Neufchâteau (Dalhem)
Ausgesinn
Neufchâteau | |
---|---|
D'Kierch Saint-Laurent vun Aubin-Neufchâteau | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Gemeng | Dalhem |
Fläch | 880 |
Koordinaten |
50° 43’ 11’’ N 05° 46’ 35’’ O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 460 |
Neufchâteau ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Dalhem an der Provënz Léck. Et ass mat 879ha 66a 52ca déi gréisst vun den 8 Sektiounen an der Gemeng. Neufchâteau hat Enn 2007 854 Awunner.
Et ass eng al Uertschaft mat schmuele Stroossen, déi ganz am Westhank ënner dem Lieu-dit Aubin läit, op deem d'Festungswierk Fort d'Aubin-Neufchâteau steet.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- d'Schlass vu Wodémont,
- d'Schlasskapell, an natierlech
- de Fort d'Aubin op der Kopp.
Op der Place des Combattants steet e Mémorial vum 740th Tank Battalion als Ërennerung un déi gefalen Zaldoten an der Ardennerschluecht, an als Merci un d'Awunner vun Neufchâteau, déi den amerikaneschen Zaldoten an där Zäit gehollef hunn.
Et gëtt och ee Musée du Fort d'Aubin an deem Militärmaterial aus den zwéi Weltkricher ausgestallt ass, a Material vum Roude Kräiz aus där Zäit.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Neufchâteau (Dalhem) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-
De westlechen Deel vum Schlass
-
Den Tuerm vum Schlass
-
De Wopen um Schlass
-
Detail vum Schlass