NGC 1851
Ausgesinn
Ultraviolettfotographie vum NGC 1851, opgeholl vum GALEX | |
Stärebild |
Columba (Col) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 05h 14m 06,3s |
Deklinatioun | - 40° 02′ 50″ |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | F7 |
Wénkelduerchmiesser | 11' |
Physikalesch Donnéeën | |
Gehéiert zu |
Mëllechstrooss (Canis-Major-Zwerggalaxie) |
Distanz (Lj) | zirka 12.000 PC |
Routverrécklung | +0,001071 ± 0,000003 |
Radialvitess | (+320,9 ± 1,0) |
Geschicht | |
Entdecker | James Dunlop |
Entdeckungsdatum | 10. Mee 1826 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
0512-400 | |
GC | 1061 |
h | 2777 |
NGC | 1851 |
ESO | 305-SC16 |
GCl | 9 |
Dun | 508 |
Den NGC 1851 ass d'Bezeechnung vun engem Kugelstärekoup am Stärebild Columba (Dauf). Den NGC 1851 huet en Duerchmiesser vun 11 Bouminutten. Dëse Koup, deen nëmme vu Südeuropa oder a südleche Breeten ze gesinn ass, ass ee vun de wéinege Kugelstärekéip um Wanterhimmel. Dës Tatsaach krut zousätzlech Brisanz duerch d'Entdeckung vun der Canis-Major-Zwerggalaxie am Joer 2003. Genee wéi de Messier 79 an den NGC 2808 schéngt dëse Stärekoup säin Urspronk net am Mëllechstroossesystem ze hunn, mä gouf zesumme mat der Zwerggalaxie agefaangen.
Den NGC 1851 gouf am Joer 1826 vum schotteschen Astronom James Dunlop entdeckt.