Tawioun
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Postcode | 2612 |
Koordinaten | 49°36'59,15"N, 6°9'8,57"O |
Morphologie | |
Längt | 1.465 m |
Héicht i. M. | 320 m |
Den Tawioun (och alt Tavioun[1]) ass eng Strooss, déi an der Stad Lëtzebuerg d'Neiduerf mam Zens verbënnt.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Neiduerfer Strooss am Neiduerf aus, geet den Tawioun op 249 Héichtemeter fort, leeft de Bierg aus a stéisst um Zens op enger Héicht vun 324 m ëstlech vum Fetschenhaffer Kierfecht op d'Tréierer Strooss.
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm vun der Strooss geet op den Oktavian zeréck, e Bouf vum Péiter Ernest vu Mansfeld a senger zweeter Fra, der Marie de Montmorency.
De Mansfeld hat eng ronn 5 km laang Mauer ronderëm den Déieregaart baue gelooss, deen zu sengem Schlass gehéiert huet. An der Mauer waren e puer Paarten an eng dovu war d'Porta Octaviani. Déi genee Plaz wou se stoung ass net gewosst, awer verschidden Historiker[2] situéiere s'um Fetschenhaff.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tawioun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?, Ons stad 80/2005, S. 19
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ fréier Schreifweis
- ↑ Jemmy Koltz, François Lascombes