Trooz
Ausgesinn
Trooz | |
---|---|
Groussstrooss mat der Steekaul | |
An anere Sproochen | wa: Li Trô |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Awunner | 7.634 (2004) |
Fläch | 2 400 ha |
Koordinaten |
50° 34’ 42’’ N 05° 40’ 24’’ O |
Telefonszon | 04 |
Postcode | 4870 |
Websäit | http://www.trooz.be |
Lag vun der Gemeng (rout) an der Provënz Léck (hellgro) am Arrondissement Léck (donkelgro) | |
Trooz, op Wallounesch Li Trô, ass eng belsch Gemeng an der wallounescher Regioun, an der Provënz Léck, an am Arrondissement Verviers. D'Gemeng ass 1977 bei de Gemengefusiounen entstane wéi Forêt, Fraipont an Nessonvaux fusionéiert hunn. D'Uertschaft Trooz déi der Gemeng den Numm ginn huet, huet virdrun zu der fréierer Gemeng Forêt gehéiert.
D'Gemeng verdeelt sech iwwer en Deel vum Dall vun der Vesdre an d'Heichte riets a lénks dervun.
Trooz ass un de Verkéier iwwer d'Nationale 61 an Eisebunnslinn 37 (Léck-Verviers) ugeschloss.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Trooz – Biller, Videoen oder Audiodateien |