Oswald Veblen
Ausgesinn
Oswald Veblen | |
---|---|
Gebuer | 24. Juni 1880 |
Gestuerwen | 10. August 1960 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Harvard Universitéit, University of Chicago, University of Iowa |
Aktivitéit | Mathematiker, Topolog, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Royal Society of Edinburgh, Accademia Nazionale dei Lincei |
Den Oswald Veblen, gebuer de 24. Juni 1880 zu Decorah, Iowa, a gestuerwen den 10. August 1960 zu Brooklyn, Maine, war en US-amerikanesche Mathematiker.
Am Joer 1903 huet en un der University of Chicago mat der Aarbecht A System of Axioms for Geometry promovéiert. 1905 gouf e Mataarbechter vun der Princeton Universitéit.
De Veblen huet wäertvoll Bäiträg geliwwert an der Topologie, der Projektiver Geometrie an der Differentialgeometrie.