Op den Inhalt sprangen

Dalhem (Belsch)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Dalhem an der Provënz Léck. Fir aner Begrëffer mam Numm Dalhem, kuckt wgl. Dalhem.
Dalhem
De Wichet de la Rose an der Uewerstad
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Awunner 7.331 (2017)
Fläch 3 705,8286 ha
Fläch vun der Sektioun 225,0191 ha
Koordinaten 50° 42’ 48’’ N
      05° 43’ 22’’ O
Telefonszon 04
Postcode 4607
Websäit http://www.dalhem.be

Dalhem op Wallounesch Dålem ass eng belsch Gemeng a Wallounien, an der Provënz Léck. Se gehéiert och zur natierlecher Regioun Pays de Herve. Administrativ gehéiert d'Gemeng zum Arrondissement Léck, Justizméisseg gehéiern all d'Sektiounen zum Geriichtsbezierk Léck, mat Ausnam vun Neufchâteau dat zu Verviers gehéiert.

D'Verwaltungsgebai vun der Gemeng steet an der Sektioun Berneau. Et ass dat fréiert Paschtoueschhaus nieft dem Schlass de Borcht, dat de leschte Schlasshär de P.E. de Borchgrave, der deemoleger Gemeng Berneau 1921 verkaaft hat.[1]

Sektiounen an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Berneau, Bombaye, Dalhem, Feneur, Mortroux, Neufchâteau, Saint-André a Warsage.

Ëm 1076 huet de Pfalzgrof Hermann II. op der Kopp vun Dalhem eng kleng Buerg opgeriicht fir de Limburger Grofen de Bass ze halen. D'Lännereie ronderëm verdeele sech op Kapitele vu Saint-Lambert vu Léck, St. Servaas vu Maastricht an d'Doumkapitel vun Oochen, souwéi op d'Herzogtum Limburg, an d'Härschafte vu Valkenburg an Herzogenrath. Den Numm vun Dalhem daucht fir d'éischt an Dokumenter iwwer de Successiounskrich am Herzogtum Loutrengen op.

Am 12. Joerhonnert koum d'Buerg an de Besëtz vun de Grofe vun Are an duerno huet se deene vun Hochstaden gehéiert. 1244 koum Dalhem grad wéi déi aner 2 Härschafte vum Pays d'Outre-Meuse ënner d'Härschaft vum Herzogtum Brabant. Géint 1370 wéi d'Brabänner am Krich mat de Lécker waren, haten déi d'Grofschaft ausgeraibert. 1396 huet d'Herzogin Jeanne vu Brabant dem Burgunder Philipp dem Kéngen d'Grofschaft iwwerlooss.

Bekannt Persounen

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Dalhem (Belsch) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Informatioun bezitt sech op follgend Quellen: Société royale archéo-historique de Visé et sa région, Berneau les Rendez-vous de l'histoire (1994).; Ministère de la communauté française, Le patrimoine monumental de la Belgique Léck (1980); Blondeau, Christel, Dalhem, huit villages, huit passés (1997).
pFad - Phonifier reborn

Pfad - The Proxy pFad of © 2024 Garber Painting. All rights reserved.

Note: This service is not intended for secure transactions such as banking, social media, email, or purchasing. Use at your own risk. We assume no liability whatsoever for broken pages.


Alternative Proxies:

Alternative Proxy

pFad Proxy

pFad v3 Proxy

pFad v4 Proxy