Optioun
Optioun kënnt vum laténgeschen optio (d'Recht ze wënschen).
Am Finanzsecteur ass eng Optioun e Recht dat op enger Bourse gehandelt gëtt. De Präis, deen de Keefer fir eng Optioun bezilt, gëtt Prime genannt. Duerch déi Prime kritt de Besëtzer d'Recht vum Verkeefer, an engem festgeluechten Zäitraum, eng bestëmmt Zuel vun Aktien oder vun enger anerer Wuer, zu engem fixéierte Basispräis ofzekafen oder ze verkafen. De Verkeefer huet d'Flicht dat Recht z'erfëllen. D'Optioune ginn op spezialiséierten Optiouns- an Termäinboursë kotéiert. Déi bekanntst an Amerika ass d'CBOE (Chicago Board Options Exchange) , an Europa ass et d'Eurex . Wann d'Recht nom Verfallsdatum net ausgeübt ginn, huet d'Optioun kee Wäert méi.
Déi verschidden Zorten
[änneren | Quelltext änneren]Eng Kafsoptioun gëtt “Call” genannt. (to call = ofruffen)
Eng Verkafsoptioun heescht “Put”. (to put away = ofginn)
Amerikanesch an europäesch Optiounen ënnerscheede sech duerch den Zäitpunkt, wärend deem de Besëtzer säi Recht kann ausüben. Bei der amerikanescher ass dat wärend der ganzer Period, bei der europäescher nëmmen um Verfallsdatum.
Optioune lafen iwwer Wuere wéi Aktien, Obligatiounen, Wäertpabeierkierf (baskets), Wärungen, Aktien- a Réistoffindexen, Eedelmetaller, Réistoffer….
Handelstrategien
[änneren | Quelltext änneren]D'Optioune ginn vun Investisseuren aus verschiddene Grënn gehandelt. Fir verschiddener ass et eng Méiglechkeet ze spekuléieren a fir anerer, fir hire Portefeuille ofzesécheren.
Bei enger Kafoptioun
[änneren | Quelltext änneren]am Fall vum Keefer Long Call an am Fall vum Verkeefer Short Call genannt.
De Keefer spekuléiert datt d'Wuer, déi der Optioun ënnerläit, an der Zukunft u Wäert zouhëlt. Läit hie richteg dann ass säi Gewënn d'Differenz tëscht dem Basispräis an dem Cours op der Bourse. Entweeder freet hien d'Liwwerung vun der Wuer vum Verkeefer zum ofgemaachte Präis a verkeeft si zu deem méi deiere Präis op der Bourse oder hie verkeeft einfach d'Optioun déi am Wäert eropgaangen ass op der Bourse. Wann de Wäert vun der Wuer awer ofhëlt oder net variéiert, da riskéiert hien de ganzen Akafspräis ze verléieren. Säi Risiko ass also op den Akafspräis an op déi verbonne Käschte limitéiert.
De Verkeefer setzt drop datt de Präis vun der Wuer stagnéiert oder fält. Hien hofft domat seng Wuer ze behalen a gläichzäiteg säi Wäertpabeierdepot duerch d'akasséiere vun der Prime ze rentabiliséieren. Wann de de Präis awer klëmmt, dann ass hie verflicht d'Wuer zum ofgemaachten niddrege Präis ze liwweren. Säi Verloscht ass d'Differenz zum méi héije Präis vun der Bourse plus d'Käschten. Säi Verloschtrisiko ass domat onbegrenzt. Fir engem ze grousse Verloscht z'entgoen, kann hie sengersäits eng Kafoptioun mat de selwechte Charakteristike kafen.
Bei enger Verkafsoptioun
[änneren | Quelltext änneren]am Fall vum Keefer Long Put , an am Fall vum Verkeefer Short Put genannt.
De Keefer spekuléiert wett, datt d'Wuer déi der Optioun ënnerläit an Zukunft u Wäert verléiert. Hien huet dann d'Recht vum Verkeefer ze verlaangen, datt hien him d'Wuer zum ofgemaachte méi héije Präis ofkeeft. Fir säi Gewënn ze kasséiere geet hien d'Wuer zum niddereche Präis akafen an de Boni ass d'Differenz oder méi einfach hie verkeeft seng Optioun déi am Wäert zougeholl huet op der Bourse.
De Verkeefer ass der Meenung, datt de Präis vun der Wuer klëmmt. Hien huet d'Flicht op Demande hi vum Keefer, d'Wuer, zum an der Optioun fixéierte Präis, ofzekafen. Bei méi nidderegem Boursepräis vun der Wuer ass säi Verloscht bal onbegrenzt. Fir säi Verloscht ze begrenzen huet hien d'Méiglechkeet eng änlech Verkafsoptioun op d'Bourse kafen ze goen.