Institut de France
Den Institut de France ass eng wëssenschaftlech Vereenegung a Frankräich mat Sëtz am Collège des Quatre Nations zu Paräis. Et gouf no der Opléisung vun de kinneklechen Akademië wärend der Franséischer Revolutioun am Joer 1795 als Institut National des Sciences et Arts als Daachorganisatioun an iewescht Organ vun den neien, elo staatlechen Akademien gegrënnt a vereent haut fënnef Organisatiounen:
- Académie française (1634 gegrënnt vum Richelieu)
- Académie des Beaux-Arts (1648 als Académie royale de peinture et de sculpture gegrënnt, dacks ëmbenannt, 1803 nei gegrënnt)
- Académie des Inscriptions et Belles-Lettres (1663 als „Petite Académie“ aus der Académie française erausgaangen)
- Académie des sciences (1666 als kinneklech Akademie gegrënnt)
- Académie des sciences morales et politiques (1832 gegrënnt)
Un der Spëtzt vum Institut de France steet als President de Rektor vun der Académie française.
Den Institut de France gëtt vu Privatentreprisen an Eenzelpersoune gesponsert a gëtt all Joer Publikatiounen iwwer d'Akademien an déi wëssenschaftlech Gesellschaften eraus. Besonnesch gefleegt gëtt déi naturwëssenschaftlech a naturgeschichtlech Fuerschung vum Collège de France a vum Musée national d'histoire naturelle.
Den Institut de France gëtt och en ettlech Präisser eraus, dorënner den Osiris-Präis, den D'Animale-Präis an de Jaffe-Präis.
Kulturgutt vum Institut de France an den ungeschlossenen Akademien
[änneren | Quelltext änneren]Den Institut de France an déi him ugeschlossen Akademië verwalten dës Stëftungen:
- Institut de France:
- zanter 1884 d'Stëftung d'Aumale: Schlass Chantilly mat sengem Domän, dem Musée Condé an dem Musée Vivant du Cheval zu Chantilly
- zanter 1904 d'Stëftung Siegfried: Schlass Langeais zu Langeais
- zanter 1905 d'Stëftung Dosne-Thiers: Hôtel particulier Dosne-Thiers a seng Bibliothéik zu Paräis
- zanter 1912 d'Stëftung Jacquemart-André: Hôtel particulier Jacquemart-André an de Museum zu Paräis
- zanter 1912 d'Stëftung Jacquemart-André: Abbaye royale de Chaalis an hiren Domän zu Fontaine-Chaalis
- zanter 1919 d'Stëftung Edmond de Rothschild: Haus vum Institut de France zu London (am Zweete Weltkrich zerstéiert an zanter 1952 op enger anerer Adress zu London)
- zanter 1928 d'Stëftung Astor: Manoir an Domän vu Kerazan zu Loctudy
- zanter 1928 d'Stëftung Théodore Reinach: Villa Kerylos zu Beaulieu-sur-Mer
- zanter 1997 d'Stëftung André Bussinger: Schlass Braux-Sainte-Cohière zu Braux-Sainte-Cohière
- Académie française:
- Académie des beaux-arts:
- zanter 1932 d'Stëftung Paul Marmottan: Musée Marmottan Monet zu Paräis a Bibliothèque Marmottan zu Boulogne-Billancourt
- zanter 1934 d'Stëftung Ephrussi de Rothschild: Villa Ephrussi de Rothschild zu Saint-Jean-Cap-Ferrat
- zanter 1966 d'Stëftung Claude Monet: Haus Claude Monet zu Giverny
- Académie des sciences:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Institut de France – Biller, Videoen oder Audiodateien |