Op den Inhalt sprangen

Literaturpräis vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia

De Literaturpräis vun der Europäescher Unioun ass e Literaturpräis, deen zanter 2009 vun der Europäescher Kommissioun (EU Kulturprogramm), der Fédération des libraires européens, der Fédération des associations européennes d'écrivains an der Fédération des éditeurs européens vergi gëtt fir nei Talenter ze wierdegen an d'Diffusioun vun hire Bicher an aneren europäesche Länner z'encouragéieren, an domat d'literaresch a d'kulturell Diversitéit an Europa z'ënnersträichen.

Bei enger dräijäreger Rotatioun vun de Länner déi Kandidate kënne proposéieren, ka sou all drëtt Joer en Auteur aus engem vun de 35 Länner, déi matmaachen, de Präis gewannen.

Ënner den 11 Laureaten 2010 war de Jean Back fir säi Wierk Amateur[1].

2013 war den Tullio Forgiarini de Lëtzebuerger Laureat, fir säi Roman Amok, Eng Lëtzebuerger Liebeschronik[2].

Am Abrëll 2016 krut de Gast Groeber de Präis fir säi Buch All Dag verstoppt en aneren[3].

De 6. November 2018 goufen zu Wien déi zwéi Lëtzebuerger Jean Back a Gast Groeber ex aequo mam Präis vun den Europadeputéierten ausgezeechent[4].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "L'auteur Jean Back lauréat luxembourgeois du Prix européen de la littérature." luxembour.public.lu, 06-10-2010.
  2. "Europäesche Literaturpräis 2013 fir den Tullio Forgiarini." RTL.lu - 27.09.2013, 10:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.09.2013, 16:28.
  3. Gast Groeber erhält Europäischen Literaturpreis op wort.lu vum 5. April 2016
  4. European Prize of Literature - Jean Back a Gast Groeber zu Wien ausgezeechent op rtl.lu de 6. November 2018
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy