Harvard Observatoire verlooss, an huet néng Méint um amerikanesche Biergerkrich deelgeholl, wou hie Keessjee war. Duerno war hie bei der United States Navy beschäftegt an huet u ville geographesche Missiounen deelgeholl.
Vun 1884 un huet hie seng Aarbecht als Astronom nees ugefaangen an huet um U.S. Naval Observatory zu Washington D.C. geschafft.
Den Asteroid (5036) Tuttle ass no him genannt ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Horace Parnell Tuttle – Biller, Videoen oder Audiodateien |