Op den Inhalt sprangen

Avenue Monterey

Vu Wikipedia
Avenue Monterey
Numm fr: Avenue Monterey
Fréieren Numm fr: Rue du Génie[1]
de: Montereyallee
Deel vun N5
Längt ca. 705 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2163
Koordinaten 49° 36’ 37.3’’ N
      06° 07’ 27.6’’ O
Genannt no Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca

D'Avenue Monterey ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank um süd-westlechen Eck vun der Plëss a verleeft dann a Richtung Weste bis op d'Kräizung mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Den éischten Deel bis bei d'Postgebai ass Foussgängerzon; vum Boulevard Royal un ass se den éischten Deel vun der N5 déi bis op Rodange viru geet.

D'Strooss ass benannt nom Grof vu Monterrey, deen tëscht 1670 a 1675 Generalgouverneur vun de Spueneschen Nidderlande war a 1671 d'Festung Lëtzebuerg ausbaue gelooss huet[2].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Montereyallee”[3].

Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:

Commons: Avenue Monterey – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Deel tëscht der Rue Aldringen an der Rue Philippe II. Clesse, R., "Geschichtsschreibung mit der Kamera: Die ersten Photographen unserer Hauptstadt". Ons stad Nr 45, 1994
  2. Evy Friedrich, Henri Beck 1988. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 27: 34
  3. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy